Guy Rewenig

Vu Wikipedia
Guy Rewenig
Pseudonym Juanita Banana, Tania Naskandy, United Guys
Gebuer 31. August 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer
Famill
Papp Marcel Rewenig

De Guy Rewenig, gebuer den 31. August 1947 zu Lëtzebuerg, war bis 1984 Schoulmeeschter an ass zanterhier fräie Schrëftsteller. 2005 krut en de Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Guy Rewenig ass an der Stad, zu Gaasperech an zu Zéisseng, opgewuess, an huet am Kolléisch d'Première gemaach. Hien huet zu Walfer fir Schoulmeeschter geléiert an huet dëse Beruff fir d'éischt zu Beetebuerg, duerno, vun 1971 un, zu Esch-Uelzecht gemaach. 1984 ass en op Nouspelt geplënnert, wou en zanterhier als fräie Schrëftsteller lieft.

1974 war hien e Grënnungsmember vun der ASTI. 2000 huet en zesumme mam Roger Manderscheid de Verlag Éditions Ultimomondo gegrënnt.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1963 un huet de Guy Rewenig éischt Filmkritiken am Luxemburger Wort publizéiert. 1970 ass säin éischt Theaterstéck Interview, erauskomm, am selwechte Joer e Band mat Erzielungen, Als der Feigenbaum verdorrte. Zanter 1973 schreift hien och Kannerliteratur; säi Buch Muschkilusch, dat 1980 erauskoum, ass aachtmol nei opgeluecht ginn.

1985 huet de Rewenig säin éischte Roman op Lëtzebuergesch, Hannert dem Atlantik, publizéiert. Hie schreift bis haut op Däitsch, Lëtzebuergesch a Franséisch. Hien huet als fräie Mataarbechter Artikelen an Zeitungen an Zäitschrëfte verëffentlecht, ë. a. am Tageblatt, Lëtzebuerger Land, Alternativ, Perspektiv, Gréngespoun a Forum. Dacks waren dat zäitkritesch, satiresch Texter, an deenen de Rewenig sozial a politesch Mëssstänn thematiséiert huet an d'Liewen an d'Mentalitéiten zu Lëtzebuerg kommentéiert huet.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

Gedichter[änneren | Quelltext änneren]

  • Kampfmaschine, 1973, Eegeverlag
  • Zabbazzillo, 1997, Éditions PHI -Philou

pockolibri[änneren | Quelltext änneren]

Cabaret[änneren | Quelltext änneren]

Theaterstécker déi gespillt goufen[änneren | Quelltext änneren]

Theaterstécker déi net gespillt goufen[änneren | Quelltext änneren]

Theater fir Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Texter fir Kanner[änneren | Quelltext änneren]

  • Muschkilusch
  • Zebra Tscherri
  • Schallümmo

Gielercher (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur iwwer de Guy Rewenig[änneren | Quelltext änneren]

Literatur iwwer d'Tania Naskandy[änneren | Quelltext änneren]

  • Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 91-95

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guy Rewenig – Biller, Videoen oder Audiodateien