Roger Manderscheid
Roger Manderscheid | |
---|---|
Gebuer |
1. Mäerz 1933 Izeg |
Gestuerwen |
1. Juni 2010 Lëtzebuerg |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Schauspiller |
Member vun | Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
De Roger Manderscheid, gebuer den 1. Mäerz 1933 zu Izeg, a gestuerwen den 1. Juni 2010[1] war e lëtzebuergesche Schrëftsteller. Hien huet op Däitsch a Lëtzebuergesch Romaner, Gedichter, Theaterstécker, Lauschterspiller, Dréibicher an Erzielunge geschriwwen a war och als Zeechner aktiv.
Bekannt gouf e virun allem fir säin Dréibuch vu Stille Tage in Luxemburg (1973), e Portrait vun der Stad Lëtzebuerg, an deem e mat kriteschen an ironesche Commentairen net gespuert huet an dat dofir fir munnech Kritik gesuergt huet, a fir seng Romantrilogie Schacko Klak - De Papagei um Käschtebam - Feier a Flam (1988-1995), eng Zort Bildungsroman-Serie, an där d'Kandheet an d'Jugend vum Haaptpersonnage Christian Knapp erzielt gëtt, an déi munnech autobiographesch Elementer opweist.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Roger Manderscheid ass den 1. Mäerz 1933 zu Izeg als Bouf vun engem Woner a Schräiner gebuer an huet do seng Kandheet a Jugend verbruecht.[2]
Vun 1946-1952 goung de Roger Manderscheid an de Stater Kolléisch, an no sengem Premièresexamen war hien dräi Méint laang Stagiaire als Schoulmeeschter. Vun 1953-1956 war hie Reserve-Offizéier an der Lëtzebuerger Arméi a vun 1956-1973 Fonctionnaire bei der Eisebunn, dunn am Aarbechtsministère. Tëscht 1973 an 1993 war hie Beamten am Kulturministère, wou hien zoustänneg fir Literatur war, an ë.a. den Nationale Literaturconcours initiéiert huet.
Schonns an der Lycéezäit huet hie mat Schreiwen ugefaangen, et waren dëst Duerftheaterstécker a Gedichter. Seng Gedichter goufen an de Jorzéngten dono a sëllegen Zeitungen, Zäitschrëften a kulturelle Publikatioune ofgedréckt.
Uganks vun den 1970er huet hie kritesch Texter iwwer Lëtzebuerg geschriwwen, dat en als provinziell, stackkonservativ an ënnerdréckend empfonnt huet. Exemplaresch dofir ass säi Buch dromedare, ma besonnesch och d’Dréibuch zum Tëeleefilm Stille Tage in Luxemburg, deen am Oktober 1973 am drëtte Programm vun der Saarlännescher Tëelee gelaf ass, an deen em eng jett Kriticken (’Naschtbeschmotzer’, ’géi dach an Däitschland wann et der hei net gefällt’, asw.) abruecht huet.
Hie war aktiv am Kënschtlerkollektiv, dat an de Konsdrefer Scheieren Ausstellungen, Virféierungen asw. organiséiert huet, an huet a kuerzliewegegen, alternative Verläg oder Verlagsreie wéi doppelpunkt, impuls a lochness publizéiert. Hien huet och eng Rëtsch Lauschterspiller geschriwwen, déi op däitsche Radiosstatioune gesent goufen.
An den 1980er Joren huet hien ugefaangen, op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Hien huet franséischsproocheg Theaterstécker iwwesat (dorënner den ubu gëtt kinnék, nom Alfred Jarry sengem Ubu roi), Gedichter geschriwwen, ma besonnesch, vun 1988 un, seng Romantrilogie schacko klak, de papagei um käschtebam a feier a flam erausbruecht, déi de Christian Knapp duerch seng Kandheet a Jugend bis zum jonken Erwuessene beschreift am Lëtzebuerg vun den 1930er bis 1950er Joren.
2000 huet hien zesumme mam Guy Rewenig den ultimomondo-Verlag gegrënnt. An den 2000er Joren huet hie weider fläisseg publizéiert, dorënner dräi Bicher fir Kanner an Texter op Däitsch, wéi kasch oder kühe im nebel.
De Roger Manderscheid war Member vum däitsche PEN-Club a Grënnungs- an Éierepresident vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).
Seng Wierker goufen zum Deel an aner Sproochen iwwersat , schacko klak gouf 1990 verfilmt.
Nieft sengem literaresche Wierk huet de Manderscheid och gemoolt, gezeechent a fotograféiert.
Hien ass den 1. Juni 2010 gestuerwen.
No sengem Doud krut de Passage nieft dem Kapuzinertheater, deen d'Theaterplaz mat der Kapuzinerstrooss verbënnt, den Numm Passage Roger Manderscheid. Zu Izeg dréit zanter dem Mee 2013 eng Plaz dem Roger Manderscheid säin Numm.[3]
Säi Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Der taube Johannes. Erzielungen, Lëtzebuerg: Luja-Beffort, 1963.
- Die Glaswand. Lauschterspill, Esch-Uelzecht, 1966.
- Statisten: 3 Lauschterspiller. Radiografie, Buergbesichtegung, Papiertiger, Esch-Uelzecht, 1970.
- Die Dromedare: Stilleben für Johann den Blinden, Lëtzebuerg; Esch-Uelzecht. 1973.
- Stille Tage in Luxemburg: ein Drehbuch, Lëtzebuerg, 1975.
- Schrott, Déifferdang, 1978.
- Leerläufe mit Zeichnungen von Anna Recker, Esch-Uelzecht, 1978.
- Ikarus. Dreissig Ausflüge und ein Absturz. Lëtzebuerg, 1983.
- Rote Nelken für Herkul Grün, Iechternach, 1983.
- Mam Velo bei d'Gëlle Fra: Gedichter a Prosastécker, handgeschriwwen a gezeechent vum Roger Manderscheid, Lëtzebuerg, 1986.
- Schacko Klak: Biller aus der Kandheet (1935-1945), Iechternach, 1988.
- Hannerwëtz mat Bireschnëtz / Lëtzebëtz, Esch/Sauer, 1991.
- De Papagei um Käschtebam: Zeenen aus der Nokrichszäit, Iechternach, 1991.
- Mein Name ist Nase: Geschichten aus dräi Joerzéngten, Iechternach, 1993.
- Zwee Gedichter: e Buch aus Eisen v. Jeannot Bewing, 1994.
- Feier a Flam: Geschichten aus de fofzeger Joren, Iechternach, 1995.
- Papier libre: Konschtbuch, d'Gedicht v. R.M. mat Zeechnunge vum Rico Sequeira, Lissabon, 1998.
- Summa summarum: Gedichter aus engem vergangene Joerhonnert, Iechternach, Ed. Phi., 2000.
- BUZZ-Kalenner fir Kanner 2001, Nouspelt, ultimomondo, 2000.
- schwarze engel. Geschichten, Nouspelt, ultimomondo, 2001.
- D'Magali flitt an den Himmel, Nouspelt, ultimomondo, 2001.
- Polaroid: instant texte, Esch-Uelzecht, Ed. Phi, 2002.
- Kasch - E genie verschwënnt an der Landschaft. roman fir de jeannot bewing, ultimomondo 2005.
- Der sechste Himmel ass dee vum Auteur iwwersate Feier a Flam, Gollenstein Verlag, 2006
- ech fléie wann dee schluet eriwwer ass / schrëftbiller, mat Texter vum Guy Rewenig. D'Buch ass an engems de Katalog zur Ausstellung mam nämmlechten Numm am Centre national de littérature (18. Mäerz bis 8. Mee 2009) gewiescht. Éditions ultimomondo, 2009, 108 S. ISBN 978-2-919933-52-5
- Lies de bal, zesumme mat Cathy Clement, Lucien Blau, Josy Braun, Tullio Forgiarini, Pol Greisch, Jhemp Hoscheit, Nico Graf, Henri Losch, Editions Saint-Paul, Editions Guy Binsfeld, 2014
Kuckt och: Bibliographie BNL [1]
Filmer
[änneren | Quelltext änneren]- Stille Tage in Luxemburg, (Dréibuch a Schauspiller) (TV) 1973
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]- 1990: Batty-Weber-Präis.
- 1992: Servais-Präis (Fir säi Roman Papagei um Käschtebam).
- 1995: Premier prix beim Concours littéraire national (Fir seng Erzielung Pflastersteine).
- 2005: Gustav-Regler-Preis vun der Kreisstadt Merzig fir säi Gesamtwierk
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Frank Wilhelm, 'houreschräiss schlot se freckt' - Hommage à Roger Manderscheid (1933-2010), écrivain, dessinateur, outrancier et juste. in: forum, Nr. 299 (September 2010), S.43-45 (ill.).
- Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, S59-90.
- Goetzinger, Germaine, 2007. Manderscheid, Roger. in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. [Online-Versioun, nogekuckt 25.06.2023].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Roger Manderscheid – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Der Schriftsteller Roger Manderscheid verstorben (Artikel am Tageblatt)
- ↑ Quell vun der Biographie, wou net anescht uginn: Germaine Goetzinger: Roger Manderscheid. Fiche am Autorenlexikon.lu.
- ↑ Luxemburger Wort 2013, Nr. 115 (18. Mai), S. 33 (Gestern im Gemeinderat Hesperingen: Platz nach Roger Manderscheid benannt).