Op den Inhalt sprangen

Henri Losch

Vu Wikipedia
Henri Losch
Den Henri Losch 2006
Gebuer 16. Juli 1931
Dikrech
Gestuerwen 26. Dezember 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Filmschauspiller, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Linguist, Dréibuchauteur
Famill
Geschwëster André Losch
Den Henri Losch mat senge Schoulkanner 1956 zu Uewerpallen

Den Henri Losch, gebuer de 16. Juli 1931 zu Dikrech, a gestuerwen an der Nuecht op de 26. Dezember 2021[1][2], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Auteur a Film- an Theaterschauspiller.[3][4]

Hien ass zu Useldeng opgewuess an no der Primärschoul huet hie fir Schoulmeeschter geléiert. Seng éischt Plaz als Schoulmeeschter war zu Grooljen ier hien op Uewerpallen koum, wou hien 1956 dem Schoulmeeschter René Goebel seng Plaz iwwerholl huet a wou hie sech direkt als Theaterspiller wärend den dräi Joer, wéi hien do war, bemierkbar gemaach huet, ier hien 1958 an d'Stad an de Centre de logopédie gewiesselt huet. Als pensionéierte Schoulmeeschter vun der Stad Lëtzebuerg a Chargé-de-cours fir Dictioun am Escher Conservatoire, Theater a Filmacteur, Member vum Lëtzebuerger Theater 1962-1973[5], wou hie sech als Schüler vum Eugène Heinen am Theaterspill perfektionéiert huet, Grënnungsmember vum TOL, Dréibuchauteur vun zwou grousse Filmproduktiounen, Déi zwéi vum Bierg an De falschen Hond[6], realiséiert vum Hei Elei, fräie Mataarbechter bei RTL, Conferencier a Presentateur vu Concerten[7][8], Éieremember vum Comité Alstad, huet hie sech zanter 1990 besonnesch mat der Lëtzebuerger Sprooch beschäftegt an huet och Lëtzebuergesch-Course ginn.

Hie war den Neveu vum Martin Losch, dem Grënner vum Garage Losch an de Papp vum Patrick Losch, dem President vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt.

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de Wierker déi hei opgelëscht sinn, stame verschidden Artikelen an de Serië Galerie, Luxemburger Marienkalender, Eis Sprooch (Actioun Lëtzebuergesch), Arts et Lettres (Institut grand-ducal) an nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur aus der Fieder vum Henri Losch.

  • Auteur vun
    • Grouss a Kleng am Krich, Edit. RTL 1985
    • De falschen Hond: eng filmesch Adaptatioun vum Nikolaus Hein séngem Verräter, CNL 1988
    • Piccolo, Saxo, Compagnie, e musikalescht Märchen, 1990
    • Tun Deutsch, Edit. Saint-Paul, 1995
    • Eng Zaubertéingeschicht, e musikalescht Märche mam OPL, Musek vum Jean-Paul Frisch, 1998
    • En drolege Schlasshär, Edit. Saint-Paul, 2002
    • Am grujelegen Tunnel, Edit. Saint-Paul, 2003
    • E Bouf erzielt - Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich, Edit. Guy Binsfeld, 2004
    • En Däiwelsgesiicht, Edit. Saint-Paul, 2005
    • Chrëschtdag hautdesdaags, e Chrëschtmusical, Musek vum Georges Urwald, 2006
    • Häerzerkinnek. E Krimi, Édit. Guy Binsfeld, 2007
    • Lëtzebuerg, e Land a seng Leit, Imprimerie Centrale, 2007
    • De Geescht an där aler Brauerei e Roman fir Kanner mat Biller vum Patty Thielen, kids saint-paul, 2009
    • Koppeges a Bosseges. E Schoulmeeschter erzielt. Edit. Guy Binsfeld 2012.
    • D'Rennscheier - E Guide erzielt. Edit. Guy Binsfeld 2015.
    • Mamer Meng Gemeng - Wissenswertes aus Geschichte, Geographie und Kultur. Edit. Revue, 2015[9]
    • Mamer Ma commune - Informations concernant sa géographie, son histoire et sa culture. Edit. Revue, 2015[10]
    • De Kregéiler - E Frënd vun der Natur erzielt. Edit. Guy Binsfeld 2017.
    • Sympatesch Kauzen. Edit. Guy Binsfeld 2018.
    • Studentendreem viru sechzeg Joer. Galerie, 36e annee, N.3, 2018.
    • 3 clever Butzen. LEADER Lëtzebuerg West, 2019.
  • Coauteur vun
    • Eis Sprooch: Kuurz Geschichten Extraserie Nr 7. Action Lëtzebuegesch, 1986
    • Lëtzebuergesch Texter 1990 fir 7e a 8e, Ministère de l‘éducation nationale, 1990
    • 100 Joer Dicks: 1891-1991 Comité Alstad, 1991
    • Lions Clubs District 113 25e Anniversaire Imprimerie Centrale, 1992
    • 100 Joer Useldénger Musek: 1895-1995. Useldange: Fanfare Sainte-Cécile, 1995
    • DA LASS, eng audio-visuell Method fir Lëtzebuergesch ze léieren, Minist.Éduc.Nation. 1999
    • Voll Natur: dat Bescht vu Panewippchen & co Éd. Guy Binsfeld, 2002
    • Michel Rodange 1827–1876, Minist.Éduc.Nation. 2002[11]
    • Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch, Minist.Éduc.Nation. 2005
    • Les verbes luxembourgeois / D'Lëtzebuerger Verben zesumme mat: Braun, Josy, Marianne Johanns-Schlechter, Josée Kauffmann-Frantz, Geneviève Magnette-Barthel, 2005. Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionnelle, Service de la formation des adultes. Éd. Guy Binsfeld. 234 p. ISBN 978-2-495-00026-0.
    • Iwwer Bierg an Dall: Lëtzebuerger Auteuren op der Rees, Éd. Guy Binsfeld, 2005
    • 100 Joer Esch: 1906-2006, Éd. Guy Binsfeld, 2005
    • D'Messer am Réck., Éd. Guy Binsfeld, 2006
    • Lies a fléi 2, Education nationale, 2006
    • Iwwer Grenzen., Éd. Guy Binsfeld, 2007
    • E Buch am Zuch. Initiativ Freed um Liesen, 2009, 2011, 2017, 2022
    • 100 Jahre Feuerwehrverband Kanton Capellen, Capellen: Feuerwehrverband, 2010
    • Commémoration Anne Beffort, Mamer 2010, Cercle philatélique, 2010
    • Saz fir Saz: Texter iwwer Musek, Éd. Guy Binsfeld, 2010
    • Am anderen Ende der Lichtung : Luxemburger Autoren über Leben, Tod und Trauer, Éd. Guy Binsfeld, 2010
    • Literaresch Welten: Eng Lëtzebuerger Anthologie an dräi Sproochen, Ministère de l‘Education nationale et de la Formation professionnelle, 2012
    • Erënnerungsraim: Texter iwwer Konscht, Kultur a Kollektiounen, Éd. Guy Binsfeld, 2013
    • Fester feiren: Texter iwwer Uläss, Gäscht a Festivitéiten Éd. Guy Binsfeld, 2014
    • Lies de bal, zesumme mat Cathy Clement, Lucien Blau, Josy Braun, Tullio Forgiarini, Pol Greisch, Jhemp Hoscheit, Nico Graf, Roger Manderscheid, Editions Saint-Paul , Editions Guy Binsfeld, 2014, 2019, 2020
    • Wat war an wat ass: 75: 1945-2020: d'Erënnerungsbuch vum Useldinger Fussballveräin F.C. Jeunesse Useldange, 2020
  • Iwwersetzer vun:
    • Charles Dickens: E Wantermäerchen, Edit. Guy Binsfeld. 1998
    • Dieter Konsek: D'Julie an d'Dramvillercher, Edit. Guy Binsfeld. 2000
    • Debbie Lavreys: **Wat ass da mam Mound lass?, Edit. Guy Binsfeld 2006.
    • Lëtzebuerg, e Land a seng Leit, Imprimerie Centrale, 2007 (vu Lëtzebuergesch op Däitsch, Franséisch an Englesch)
    • Sarah Salmona: Esou sinn ech. ALAN. 2016
  • Mataarbechter bei der Produktioun vun
    • Brochure pédagogique à l'occasion de la représentation théâtrale: Mississippi-Boys de Ed Maroldt, Ville de Luxembourg, 1983
    • Les Souverains du Luxembourg, Lions Club Mameranus, 2000
    • Facsimilé du plan de la forteresse de Luxembourg de Thomas Mameranus: 500e anniversaire de la naissance de Nikolaus Mameranus, Lions Club Mameranus, 2000
    • Michel Rodange Owend 2001: Programm, Comité Alstad, 2001
    • Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch, 2004, Edit. Saint-Paul
    • 100 Joer Marcel Reuland, CNL, 2005
    • Dictionnaire Français Luxembourgeois, 2006, Edit. Saint-Paul
    • Broschüre: Uergelfrënn Biissen, Gemeng Biissen, 2010
    • Mamer Geschichtsbuet, Gemeng Mamer, 2011
    • Mamer 2010 21e Journée Maximaphile, Cyclisme - Littérature & Philatélie, Ed. Ralph Letsch, 2013
    • Informationstafeln des kulturellen Erbes der Gemeinde Mamer, Leader West, 2013[12]
    • Lieux de mémoire nr. 4, Thanksgiving 1944 zu Uselding, 2018, Ripevusch[13]
    • Ausstellung: 30. Tag der Maximaphilie und "Krieg und Frieden", Gemeng Mamer, 2019[14]

Fir ze lauschteren

[änneren | Quelltext änneren]
  • Henri Losch: E Bouf erzielt - Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich, eng Audio-CD, gelies vum Auteur, Éditions Guy Binsfeld, September 2007, 11 Geschichten, eng 72 Minutten.
  • De Grompere Kinnek: Eng flott Geschicht, 2007
  • Pétrusse Express: d'Stëmm vum Guide touristique op Lëtzebuergesch

als Schauspiller

[änneren | Quelltext änneren]

als Dréibuchauteur

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1985: Déi zwéi vum Bierg
  • 1989: De falschen Hond

Auszeechnungen a Gedenken

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1985: Concours littéraire Actioun Lëtzebuergesch: 2. Präis (Kuerzgeschichten), Den Hielännerstack
  • 2006: Poème de Josy Braun à l'occasion du 75e anniversaire de Henri Losch[21]
  • 25.05.2016: Soirée 85. Gebuertsdag vum Henri Losch, Centre national de littérature (Miersch), Ministère de la Culture
  • 15.01.2022: Henri Losch Owend op RTL

Reportagen a Reklammsfilmer

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1986: Reklammspot „Golf“ fir LaLux
  • 1991: 100 Joer Dicks, Hei Elei Kultur, 23.11.1991
  • 1993: Um ronnen Dësch, Hei Elei Kultur
  • 1999: Reportage Henri Losch, De Magazin mam Felix Eischen, RTL Télé
  • 2021: Reklammspot fir d'Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste Luxembourg
  • 2021: Dikrich TV mat der Sandy Lahure

Interviewen an Artikelen

[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Den Henri Losch war jorelang och als Guide touristique täteg, ënner anerem fir Sales-Lentz. Hien huet eng ronn 50 Länner besicht gehat a sengem Liewen als Tourist an als Guide.
  • 1987 war hien als Vertrieder vun der Lëtzebuerger Delegatioun op dem Sommet de la Francophonie zu Québec, Kanada.
  • E Bouf erzielt - Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich ass dat am meeschte verkaaft Buch iwwer d'Joren am Ganze vum Henri Losch, wärend Koppeges a Bosseges: E Schoulmeeschter erzielt 2013 dee Bestseller an der Kategorie Literatur war.[22]
  • Den Henri Losch ass och op dem Sheetlet - Superjhemp retörns vun der Post Luxembourg op engem Timber drop a senger Rôle vum Haffmarschall[23]
  • 1990 war hien Grënnungsmember vum Lions Club Mameranus, Präsident vun 1993-1994 an Titulaire vum Melvin Jones Award 2018[24]
  • 2010 war den Henri Losch Grënnungsmember vun der Mamer Geschicht asbl, en Veräin deen sech mat der Lokalgeschicht vun der Gemeng Mamer beschäftegt[25]
 Commons: Henri Losch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Marie Gales: "Auteur, Schauspiller, Linguist a Schoulmeeschter Henri Losch gestuerwen." rtl.lu, 26.12.2021.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 28. Dezember 2021
  3. Archive copy Archivéiert den 28.05.2022. Gekuckt den 28.05.2022.
  4. https://www.tageblatt.lu/headlines/luxemburger-autor-henri-losch-stirbt-mit-90-jahren/
  5. https://www.autorenlexikon.lu/page/author/386/3861/DEU/index.html
  6. https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/doud-vum-henri-losch
  7. Archive copy Archivéiert den 22.06.2022. Gekuckt de 14.06.2022.
  8. http://bissen.lightbulb.lu/wp-content/uploads/2019/04/Klautjen-2010-3.pdf
  9. In der Sprache zu Hause, Revue S.36, 06.01.2022
  10. Archive copy Archivéiert den 22.06.2022. Gekuckt den 11.06.2022.
  11. https://gouvernement.lu/dam-assets/fr/actualites/communiques/2002/09/26langues/brochure_rodange.pdf
  12. Archive copy Archivéiert de 27.06.2022. Gekuckt den 11.06.2022.
  13. https://useldeng.lu/wp-content/uploads/2020/11/Ripevusch-2018-2-3.pdf
  14. https://www.fspl.lu/wp-content/uploads/MdC-5.pdf
  15. https://m.imdb.com/name/nm0521294/filmotype/actor?ref_=m_nmfm_1
  16. https://www.imdb.com/title/tt0280402/fullcredits?ref_=tt_ov_st_sm
  17. https://www.land.lu/page/article/787/334787/DEU/index.html
  18. https://www.lessentiel.lu/de/story/der-kleine-prinz-spricht-jetzt-luxemburgisch-866879240707
  19. https://paperjam.lu/article/news-de-klenge-prenz-op-letzebuergesch
  20. https://literatour.lu/den-henri-losch-erzielt-seeercher-a-legenden/
  21. https://a-z.lu/primo-explore/fulldisplay?docid=ALEPH_LUX05000029954&context=L&vid=BIBNET&lang=fr_FR&search_scope=All_content&adaptor=Local%20Search%20Engine&tab=all_content&query=any,contains,Henri%20losch&offset=0
  22. https://www.lessentiel.lu/de/story/diese-buecher-haben-sich-2013-am-besten-verkauft-347863293065
  23. https://www.postphilately.lu/en-us/products/collectionneurs/timbres-de-collection/feuillet-superjhemp-retorns
  24. Archive copy Archivéiert den 23.06.2022. Gekuckt den 11.06.2022.
  25. https://www.luxtimes.lu/en/mywort/mamer/news/generalversammlung-der-mamer-geschicht-asbl-58fe28aea5e74263e13b5ec0