Tram

Vu Wikipedia
Historeschen Tram zu Bréissel

En Tram (Tramway op Franséisch, Straßenbahn op Däitsch) ass een ëffentlecht Verkéiersmëttel dat op Schinne fiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum Tram fänkt mat de Päerdsbunnen un, engem ëffentleche Verkéiersmëttel dat och op Schinne fiert a vu Päerd gezu gëtt. Déi éischt bekannt Päerdsbunn vun der Welt gouf de 26. November 1832 zu New York a Betrib geholl. Een halleft Joerhonnert méi spéit, de 16. Mee 1881 gouf den Tram fir déi éischt Kéier a senger Geschicht elektresch bedriwwen. Ëm 1920 huet bal all gréisser Stad vun der Welt een Tramsnetz gehat. Spéider sinn du vill Tramsnetzer zougemaach ginn, well jorelaang net méi dran investéiert gouf an den Individualverkéier ëmmer méi beléift gouf.

Nom Zweete Weltkrich huet sech deen Trend fortgesat a vill Leit waren der Meenung datt den Tram spéitstens an den 1970er Jore verschwonne wier. Allerdéngs koum dunn d'Pëtrolskris, déi dozou gefouert huet, datt den Individualverkéier erofgaangen ass an den Tram erëm méi lukrativ gouf. Donieft kënnt datt vill Stied sech kee Metro, deen am Bau méi deier ass, kënnen oder wëlle leeschten. Vun 1980 u goufen dann och vill nei Tramsbetrib weltwäit, virun allem an Europa an an Nordamerika (nees) opgemaach.

Aktuell si weltwäit ongeféier 100 weider Tramsprojete virgesinn an et kann een domat rechnen, datt och an Zukunft nach een Tram duerch vill Stied fiert.

Kritik[änneren | Quelltext änneren]

Den Tram huet, wéi all aner Verkéiersmëttel och, Vir- an Nodeeler. E gëtt dacks als Iwwergang tëscht Bus a Metro gesinn. Allgemeng gëllt d'Fauschtreegel datt den Tram bei enger Streck mat iwwer 4000 Passagéier pro Dag méi rentabel ass wéi de Bus. Vun 30.000 bis 40.000 Passagéier den Dag gëllt de Metro als méi effikass.

Virdeeler[änneren | Quelltext änneren]

  • Confort: manner Kaméidi a Gejuppels par Rapport zum Bus;
  • Benotzerfrëndlechkeet: vill nei Tramme sinn op Quaihéicht an erlaben och Rullstill d'Eraklammen;
  • Vitess: allgemeng ass den Tram méi séier wéi de Bus, virun allem well e seng Fuerbunnen net mam Individualverkéier muss deelen;
  • Ëmweltfrëndlechkeet: och wann den Tram elektresch bedriwwe gëtt an de Stroum mat Pëtrol, Kuelen oder Atomkraaft produzéiert gëtt, belaascht en d'Ëmwelt sur place awer net. Ausserdeem gëtt Stroum zum Deel och vun ëmweltfrëndlechen Energiequelle produzéiert;
  • Käschten: par Rapport zu engem Metro ass den Tram an der Moyenne nëmmen hallef sou deier an och par Rapport zu de Busse schléit e sech gutt well seng Liewensdauer tëscht 30 a 50 Joer bedréit.

Nodeeler[änneren | Quelltext änneren]

  • Schinnen: den Tram ass noutwennegerweis un d'Schinne gebonnen a gëtt da problematesch wa se blockéiert sinn, sief dat duerch Autoen oder Chantieren;
  • Käschten: Och wann den Tram par Rapport zu senge Konkurrente Bus a Metro gutt ofschneit, ass en awer nach deier, sou kascht eng eenzeg Ramme tëscht 1,5 an 4 Milliounen;
  • Negativ Auswierkungen op d'Stadbild: vill Awunner bekloe sech datt d'iwwerierdesch Stroumleitungen d'Stadbild géife verschampeléieren;
  • Vibratiounen: bei eeleren Tramsnetzer kann et sinn datt de Buedem a souguer d'Gebaier vibréieren, bei neier Technik ass dat allerdéngs ausgeschloss.
d'Motrice 26 vum fréiere Stater Tram

Tram zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf et zwéin Tramsreseauen:

Den neie Stater Tram[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Lëtzebuerg entwéckelt sech ëmmer méi séier an et gëtt ëmmer méi Aarbechtsplazen an dofir och ëmmer méi Trafic. Dowéinst huet d'Chamber de 6. Abrëll 2006 eng Motioun gestëmmt, mat där geplangt gouf een Tram ze bauen. D'Regierung war schonn den 10. Mäerz 2006 mat dem Projet d'Accord. An enger éischter Phas soll eng Tramslinn vun der Luxexpo, iwwer de Stad-Kär, op d'Gare gebaut ginn. An enger zweeter Phas soll dës Linn da vun der Luxexpo op de Fluchhafen um Findel verlängert ginn. Nach méi Verlängerunge sinn an aner Quartiere vun der Stad geplangt. De 4. Juni 2014 huet d'Chamber gréng Luucht gi fir den Tram ze bauen[1] an am Januar 2015 hunn d'Aarbechten fir den neien Tramsschapp ze bauen ugefaangen. Den neien Tram fiert op engem éischte Stéck vum 10. Dezember 2017 un.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stater Tram.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trammen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 24 juillet 2014 portant sur la construction d'une ligne de tramway à Luxembourg entre la Gare Centrale et le Circuit de la Foire Internationale au Kirchberg