Minettstram

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Tram deen tëscht 1927 an 1956 am Minett gefuer ass. Fir de Projet vun engem séieren Tram tëscht Bieles an der Stad Lëtzebuerg, kuckt wgl. Luxtram-Linn Fluchhafen - Bieles.
De Minettstram an der Groussstrooss zu Rëmeleng

De Minettstram war deen Tram, dee vum TICE-Syndikat bedriwwe gouf an tëscht 1927 an 1956 am Minett gefuer ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Ureegunge fir de Bau vum Tram[änneren | Quelltext änneren]

Den Ustouss fir de Bau vum Minettstram ass warscheinlech duerch e Bréif vum 9. Mee 1900 ausgaangen, dee vun der "Lokalbahn-, Bau- und Betriebsgesellschaft Heidemann" un de Gemengerot vun Esch-Uelzecht geriicht war a wou gefrot ginn ass fir eng elektresch Tramsverbindung tëscht Esch an Däitsch-Oth anzeféieren.

Den Deputéierten Xavier Brasseur huet déi Iddi opgegraff an de 24. Juni 1901 der Chamber e Gesetzesvirschlag gemaach wou en de Bau vun engem elektreschen Tram proposéiert tëscht Esch, Rëmeleng, Téiteng an Diddeleng mat Niewelinne vun Diddeleng op Wuelmereng a vun Esch iwwer Däitsch-Oth op Micheville-Villerupt.

Den "Ingenieur en chef" Rodange an den "Ingenieur d'arrondissement" Norbert Colbert sinn doropshi beoptraagt ginn e Rapport iwwer de Bau an den Notze vum proposéierten Tram ze maachen. De Generaldirekter vun den Ëffentleche Bauten Charles Rischard huet awer an engem Schreiwes vum 11. Februar 1905 gemengt, dat déi finanziell Situatioun am Moment net gutt genuch wier fir sou e Bau ze subventionéieren. Domat war de Projet mol op Äis geluecht.

Preparatioune fir de Bau an d'Grënnung vum TICE-Syndikat[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Juli 1909 ass vun der Regierung de Bau vu fënnef elektresche Schmuelspuerlinnen am Minett geneemegt ginn. Den Deputéierte Brasseur huet den 28. Abrëll 1910 bei den Debatten en neie Gesetzesvirschlag gemaach, mat Linne vun Déifferdeng iwwer Esch a Rëmeleng bis op Diddeleng. Als finanzielle Bäitrag vum Staat waren 1 Millioun Frang virgesinn. D'Chamber huet dës Propos den 12. Mee 1910 gestëmmt.

Doropshin sinn den Ingenieur Leopold Biever an de Professer J.-P. Manternach beoptraagt ginn, e Virprojet auszeschaffen.

Den 23. Oktober 1910 koum et dunn zur Grënnung vum provisoresche Syndikat fir de Bau an de Betrib vun der interkommunaler Tramsbunn am Kanton Esch. De Syndikat huet du selwer Virschléi fir de Bau ausgeschafft.

Am Mäerz 1913 sinn d'Statute vum Syndikat verëffentlecht ginn. An de follgende Méint gouf an de Gemengeréit iwwer dat weidert Virgoe diskutéiert an no an no hunn déi betraffe Gemengen hir Zoustëmmung erdeelt, meeschtens ënner verschiddene Konditiounen. Zu Rëmeleng huet et mat der Zoustëmmung am längste gedauert an eréischt am Februar 1914 ass d'Decisioun gefall.

Duerch e groussherzoglechen Arrêté vum 2. Juni 1914[1] gouf de Syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-sur-Alzette gegrënnt a mam Gesetz vum 19. Mee 1914[2] krut de Staat d'Erlaabnes de Syndikat bis zu engem Montant vun 2,5 Millioune Frang ze subventionéieren. Aus deem laangen Numm vum Syndikat gouf de Kierzel „TICE“ (Tramways Intercommunaux dans le Canton d'Esch-sur-Alzette) ofgeleet.

De Bau vun den Tramslinnen[änneren | Quelltext änneren]

Den 31. Oktober 1915 sinn e puer wichteg Decisioune geholl ginn:

  • D'Schinnennetz sollt eng Spuer vun 1 Meter hunn;
  • Déi definitiv Linne si festgeluecht ginn.

D'Aarbechte konnten direkt ugefaangen an d'Material bestallt ginn. Allerdéngs hunn den Éischte Weltkrich an déi finanziell schwiereg Nokrichszäit weider Schrëtt verhënnert.

Eréischt am Mäerz 1920 waren all d'Terraine fir d'Trass kaaft an de Bau vun der Bréck bei Bieles fäerdeg. Zu Esch louchen d'Schinnen an der Uelzechtstrooss an d'Infrastrukturaarbechten fir d'Iwwerlandstrecke ware fäerdeg.

An de Joren 1924 a 1925 konnt schliisslech de Fuerpark, d'elektresch Anlagen an de Bau vun de Gebaier ausgeschriwwe ginn.

Endlech konnt Sonndes, den 29. Mee 1927 de Betrib vum Tram fir een Dag opgeholl ginn. Déi éischt Tramme sinn am Stonnentakt tëscht Esch a Péiteng gefuer. De Festakt war um 11 Auer 30 am Escher Gemengenhaus.

Den Dag drop war den Tram nees ouni Stroum well den TICE-Syndikat sech nach net mam Stroumliwwerant eens waren. Eréischt de 5. Juni ass et zu enger Eenegung komm an den Tram konnt definitiv de Betrib ophuelen.

De Minettstram an der Krichszäit[änneren | Quelltext änneren]

Den TICE-Syndikat gouf an der Zäit vun der Besatzung an ITKE (Interkommunale Trambahn im Kanton Esch) ëmbenannt.

Den 10. Mee 1940 ass duerch d'Besatzung op alle Linnen de Betrib agestallt ginn, konnt awer de 14. Juli 1940 a verännerter Form nees opgeholl ginn. Verschidden Halten a Lokallinne sinn agestallt ginn. D'Linnen Esch - Rodange an Esch - Schëffleng sinn zesummegeluecht ginn. Warscheinlech wier och nach d'Verbindung Schëffleng - Keel zustane komm, mä duerch d'Enkpäss an der Materialliwwerung ass dat net realiséiert ginn.

De Stonnentakt um ganze Netz gouf agefouert. Déi zwéi Berlietsbussen déi deemools nach am Besëtz vum ITKE waren, sinn un d'Stad Esch verkaaft ginn.

Wärend dem Krich huet den Tramsbetrib dacks ënner Stroumausfall gelidden, soudatt d'Personal dann huet missen a friemen Haiser iwwernuechten oder mat engem geléinte Vëlo heemfueren.

Am Allgemengen awer huet de Minettstram de Krich a relativ guddem Zoustand iwwerstanen. Nëmmen d'Schinnen tëscht Bieles an Uewerkuer ware beschiedegt. D'Ween waren alleguer intakt bliwwen an eréischt 1945 sinn duerch Zesummestéiss mat amerikanesche Militärween e puer Schied entstanen.

Nokrichszäit an Enn vum Tramsbetrib[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich sinn d'Ween all nei lackéiert ginn. Vu rout/beige ass wéi beim Tram an der Stad Lëtzebuerg op blo/beige geännert ginn.

Den TICE-Syndikat huet och de Schwäizer Expert A. von Bonstetten mat enger Bestandsopnam iwwer den Zoustand an d'Zukunftsaussiichte vum Minettstram beoptraagt. De von Bonstetten war deemools Direkter vun de Verkéiersbetriber zu Bern a seng Aarbecht zu Lëtzebuerg ass op e Verglach vu sengem eegene Betrib mam Minettstram erausgelaf. Hien huet festgestallt datt d'Schinnen an de Fuerpark hiren optimale Benotzungsalter nach laang net erreecht haten an hien huet dofir eng Rei Verbesserungsvirschléi gemaach, wéi een den Tram moderniséieren a weider benotze kéint.

Allerdéngs schéngt et, wéi wann d'Resultat vu senger Etüd schonn am Viraus vun der Verwaltung vum TICE bestëmmt war, well et kann een tëscht den Zeilen hire Wonsch erausliesen, d'Traktiounsaart vum Betrib z'änneren.

Et ass also no der Fäerdegstellung vun der Etüd vum Syndikat d'Decisioun geholl ginn, de Betrib op Busser ëmzestellen, déi dann an der Zäit vun aacht Joer (1948 bis 1956) ausgefouert gouf. Dee leschte Minettstram no Fuerplang ass den 22. September 1956 tëscht Keel an Esch gefuer. D'Personal gouf sou gutt wéi méiglech iwwerholl.

No der Ëmstellung op de Busbetrib goufen d'Schinnen ofgebaut an de Fuerpark gouf verschrott. Nëmmen eng eenzeg Remorque ass nach eng Zäit laang beim fréiere Gaswierk zu Esch ofgestallt an als Büro fir déi theoreetesch Fürerschäinsprüfung benotzt ginn.

D'Linne vum Minettstram[änneren | Quelltext änneren]

Linn Esch - Rodange (Nidderkäerjeng)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1. Mee 1927: Prouffaarten tëscht Esch an Déifferdeng
  • 29. Mee 1927: Offiziell Erëffnungsfaart tëscht Esch a Péiteng
  • 5. Juni 1927: Ophuele vum fuerplangméissege Betrib
  • 15. Juli 1927: Verlängerung vun der Stréck bis Rodange/Grenz an Erëffnung vun der Lokallinn Nidderkäerjeng - Rodange
  • 16. Mee 1948: De Betrib tëscht Rodange an der Biff gëtt agestallt
  • 13. September 1949: De Betrib tëscht der Gare Déifferdeng an Nidderkäerjeng gëtt agestallt
  • 4. Juni 1953: D'Stréck Esch - Déifferdeng gëtt offiziell agestallt. Bieles/Post gëtt awer nach weiderhi zerwéiert bis zur definitiver Astellung vum Tram.

Lokalverkéier zu Esch[änneren | Quelltext änneren]

  • 14. Juli 1927: Erëffnung vun der Lokallinn
  • 1934: Verlängerung vun der Linn bis bei de Lallenger Kierfecht
  • 1. Oktober 1939: D'Ranklinn zu Esch gëtt agestallt, d'Linn op Lalleng gëtt vu Rëmeleng aus zerwéiert
  • 10. Mee 1940: De ganze Betrib gëtt agestallt
  • 14. Juli 1940: De Betrib op Lalleng gëtt nees opgeholl
  • 15. September 1940: De ganze Lokalverkéier zu Esch gëtt agestallt

Linn Esch-Keel-Diddeleng[änneren | Quelltext änneren]

  • 14. August 1927: Erëffnung vun der Linn Esch - Keeler Potto - Keel - Diddeleng
  • 7. November 1927: Erëffnung vun der lokaler Linn Biereng - Diddeleng - (Téiteng)
  • 4. Februar 1928: Erëffnung vun der lokaler Linn Diddeleng/Tattebierg a Verlängerung vun der Haaptlinn bis an de Greisendall
  • 15. Mee 1931: Astellung vun der lokaler Linn op Tattebierg
  • 15. Juli 1951: Astellung vun der lokaler Linn Diddeleng - Biereng an den Dag drop Erëffnung vun enger lokaler Buslinn Diddeleng - Biereng
  • 5. Juli 1954: Astellung vum Betrib tëscht Keel an Diddeleng an den Dag drop Ersatz duerch eng Buslinn
  • 22. September 1956: Astellung vum ganzen Tramsbetrib; lescht Faart vu Keel op Esch
  • 23. September 1956: Erëffnung vun der Autobuslinn Esch - Schëffleng - Keel - Diddeleng - (Greisendall)

Linn Esch - Rëmeleng - (Ëtteng)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2. Oktober 1927: Ophuele vum fuerplangméissege Betrib
  • 5. November 1950: Astellung vum Betrib

Linn Keel - Téiteng - Rëmeleng[änneren | Quelltext änneren]

  • 7. November 1927: Erëffnung vun der Linn (Biereng) - Keel - Téiteng
  • 4. Februar 1928: Verlängerung bis Rëmeleng/Usine
  • 23. Juni 1928: Verlängerung bis Rëmeleng/Gare
  • 20. August 1956: Lescht Faart tëscht Keel a Rëmeleng an den Dag drop Ersatz duerch eng Buslinn Keel - Rëmeleng - Esch
  • 23. September 1956: Erëffnung vun der Autobuslinn Esch - Schëffleng - Keel - Téiteng - Rëmeleng - Esch

Linn Esch - Schëffleng[änneren | Quelltext änneren]

  • 13. November 1927: Erëffnung vun enger Autobuslinn Esch - Schëffleng
  • 15. November 1931: Ersatz vun der Autobuslinn duerch eng Tramslinn
  • 11. September 1955: Astellung vum Tramsbetrib
  • 23. September 1956: De gesamte Betrib ass op Bussen ëmgestallt an d'Linn Esch - Schëffleng gëtt iwwer Keel op Diddeleng verlängert.

D'Escher Gare[änneren | Quelltext änneren]

D'Escher Gare huet fir de Minettstram d'Roll vun enger Schlusshaltestell gespillt wat zur Konsequenz hat datt beim TICE ëmmer vun 2 Netzer geschwat ginn ass: déi Déifferdenger Säit an déi Keeler Säit. Tatsächlech sinn d'Aarbechtspläng sou ausgeschafft ginn, datt normalerweis d'Ween an d'Personal ëmmer op enger Säit konnte bleiwen. Wéinst der eegleiseger Stréckeféierung an dem strikten Ënnerscheeden tëscht deenen zwou Säiten ass et zu Esch ëmmer zu längere Pause komm, wat sech net sou gutt op déi wirtschaftlech Lag vum Syndikat ausgewierkt huet.

D'Gebai vun der Escher Gare huet den Ufank vum Minettstram awer nëmme fir e puer Méint iwwerlieft. Et ass ofgerappt ginn an duerch eng méi modern Konstruktioun ersat, déi haut nach besteet.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Schinnennetz[änneren | Quelltext änneren]

D'Gesamtlängt vun de Schinne vum Minettstram war 53,79 km. Fir déi eenzel Strécke waren et:

  • Esch - Rodange/Grenz: 20,26 km
  • Ofzweigung op Nidderkäerjeng: 1,24 km
  • Ofzweigung op Uewer-Rodange: 0,72 km
  • Esch - Keeler Potto - Rëmeleng: 7,51 km
  • Esch - Schëffleng: 3,30 km
  • Lokallinn Esch: 3,86 km
  • Keeler Potto - Keel - Rëmeleng: 6,59 km
  • Keel - Diddeleng - Greisendall: 6,39 km
  • Ofzweigung op Biereng: 1,50 km
  • Ofzweigung op Tattebierg: 0,85 km
  • Lokallinn Déifferdeng: 1,57 km

Fuerpark[änneren | Quelltext änneren]

De Fuerpark huet sech follgendermoossen zesummegesat:

  • 15 Motorween (Nr. 1-15) mat „Kamp“ Dréigesteller
  • 10 Motorween (Nr. 50-59) mat „Peckham“ Chassis
  • 5 Bäiween (Nr. 100 – 104) mat „Kamp“ Dréigesteller

Den Hiersteller waren d'Ateliers Métallurgiques den Nivelles.

Gläichzäiteg zu dëser Liwwerung sinn och 2 konstruktiounsgläich Motorween (Nr. 28-29) an 3 konstruktiounsgläich Bäiween (Nr. 112-114) un den Tramsbetrib vun der Stad Lëtzebuerg (TVL) geliwwert ginn.

D'Motorween haten eng Transportcapacitéit vu 54 Plazen, 24 Sëtzplazen a 15 Stéiplaze pro Plattform an d'Bäiween haten 42 Plazen, dovun 18 Sëtz- a jo 12 Stéiplaze pro Plattform.

D'Motorween ware mat 2 Motore vum Typ MTV 50 zu jee 50 kW bei enger Spannung vun 1100 Volt Gläichstroum ekipéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • R. Dhur: (fr) Les tramways intercommunaux du canton d'Esch, an: (fr) Annuaire de la Ville d'Esch-sur-Alzette, Esch-sur-Alzette, 1974, S. 55-85, ill.
  • P. Bohnert, R. Dhur, J. Eck, P. Rauen: (de) De Minettstram: Die Geschichte der interkommunalen Trambahnen im Kanton Esch, 1985, 325 S., Éditpress
  • P. Bohnert, A. Pennartz: De Minettstram: fréier an haut, 2009, 252 S. ISBN 978-2-87996-645-8
  • C. Mayer: (fr) Les tramways intercommunaux du canton d'Esch (T.I.C.E) an: Chemins de fer secondaires. Bimestrielle de la Fédération des amis des chemins de fer secondaires Paris 1967, N° 83, S. 19-24, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Minettstram – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Legilux: Arrêté grand-ducal du 2 juin 1914 portant création d'un syndicat de communes pour la construction et l'exploitation de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-s.-Alz. - Legilux, gekuckt: 27 May 2018
  2. Legilux: Loi du 19 mai 1914 concernant l'établissement de tramways intercommunaux dans le canton d'Esch-sur-Alzette. - Legilux, gekuckt: 27 May 2018