Téiteng
Téiteng | |
---|---|
Parkierch vun Téiteng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Tétange de: Tetingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Keel |
Buergermeeschter | Jean Weiler (CSV) |
Awunner | 4.036 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 300 m |
Koordinaten |
49° 28’ 36’’ N 6° 2’ 22’’ O |
Téiteng ass eng Uertschaft an der Gemeng Keel.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]E steenzäitlche Site gouf um Hesselsbierg fonnt, fir genee ze sinn am Flouer Mertesbuer op der Plaz "Huffeisen"[1],[2].
Fir déi gallo-réimesch Zäit gëtt et am Géigesaz zu Keel keng grouss Besidelung vum Raum Téiteng. Dat ännert sech wuel eréischt a fränkescher Zäit (no 459), well d'Endung -eng vum Uertschaftsnumm weist op eng al fränkesch Siidlung hin, déi warscheinlech vun der Sippschaft ëm en Tato, Teto, Teti oder Tetinc gegrënnt gouf.[3]
1245 gëtt Téiteng fir d'éischt an engem Akt ernimmt. D'Schreifweis ännert nach stoark mat der Zäit: Cetenges, Tetenges, Thetingen, Tetyngen, Tettange an absënns Tettingen.[3]
Deemools huet Téiteng zesumme mat Keel, Rëmeleng a Morweng zur Herrschaft Zolwer gehéiert, déi fir kuerz Zäit ënnerbrach gouf duerch en Aarm vun den Häre vun Zolwer déi eng eegen Herrschaft Keel gegrënnt hunn, déi awer duerno nees gréisstendeels an der Herrschaft Zolwer opgaangen ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Keel#Vu Grofen a Ritter.
D'Téitenger waren an der Feudalzäit all Leifeegener, bis datt an der Habsbuerger Zäit 1782 de Keeser Jousef II. d'Leifeegeschaft ofgeschaaft huet[4].
Wéi d'Minett am 19. Joerhonnert erëmentdeckt gouf, do koum et och zu Téiteng zu enger Bevëlkerungsexplosioun.
Bevëlkerungsentwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
|
|
Bekannt Téitenger
[änneren | Quelltext änneren]- Camillo Felgen, Sänger, Schauspiller a Moderator (1920-2005)
- Jeannot Lunkes, Moler a fréiere Schoulmeeschter (1946–)
- Jos Massard, Biolog, Wëssenschaftshistoriker a Lokalpolitiker (1944–)
- Jean-Pierre Nuel, Universitéitsprofesser a Medezinfuerscher (1847-1920)
- Jean Schortgen, éischten Oarbechter deen Chambersdeputéierte gouf (1880-1918)
- Edy Schütz, Vëlossportler (1941-)
- Roger Thull, Vëlossportler (1939-)
- Pierre Wagener, Dragoner an der napoleonescher Arméi (1782-1812)[5]
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Téiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Keel
- Syvicol
- TICE
- Offiziell Säit vum Syndicat d'Initiative Kayl - Tétange
Fir ze liesen
[änneren | Quelltext änneren]- Gast Hentges a Jeannot Lunkes, Tetingen: rote Erde, rundes Leder, 1989
- Keeler Gemeng, Natur, Kultur und Geschichte in der Gemeinde Kayl, Imprimerie Heintz, Péiteng, Sept. 2011
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Geschicht op der Gemengesäit Archivéiert de(n) 31.08.2020. Gekuckt de(n) 03.09.2020.
- ↑ Norbert Theis, Notice préliminaire sur la présence de silex et de chaille au Grand-Duché de Luxembourg, in: Hémecht No. 4, 1984, S. 606
- ↑ 3,0 3,1 Fernand Lorang, Kayltaler Memorabilien, 1985, S. 20-21
- ↑ Nic. Charpantier, Al-Remeleng, S. 48 in Rumelange "Roches Rouges", Imprimerie Bourg-Bourger, 1957
- ↑ D'Geschicht vum Pierre Wagener