Minett (Äerz)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Minett ass en oolithescht Eisenäerz dat am Süde vum Lëtzebuerger Land usteet, an der sougenannter Minettsgéigend, souwéi a Loutrengen. Den Numm ass am Fong e pejorativen Diminutiv vu mine (Grouf) well d'Minett e relativ schappegen Eisegehalt vun 22 bis 37 % huet.

Enstoe vun de Lager[änneren | Quelltext änneren]

D'Minett ass während dem mëttlere Jura, dem sougenannten Dogger, entstanen a fir genee ze sinn am Aalenium virun 174,1 bis 170,3 Millioune Joer.

De Gehalt u Kallek a Kiselsaier spillt eng wichteg Roll, souwuel beim Ofbau wéi och bei der Verhüttung am Héichuewen. Wann d'Verhältnes CaO:SiO2 bei 1,5 läit, da kann een d'Eisenäerz ouni Zougabe schmëlzen, läit d'Verhältnes iwwer 1,5 dann ass et kallekegt Äerz, läit et drënner dann hu mer et mat kiselegem Äerz ze dinn. Zu Lëtzebuerg fënnt ee keen neutraalt Verhältnes, mä dofir awer déi zwee aner, getrennt duerch d'Uelzechtdall: am Rëmelenger Becken ass kallekegt Äerz (Fe 20-33 %; CaO 15-18 %, SiO2 6-7 %), an am Déifferdenger Becke kiselegt Äerz (Fe 29-34 %; CaO 8 %, SiO2 17 %).

D'Minett läit an zéng Lager, déi no hirer dominanter Faarf benannt goufen. Et ënnerscheet een tëscht dem routsandegen, ieweschte routkallekegem, ënneschtem routkallegen, rouden, wëlle gielen, gielen, groen, brongen, schwaarzen a grénge Lager (vun uewen no ënnen opgezielt). Zu Lëtzebuerg ware se awer net alleguer an all Minière vertrueden, gemenkerhand huet ee just dräi bis sechs Lager vu gewéinlech zwéi bis dräi Meter Déckt fonnt. Dës Minettsschichte gi getrennt vun de sougenannten Tëschemëttelen, an zwar Kalleksteen (Bengeléck), Mergel (Buch) a Sandsteen. Déi eenzel Schichte koumen zoustanen, well de Mieresspigel staark geschwankt huet, an dann aner Zorten Oflagerunge favoriséiert huet. D'Faarwe vun der Minett hänken domat zesummen op et vill Bakterië gouf déi d'Eise rout oxidéiert hunn oder net, a wéi eng aner Mineralie a wéi enger Konzentratioun mat ofgelagert goufen. Dobäi konnt eent an datselwecht Lager och alt emol seng Faarf wiesselen, mä d'Terminologie ass trotzdem bliwwen. D'Minettslager hunn eng Neigung vun 1-2 % a Richtung Südwesten. Zu Lëtzebuerg komme se un d'Surface, sou datt een hei entweder mat Galerië riicht erafueren oder souguer Dagebau bedreiwe konnt, während se a Loutrénge scho vill méi déif leien an dacks just iwwer Schächt erreecht konnte ginn.

Déi verschidde Verwerfungstypen:
A: Blatverréckelen
B: Normal Verwerfung (Extensioun mat Offalen)
C: Invers Verwerfung (Zesummepresse mat Driwwerdrécken)

Duerch Bewegungen an der Äerdkuuscht si plazeweis Rëss entstanen, an déi gebascht Lager goufen op verschidden Héichte gesat. Et sinn déi sougenannt Verwerfungen, mat heiansdo bedeitende Spronghéichten, sou datt e Lager net ëmmer riicht weider ofgebaut konnt ginn. Déi bedeitendst Verwerfunge sinn:

  • Gueberenger Spronk: Et ass déi eenzeg gréisser Verwerfung am Déifferdenger Becken, déi bei Guebereng hiren Urspronk huet, bei Héiseng d'Landesgrenz erreecht, an iwwer Déifferdeng op Suessem-Schuller leeft. D'Spronghéicht ass eng 9,5 m.
  • Däitsch-Other Spronk: Et ass dëse Spronk, deen eist Minettsgebitt an e kallekegt an e kiselegt Becke spléckt. E leeft vun Esch-Uelzecht a Richtung Schëffleng weider. D'Spronghéicht ka bis zu 120–150 m sinn.
  • Mëttelspronk: En ass d'Géigestéck zum Däitsch-Other Spronk, tëscht Esch a Rëmeleng geet et nees 32 m an d'Luucht.
  • Ëttenger Spronk: Et ass eng lokal tektonesch Stéirung ëm Ëtteng, déi no Südoste leeft a géi ëm 10–15 m verwërft.
  • Diddelenger Spronk: Dësen ass nach méi lokal begrenzt, op enger Breet vun 30–50 m fält den ëstlechen Deel ëm 4–5 m no ënnen.

Ofbau vun der Minett[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat ganzt Becke vu ronn 100.000 ha, vun deem mat 3.740 ha just e klengen Deel op haitegem Lëtzebuerger Staatsgebitt läit, gëllt mat geschatenen urspréngleche 6 Milliarden Tonnen Äerz als eent vun de gréisste vun der Welt. Schonn am 3. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Kelten dat sougenannte Bounäerz verhütt. D'Gallo-Réimer hu Stollen duerch de Fiels gedriwwen. Dat richtegt Ausmooss vun de Minettsvirkomme gouf awer eréischt 1850 vum Fransous Renaudin entdeckt an datselwecht Joer hunn d'Bridder Metz sech dru gewot fir Minett an hirem Eecher Betrib ze schmëlzen. Den héije Phosphorgehalt vun der Minett (0,5 bis 1,0 %) huet uganks nach den industriellen Ofbau erschwéiert, bis datt dëse Manktem 1878 duerch d'Erfindung vum Thomas-Verfahre besäitegt konnt ginn. D'Offallprodukt Thomasmiel gouf e richtege Sege fir déi wéineg fruchtbar Éisleker Biedem an huet do den Ubau vu Weess a Gromperen erméiglecht. Eng Hällewull Minettsdäpp goufe gebraucht, als éischt aus allen Deeler vum Land, duerno koume jonk Italiener an däitsch Biergfachleit, tëscht deenen zwéi Weltkricher du virun allem Polen a Jugoslawen. Bal 7.000 Biergaarbechter waren 1906 gläichzäiteg beschäftegt, duerno sinn et der duerch den Asaz vu Maschinnen nees manner ginn. Iwwer 1.400 Doudeger huet de Biergbau am Ganzen ze bekloe gehat. Den Héichpunkt vun der lëtzebuergescher Äerzfërderung gouf mat bal 8 Milliounen Tonnen am Joer 1957 erreecht. Dat konnt awer net verhënneren, datt d'Minett do scho sukkzessiv duerch méi héich konzentréiert Importäerzer (mat engem Eisegehalt vu 60 bis 70 %) ersat gouf an ëmmer méi Grouwen hir Diere fir ëmmer hu missen zoumaachen. Den 1. Dezember 1981 huet mam Thillebierg zu Déifferdeng déi lescht Lëtzebuerger Grouf opgehalen, an den 28. Juli 1997 war och Exitus zu Tressange, Montrouge Däitsch-Oth (den Agank louch zu Esch-Uelzecht). Ee Mount drop gouf dee leschte Lëtzebuerger Héichuewen zougemaach. No ronn 140 Joer Ofbau däerft awer ëmmer nach d'Hallschent vun der Minett am Buedem waarden.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Minière Nuvola apps xmag.png

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]