Suessem

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Suessem
Suessem Schlass.jpg
D'Suessemer Schlass
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Sanem
de: Sassenheim
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Coat of arms sanem luxbrg.png Suessem
Buergermeeschter Georges Engel (LSAP)
Awunner 2 522 (22.09.2009 [1])
Koordinaten 49° 32’ 53’’ N
05° 55’ 46’’ O


Weekappell beim Suessemer Schlass

Suessem ass eng Uertschaft am Südoste vu Lëtzebuerg, am Kanton Esch-Uelzecht, an huet der Gemeng Suessem hiren Numm ginn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Suessem kënnt fir d'éischt 1268 als Sasseheim vir. Ähnlech Forme sinn:

Den Numm Sassenheim besteet aus dem Grondwuert "Sassen-" an der Nosilb "-heim". Uertschaften, déi mat der Nosilb "-heim" ophalen, ginn dacks op eng Grënnung duerch d'Germanen, zu der Zäit vun der Vëlkerwanderung zréck. D'Grondwuert "Sassen" leet sech vum germaneschen Numm Sahso of, dat iwwersat "Der Sachse" bedeit. Et gëtt ugeholl, datt d'Siidlung nom Sippen-Eelste benannt gouf. Enger zweeter Theorie no, soll d'Uertschaft ëm d'Joer 1000 entstane sinn. Deemools goufe Leifbeegener vun Adelegen och nach Hintersassen genannt. Deemno wier Suessem virun 1000 Joer e "Leifeegenen"duerf gewiescht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

déi 500-järeg Lann
d'Trauerbuch am Park

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Informatioun iwwer Mail un de Les Meloures den 22.09.2009
  • Eng Gemeng an hir Geschicht. Bieles-Éilereng-Suessem-Zolwer. Band 1, 311 S. (Januar 1993). Band 2, 320 S. (November 2007). Erausgi vun der Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mat de Geschichtsfrënn. Dréckerei Heintz, Péiteng.