Gemeng Suessem
Gemeng Suessem | |
---|---|
d'Gemengenhaus vun der Gemeng Suessem zu Bieles | |
An anere Sproochen |
fr: Sanem de: Sassenheim |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
Chef-lieu | Bieles |
Buergermeeschter | Simone Asselborn-Bintz (LSAP) |
Awunner | 18.532 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 24,42 km² |
Héicht | 317 m |
Koordinaten |
49° 32’ 50’’ N 05° 55’ 40’’ O |
LAU-Code | LU0213 |
Websäit | http://www.sanem.lu/ |
D'Gemeng Suessem ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass Bieles a se huet den Numm vun der Uertschaft Suessem.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Suessem läit am ënneschte Minett, tëscht de Gemengen Esch-Uelzecht, Déifferdeng a Monnerech.
Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng besteet aus den Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer zu deenen nach d'Lieu-diten Aessen, Uerschterhaff, de Scheierhaff an en Deel vu Belval gehéieren.
Koppen an Hiwwelen an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Zolwerknapp, 421,6 Meter, gëllt als déi héchst Plaz am Guttland,
- Bielesser Gaalgebierg, 403,3 Meter
- Lëtschet, (och Loetschet, Lëtschef, Loetschef, 395,6 Meter)
- Pakebierg (oder Paquetbierg), 383,6 Meter
- Metzerbierg, 417,4 Meter
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Schlässer, Buergen a Ruinen an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]- Réimervilla Grueweléck
- Buerg Zolwer
- Suessemer Schlass
- Bielesser Buerghaus
Suessem a spéitréimescher Zäit
[änneren | Quelltext änneren]Zu der Zäit vun de Réimer, gouf et zu Suessem op d'mannst zwou Réimervillaen (ënner anerem d'Villa Grueweléck). Well Suessem um Kiem louch, dee vum Tëtelbierg op Duelem gaangen ass, gëtt ugeholl, datt e réimescht Kastell déi kleng Siidlung geschützt huet. Dëst Kastell soll net méi gewiescht sinn, wéi e véiereckege Wuechttuerm aus Holz. Dokumenter aus dem 13. Joerhonnert beleeën, datt aus dem Tuerm ee véiereckege Tuerm aus Stee ginn ass.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
[änneren | Quelltext änneren]Quell:STATEC
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]Beschreiwung am Originaltext: Parti: au I d'or au lion contourné de sable, armé et lampassé de gueules, la queue fourchue et passée en sautoir; au II d'argent au lion de sable, armé et lampassé de gueules; l'écu à la bordure de gueules, alternativement chargée de quatre roues dentées d'or et de quatre socs de charrue d'argent |
Politik
[änneren | Quelltext änneren]De Gemengerot vu Suessem gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 17 (virdrun: 15) Conseilleren zesummen.
De Schäfferot, deen aus de Gemengewalen 2017 ervirgoung, gëtt vun enger LSAP-CSV-Koalitioun gedroen[1].
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Joer | ADR | CSV | DP | gréng | KPL | Lénk | LSAP | PPPL | Fokus |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1999 | 1 | 6 | 1 | 2 | 0 | 1 | 4 | - | - |
2005 | 1 | 5 | 1 | 3 | 0 | 0 | 5 | - | - |
2011 | 0 | 3 | 1 | 3 | 0 | 1 | 7 | - | - |
2017 | 0 | 5 | 1 | 2 | 0 | 2 | 7 | - | - |
2023 | 1 | 5 | 1 | 1 | - | 1 | 7 | 1 | 0 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschtere vu 1799 bis haut[2]
[änneren | Quelltext änneren]- 1799 - 1807, Dominique Charpentier
- 1808 - 1812, Nicolas Hilbert
- 1813 - 1814, Pierre Krantz
- 1815 - 1818, Philippe Krier
- 1818 - 1827, Charles Auguste de Tornaco
- 1827 - 1848, Egide van Dyke[3]
- 1849 - 1861, Jean Pretemer
- 1861 - 1867, Pierre Kremer
- 1867 - 1870, Jean Pretemer
- 1870 - 1879, J.-P. Pretemer
- 1879 - 1882, J.-P. Schambourg
- 1882 - 1893, J.-P. Meyer
- 1894 - 1914, Nicolas Knepper
- 1915 - 1924, Jacques Batting
- 1925 - 1932, Edouard Thill
- 1932 - 1934, Pierre Greisch
- 1935 - 1937, Jean Donnersbach
- 1937 - 1940, Pierre Greisch
- 1940 - 1944, däitsch Occupatioun
- 1944 - 1966, Pierre Greisch
- 1966 - 1980, Roger Krier
- 1980 - 1997, Mathias Greisch
- 1997 - 2005, Fred Sunnen
- 2005 - 2020, Georges Engel
- zanter dem 13. Juli 2020: Simone Asselborn-Bintz[4]
Interkommunal Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Suessem ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Jumelage
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Suessem
- Schlass Suessem
- Bemierkenswäert Beem beim Schlass
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gemeng Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Suessem
- Offiziell Säit vun de Schoulen aus der Gemeng Suessem
- D'Gemeng Suessem op der Websäit vum Syvicol
- TICE
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "LSAP/CSV-Koalitioun mam Georges Engel als Buergermeeschter." rtl.lu, 18.10.2017, 16:24:03.
- ↑ Kuerz&Knapp. Gemengebuet vun der Gemeng Suessem. Karschnatz [= August] N°4-[20]20, S.4-5.
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
- ↑ Gemeng Suessem: Nei Buergermeeschtesch vereedegt. www.rtl.lu (13.07.2020). Gekuckt de(n) 20.07.2020.