Guttland

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schëld zu Ierpeldeng
Felder a Bësch am Guttland bei Féngeg

D'Guttland ass eng Géigend zu Lëtzebuerg an an Däitschland.

Lëtzebuerger Guttland[änneren | Quelltext änneren]

D'Guttland definéiert sech zu Lëtzebuerg als Géigestéck zum Éislek, a läit südlech vun enger imaginärer Linn, déi ënner Pärel am Weste bis ënner Veianen am Oste verleeft. D'Guttland huet eng total Fläch vun ongeféier 1758 km²[1].

Zum Guttland zielen aner Géigenden, wéi d'Minettsgéigend, de Museldall an d'Kleng Lëtzebuerger Schwäiz.

Säin Numm huet d'Guttland héchstwahrscheinlech dohier, well do de Buedem, deen aus kallekhaltegen, leemege Sedimentformatioune besteet (Muschelkallek, Keuper a Lias), méi erdragsräich ass wéi deen am Éislek. En anere Grond ass deen, datt et am Guttland mat enger Duerchschnëttshéicht vun 200 - 300 m an der Reegel liicht méi waarm ass wéi am Norden.

En Drëttel vum Guttland ass Bësch. Besonnesch am Dall vun der Uelzecht, déi queesch vu Süden no Norden derduerchleeft, an am Südwesten ass d'Guttland staark urbaniséiert. Do sinn ë. a. d'Stad Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Déifferdeng an Diddeleng ze fannen.

Guttland an Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

Topografesch Kaart vu Westdäitschland a Grenzgebidder

Zum Guttland am geografesche Sënn gehéieren och e puer däitsch Gebidder an der Géigend vun Tréier, nämlech westlech vun der Saar a laanscht der Kyll (südlech vu Béibreg).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Situation géographique. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-02-03.