Lias

Vu Wikipedia

De Lias (oder schwaarze Jura) ass eng geologesch Ofdeelung vum Jura, déi um Keuper läit. D'Schichte vum Lias goufe virun zirka 205 - 180 Mio Joren am Juramier ofgelagert. Am Lias fënnt een haaptsächlech donkel Tounen an Tounmergelen (dohier och den Numm Schwarze Jura).

De Lëtzebuerger Sandsteen ass een Deel vun de Liasformatiounen déi zum Schluss vun den Oflagerungen am Hettenger Mier entstane sinn.

De Lias huet 4 Stufen:

däitsch a franséisch Nimm

  • Toarcium, Toarcien (183,0-175,6 Ma)
  • Pliensbachium, Pliensbachien (189,6-183,0 Ma)
  • Sinemurium, Sinémurien (196,5-189,6 Ma)
  • Hettangium, Hettangien (199,6-196,5 Ma)