Perm (Geologie)

Vu Wikipedia

D'Period Perm ass déi lescht Period aus dem Äerdaltertum. No hir kënnt d'Period Trias aus dem Äerdmëttelalter. Virun hir war d'Period Karbon.

Si ass an dräi Epochen agedeelt: Loping, Guadalup an Cisural an huet virun ongeféier 299 Millioune Joer ugefaangen a bis virun 251 Millioune Joer gedauert.

Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Reptiller hunn d'Pangea eruewert a goufen déi Wierbeldéieregrupp déi d'Welt dominéiert huet.

Beim gréisste Massestierwen si bal 95 Prozent vun all den Aarten am Mier ausgestuerwen.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Bal déi ganz Landfläch huet sech zum Kontinent Pangea zesummegeschloss an eng riseg Wüst ass an der Mëtt vum Superkontinent entstanen. Un de Ränner war en tropescht Klima mat vill Reen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Permian – Biller, Videoen oder Audiodateien