Reptiller

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Reptiller
En Därendäiwel
En Därendäiwel
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Iwwerklass: Kiefermünder
Klass: Reptiller
Wëssenschaftlechen Numm
Reptilia
Laurenti 1768
Uerdnungen

Schuppereptiller
Deckelsmouken
Krokodiller
Eidechsen

D'Reptiller sinn eng Klass vu Wierbeldéieren, déi am Laf vun der Äerdgeschicht no den Amphibien, aus deenen eraus se sech entwéckelt hunn, entstane sinn.

Bescht bekannt Vertrieder vun de Reptiller sinn d'Eidechsen, d'Schlaangen, d'Deckelsmouken, d'Krokodiller an d'Dinosaurier (déi virun zirka 64 Millioune Joer ausgestuerwe sinn).

Anatomie[änneren | Quelltext änneren]

De Kierper vun der Reptiller ass mat Hornschuppe bedeckt a si ootmen duerch Longen. Si si wiesselwaarm (heterotherm), d. h. datt hir Kierpertemperatur sech der Baussentemperatur upasst, well se hir Kierpertemperatur net selwer regele kënnen. D'Reptiller planze sech duerch Eeër fort.

Hir Longe si méi kleng a manner komplizéiert opgebaut wéi déi vun de Vullen an de Mamendéieren, well se wéinst hirem nidderegen Energieverbrauch vill manner Loft brauchen. Och hiert Häerz ass méi kleng (2 % vun hirem Kierpergewiicht) sinn den Ufuerderungen déi hirem Bluttkreeslaf gestallt ginn, ugepasst.

An enger waarmer Ëmgéigend ass hire Stoffwiessel séier genuch, mä soubal d'Temperatur awer fält, fänke si u méi roueg ze ginn, si friessen näischt méi bis si dann eng Kéier ganz estarren. Dësen Zoustand kënne si iwwer Méint halen ouni iergendwéi Schied z'erleiden. Datt ass de sougenanntene Wanterschlof. Well d'Reptiller sou staark vun enger héijer Temperatur an hirer Ëmgéigend ofhängeg sinn, liewen déi meescht vun de 5000 Aarten a waarme Länner. Obwuel déi meescht Fleeschfrësser sinn, gëtt et verschidden Zorten déi och vegetaresch liewen, wéi déi grouss Mierechs vun de Galapagosinselen.

Fortbeweegung[änneren | Quelltext änneren]

D'Fortbeweegung vun de Reptiller ass och ganz ënnerschiddlech. En Deel kraucht mat hirem Bauch iwwer de Bueden (Schlaangen oder verschidden Eidechsenzorten), anerer kënnen op hiren hënneschte Been lafen a mat hirem Schwanz steieren (Kragenechsen, Chlamydosaurus kingi), déi meescht ginn awer op hire véier Patten (Krokodiller). Et gëtt der souguer déi schwammen oder duerch d'Loft segele kënnen.

Ofstammung[änneren | Quelltext änneren]

Vun der geschichtlecher Entwécklung hir stamen d'Reptiller an d'Vulle vun den amphibesche Landwirbeldéieren of. Ausser den Amphibië gi si als Amniota bezeechent. D'Amniota ginn an zwou Gruppe gedeelt, déi sech ob d'Zuel vun de Schädelëffnungen (ausser A, Nues an Oueren) baséieren: d'Synapsida (eng Ëffnung) an d'Diapsida (zwou Ëffnungen); d'Ur-Amniota (Anapsida) hate keng Ëffnungen. Zu de Diapsida ginn d'Reptiller an d'Vulle gezielt, mat verschiddene bekannten ausgestuerwene Gruppe wei d'Dinosaurier (Dinosauria) oder Flugsaurier (Pterosauria). Deckelsmouken allerdéngs weise keng Ëffnung, wouduerch si eigentlech miissten zu den Anapsida zielen. Verschidde Paläontologen mengen zwar datt dat duerch eng spéider Zréckentwécklung vun de Diapsiden wier. Si zielen haut zu der Schwëstergrupp vun den Archosaurier aus der Famill vun de Reptiller duerch d'Lag vun hirer Halsoder an der Ausbildung vun hirer Aorta. D'Fossilsituation ass awer nach net definitiv gekläert.

Déi éischt Reptiller triede virun ongeféier 300 Millioune Joer (Perm) ob. Eng éischt Opdeelung kënnt scho ganz fréi vir: déi oneigentlech Reptiller (Parareptilia) an déi eigentlech Reptiller (Eureptilia). Vertrieder vun de Parareptilia sinn déi am Trias ausgestuerwen Procolophonida, déi dacks als no Famill vun de Schildkröten ugesi ginn, und déi am Perm ausgestuerwen Pareiasauria. D'Eureptilia ginn agedeelt an.: d'Archosauria, also d'Krokodiller, d'Flugsaurier an d'Dinosaurier (an haut och d'Vullen) an d'Leptosauria, wéi d'Eidechsen, d'Schlaangen, Duebelschleichen an d'Bréckenechsen dozougeheieren. Donieft gëtt et och nach den ausgestuerwenen Aascht Sauropteriygia, déi grouss Mieresreptiller.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

D'Systematik vun de Reptiller gëtt et an zwou Versiounen:

Versioun 1 (klassesch Versioun): Schildkröten als Anapsida

Dës Versioun stellt d'Reptiller als eng vollkomme kënschtlech Grupp duer (Polyphylum), well si souwuel d'Synapsida (mat de Mamendéieren) wéi och d'Vullen ausschléisst:

Versioun 2: Schildkröten als Schwëstergrupp vun den Archosauria, Reptiller und Vullen als Sauropsida. An dësem Fall bilden d'Reptiller nach ëmmer keng vollstänneg natierlech Grupp, well si d'Vullen ausschléissen. D'Alternativ Sauropsida, déi d'Vullen als Deel vun den Dinosauria mat ëmfaasse sinn awer en echt Taxon:

Commons: Reptilia – Biller, Videoen oder Audiodateien