Schlaangen

Vu Wikipedia
Schlaangen

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Schlaangen

D'Schlaangen (gr. ὄφεις ópheis; lat. serpentes) sinn eng Ënneruerdnung vun de Schuppereptiller, déi weltwäit eng 3000 Aarten ëmfaasst.

Schlaange si Reptiller mat engem zylindreschen a verlängerte Kierper, ouni siichtbar Glidder. Si hunn hir Patten am Laf vun der Evolutioun verluer, geneesou wéi zwou aner Gruppe vu véierbeenege Vertebraten, d'Amphisbaenia, déi genee wéi d'Schlaangen zu de Schuppereptiller gehéieren (Squamata), an d'Gymnophiona, déi zu den Amphibien zielen.

Schlaangen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et zwou Schlaangenaarten, déi allen zwou an d'Famill vun den Natteren (Colubridae) gehéieren.

Eng drëtt Aart ass ëmmer nees am Gespréich, well d'Schléngnatter reegelméisseg mat der Kräizotter (Wipper) verwiesselt gëtt. D'Kräizotter konnt awer bis haut nach nie zu Lëtzebuerg nogewise ginn.

Dem Heng Klees no gëtt et zu Lëtzebuerg nach follgend Bezeechnungen: Schlaangendéier, Schéiss-Onk, Schéiss-Schlaang (bezeechent eng gréisser Schlaang an de Seechen zu Lëtzebuerg).[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Chris Mattison: Die Schlangen-Enzyklopädie. BLV Verlagsgesellschaft mbH, 1999, ISBN 3-405-15497-9.
  • Mark O’Shea: Giftschlangen. Franckh-Kosmos Verlags-GmbH & Co. KG, Stuttgart 2006, ISBN 3-440-10619-5.

Literatur, déi mat Lëtzebuerg ze dinn huet[änneren | Quelltext änneren]

  • Engel, E. & R. Thorn, 1996. L'herpétofaune du grand-duché de Luxembourg: Bilan actuel. Bull. Soc. herp. fr. 78: 61-64.
  • Feltgen, E., 1899. Schlangen und Schlangengift. Bull. Soc. Nat. luxemb. 9: 30-32. (PDF 152 kB)
  • Ferrant, Victor, 1922. Faune du grand-duché de Luxembourg. Deuxième partie: Amphibiens et reptiles. Annexes aux Bull. mens. Soc. Nat. luxemb. 16: 1-55.
  • Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  • La Fontaine, Alphonse de, 1870. Reptiles. 49 p. Imprimerie V. Bück, Luxembourg.
  • Luja, E., 1947. Les serpents venimeux du Brésil. Bull. Soc. Nat. luxemb. 52: 8-13. PDF 327 kB
  • Proess, Roland (Hrsg.), 2007. Verbreitungsatlas der Reptilien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 52. 54 S. ISSN 1682-5519.
  • Müllenberger, H., 1897. Ueber das Schlangengift. Bull. Soc. Nat. luxemb. 7: 93-93. (PDF 52 kB)
  • Schliep, H., 1899. Die Schlange in der Mythe und in der Wirklichkeit. Bull. Soc. Nat. luxemb. 9: 116-123; 133-140; 151-156; 175-180; 201-208; 215-222.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Klees 1981: 30 an der Literatur.