Aart
![]() |
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Aart oder d'Spezies ass d'Grondeenheet vum System vun de Liewewiesen. D'Individue vun enger Aart bilden eng natierlech Fortplanzungsgemeinschaft, där hir Nokomme fruchtbar sinn a sech net mat aneren Aarte vermëschen. Wann et trotzdeem eng Kéier firkënnt, datt zwou verschidden Aarte sech vermëschen, da sinn hir Nokommen Hybriden.
De Carl von Linné huet a sengem Wierk, dem Systema naturae, de Grondsteen vun der wëssenschftlecher Nomenklatur geluecht, andeems hien d'Taxonomie, eng binär Nomenklatur, agefouert huet an domat d'Grondlag geschaf vun der botanescher Fachsprooch.
De wëssenschaftlechen Numm vun enger Aart gëtt deemno op Latäin geschriwwen a setzt sech aus engem éischten Deel, den Numm vun der Gattung, an engem zweeten Deel, an der Zoologie Aartzousaz oder spezifeschen Aartnumm genannt, an der Botanik Aart-Epitheton, zesummen. Zum wëssenschaftlech Numm gehéiert och den Numm vum Auteur (dacks gekierzt), an der Zoologie kënnt nach d'Joer derbäi, an deem d'Aart beschriwwe gouf. Dëst erlabt et, fir Synonymen auserneen ze halen.
D'Aarte kënnen nach an Ënneraarten agedeelt ginn. Sou ass z. B. d'Hauskaz eng Ënneraart vun der wëller Kaz.
an der Botanik | ||||
---|---|---|---|---|
Vernakularnumm | Wëssenschaftlechen Numm | Gattungsnumm | Aart-Epitheton | Ënneraart |
Risebiereklo | Heracleum mantegazzianum Somm. et Lev. | Heracleum | mantegazzianum | --- |
Éisträichesch Schwaarzkifer | Pinus nigra Arnold subsp. nigra | Pinus | nigra | nigra |
an der Zoologie | ||||
Vernakularnumm | Wëssenschaftlechen Numm | Gattungsnumm | Artzousaz, Spezifeschen Aartnumm | Ënneraart |
Nilgäns | Alopochen aegyptiaca (Linnaeus, 1766) | Alopochen | aegyptiaca | --- |
Asiatesch Gielfouss-Runn | Vespa velutina subsp. nigrithorax de Buysson, 1905 | Vespa | velutina | nigrithorax |