Alphonse de la Fontaine

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Alphonse Joseph de la Fontaine, gebuer de 5. Juli 1825 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 4. Juli 1896, war e lëtzebuergesche Forstingenieur an Zoolog. Hien ass den Auteur vun der Faune du pays de Luxembourg ou manuel de zoologie, der éischter Fauna vun de Wierbeldéieren vu Lëtzebuerg.

Hien ass de Jong vum Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine an de Brudder vum Léon de la Fontaine a vum Edmond de la Fontaine, genannt Dicks.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Alphonse de la Fontaine, 1865-1872. Faune du pays de Luxembourg ou manuel de zoologie contenant la description des animaux vertébrés observés dans le pays de Luxembourg. Imprimerie-librairie Victor Buck, Luxembourg.

  • 1865: Oiseaux, première partie, 1-152. [1]
  • 1866: Oiseaux, deuxième partie, 153-326. [2]
  • 1868: Mammifères, première partie, 1-228.
  • 1870: Reptiles, 1-49, table alphabétique I-II.
  • 1872: Poissons, 1-89, 2 planches, table alphabétique I-V.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mersch, Jules (1956): La famille de la Fontaine. Biographie nationale du pays de Luxembourg , fasc. 7: 39-132 (Alphonse de la Fontaine: 121-127).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]