Edouard Luja

Vu Wikipedia
Edouard Luja
Gebuer 11. Februar 1875
Lëtzebuerg
Gestuerwen 14. September 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Biolog, Botaniker
Famill
Papp Antoine Luja
Geschwëster Henri Luja
Exploratiounsreese vum Edouard Luja

Den Edouard-Pierre Luja, gebuer den 11. Februar 1875 a gestuerwen de 14. September 1953 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Edouard Luja, Jong vum Architekt Antoine Luja (1845-1916), huet a Frankräich, der Belsch an an England Gaardebau studéiert, an huet 1898 ugefaangen, laang Fuerschungsreesen ze maachen. Fir d'éischt an de Kongo (1898), duerno an de Mosambik (1900-1902), dann nees fënnefmol an de Kongo (1903-1914, 1928-1930), dertëscht och eng Kéier a Brasilien (1924).

Ofgesi vun der Zäit vum Éischte Weltkrich war e praktesch bis 1931 bal ëmmer ënnerwee. Bei senge Fuerschungsreesen huet hien ongeféier 80 nei Planzen entdeckt, a ronn 130 bis dohin onbekannten Déieren. Et sinn Termiten drënner, Fësch, Päiperleken a Seechomessen. Vill vun deene Planzen an Déiere krute säin Numm, z. B. d'Acacia lujaei oder d'Eulophia lujaeana.

Dem Edouard Luja säin Numm wäert fir ëmmer mat der Geschicht vum Kaffi verbonne bleiwen. Hien huet e wichtege Bäitrag dozou geleescht, d'Kaffisplantagen an Indonesien ze retten, andeems en erausfonnt huet, wat fir ee Parasit se befall hat (de parasitesche Champignon Hemileia vastatrix), an dunn, datt et am Kongo eng Kaffisvarietéit gëtt, déi do dergéint resistent ass. Et handelt sech ëm de Kaffi Robusta (Coffea canephora var. robusta). Dës Varietéit gouf dunn iwwerall a Malaysia ugeplanzt. De Kaffi Robusta mécht haut ronn 30 % vun der Weltproduktioun aus. (Deen anere Kaffi gëtt mat de Boune vun de Kaffisaarten Coffea arabica an, zu engem klengen Deel, Coffea liberica zoubereet).

1921 huet hie fir d'Belgo-Mineira, eng Duechterfirma vun der Arbed, a Brasilien ënnersicht, wat fir Planzen, déi séier wuessen, am beschten unzeplanze wieren. Hie koum zu der Conclusioun, datt dat den Eukalyptus wier, an nach haut ass d'Belgo Mineira eng vun de wichtegsten Ubauer vun deene Beem[1].

Zu Lëtzebuerg war hie Member vun der Botanescher Gesellschaft a vum Institut grand-ducal, an Éierepresident vun der Société des naturalistes luxembourgeois (Fauna). Hien huet dem Nationalmusée fir Naturgeschicht eng grouss Zuel vun Objete geschenkt, dorënner och déi, déi hien als Éischten entdeckt huet. Se sinn haut e wichtege Bestanddeel vun de Kollektioune vum Naturmusée.

Seng lescht Jore war den Edouard Luja zu Lëtzebuerg, wou en och gestuerwen ass. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Luja, E., 1946. Les Atta, Acromyrmex discigera, Mayr., fourmis coupeuses de feuilles du Brésil. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 51 (Livre Jubilaire, fasc. 2): 3-11. Pdf 863 kB
  • Luja, E., 1947. Les serpents venimeux du Brésil. - Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 52: 8-13. Pdf 327 kB
  • Luja, E., 1951. Récit d'un voyage au Mozambique (1900-1902) (avec 2 cartes). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55: 193-210. Pdf 880 kB
  • Luja, E., 1953. Voyages et séjour au Brésil, État de Minas Geraes (1921-1924). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 57: 34-63. Pdf 1683 kB

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "O engenheiro Edouard Luja, primeiro plantador de eucalipto da Belgo (Mineira)". Memoria Belgo, Boletim electrónico, a. II – n. 31, 04 de agosto de 2004.