Seechomessen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Seechomes)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Seechomessen
Eng Seechomes vun der Aart Camponotus ligniperda
Eng Seechomes vun der Aart Camponotus ligniperda
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Ënnerklass Fluchinsekten
Uerdnung: Hymenoptera
Ënneruerdnung: Taillenharespelen
Famill: Seechomessen
Wëssenschaftlechen Numm
Formicidae
Latreille, 1802
Seechomessen am Bernsteen aus dem Baltikum.
Seechomessen am Bernsteen aus dem Baltikum.

Seechomessen (Formicidae) sinn eng Famill vun den Insekten bannent der Uerdnung vun den Hymenoptera (Apocrita).

Den Numm setzt sech zesummen aus "seech-" (vu seechen, well d'Déier bei Gefor e Gëft versprutzt) an "-omes", dat op dat alhoudäitscht ‚emaz‘, ‚ëmatîc‘ = Nhd. ‚emsig‘ ("fläisseg") zréckgoe kéint[1].

Et gëtt, jee no Quell, tëscht 11.000[2] an 12.500[3] Aarte vu Seechomessen, dovun der eng 200 an Europa. Déi eelst fossiliséiert Fondstécker sinn aus der Kräidzäit a ginn op en Alter vu ronn 100 Millioune Joren datéiert. Et gëtt ugeholl, datt et déi Déiere scho virun 130 Millioune Joer gouf.[4]

All bekannt Seechomessenaarte sinn a Staaten organiséiert. Si stellen déi gréisst Grupp vun eusozialen Insekten duer.[5]

En typesche Seechomessestaat besteet aus e puer honnert bis zu e puer Milliounen Individuen. D'Déieren a sou Staaten sinn sou organiséiert (no "Kasten"), datt se verschidde Kategorië vun Aarbechte maachen, déi Haaptkategorië sinn Aarbechter, Weibchen (Kinnigin) a Männchen. D'Aarbechter hu bei de Seechomesse keng Flilleken, just déi geschlechtsräif Weibercher a Männercher.

Seechomessen hunn no Aart vill verschidde Liewensweisen: et gëtt "Jeeër", "Sammler" oder "Ziichter" (z. B. vu Blatlais), bis hin zu Aarten, déi Pilzen als Kascht kultivéieren wéi z. B. d'Blatschneiderseechomessen (Gattungen Atta an Acromyrmex). Verschidden Aarte bedreiwe Sklaverei oder Sozialparasitismus, andeems s'entweeder d'Aarbechter vun aneren Aarte „versklaven“ (z. B. Polyergus rufescens), oder andeems hir Weibercher sech am Stack vun engem anere Staat "infiltréieren" an do hir Nokommen vun deenen opzille loossen (z. B. Anergates atratulus).[6][7]

Seechomessestaaten hunn en nohaltegen Afloss op hir Ëmwelt, andeems se déi iewescht Buedemschichten ëmkéipen, planzlecht Material ofbauen, Som verbreeden oder als Raiber d'Entwécklung vun aneren Arthropode reguléieren.[8]

D'Erfuerschung vun de Seechomessen heescht Myrmekologie.

Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Henri Klees no gëtt et follgend Nimm a Bezeechnungen:

Bujhel(l)i F. (Rodingen), Pujhelli, Däbbëssen, Dibbëssen (Pl.), Jaddermunnes F. (Lux., Ettelbrück), Jäjum(m)es, Jeemimes, Jéiermes, Jejom(m)es, Jejermuss, Omes, Omeseesch F. (Büringen), Owenzel (Du, längs der dt. Grenze, Dtl), Pischummes, Pissmummes, Sää(ch)mummes, -omes, See(ch)mummes, -om(m)es, -jummescht, Seemëchel, Seejomesch, Zamais (Coll. C)

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Fossil a rezent Seechomessen, kombinéiert no Moreau[9] a Ward[10]

Formicidae 

 Armaniinae*


     

 Sphecomyrminae


     

 Martialinae


     

 Leptanilloide, Leptanillinae


 Poneroide 

 Agroecomyrmecinae


     

 Amblyoponinae


     

 Paraponerinae


     

 Ponerinae


     

 Proceratiinae


     

 Brownimeciinae



 Poneroide 

 Ecitoninae


     

 Aenictinae


     

 Dorylinae


     

 Aenictogitoninae


     

 Cerapachylinae


     

 Leptanilloidinae


     

 Dolichoderinae


     

 Aneuretinae


     

 Pseudomyrmecinae


     

 Myrmeciinae


     

 Ectatomminae


     

 Heteroponerinae


     

 Myrmicinae


     

 Formicinae


     

 Formiciinae


     

 Paleosminthurinae





D'Seechomessen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 2013 an 2017 hunn d'Myrmekologe Philippe Wegnez, David Ignace a Cécile Morro en Atlas vun de Seechomessen zu Lëtzebuerg opgestallt, an deem folgend 64 Aarten, aus 4 Ënnerfamillen, repertoriéiert sinn. 19 Aarte goufe vun hinnen eng éischt Kéier am Land nogewisen, iwwerdeems der 10, déi fréier eng Kéier signaléiert gi waren, entweeder ugezweifelt goufen, oder als warscheinlech net méi present deklaréiert goufen.[11]

Nogewisen Aarten[änneren | Quelltext änneren]

  • Ënnerfamill Dolichoderinae (Forel, 1878)
  • Ënnerfamill Formicinae (Latreille, 1809)
    • Camponotus (s. str.) herculeanus (Linné, 1758)
    • Camponotus (s. str.) ligniperda (Latreille, 1802)
    • Camponotus (Myrmentoma) lateralis (Olivier, 1791)
    • Formica (Coptoformica) exsecta Nylander, 1846
    • Formica (Coptoformica) pressilabris Nylander, 1846
    • Formica (s. str.) polyctena Foerster, 1850
    • Formica (s. str.) pratensis Retzius, 1783
    • Formica (s. str.) rufa (Linné, 1758)
    • Formica (s. str.) truncorum Fabricius, 1804
    • Formica (Raptiformica) sanguinea (Latreille, 1798)
    • Formica (Serviformica) cunicularia (Latreille, 1798)
    • Formica (Serviformica) fusca (Linné, 1758}
    • Formica (Serviformica) rufibarbis Fabricius, 1793
    • Lasius (Cautolasius) flavus (Fabricius, 1781)
    • Lasius (Cautolasius) myops Forel, 1894
    • Lasius (Chthonolasius) mixtus (Nylander, 1846)
    • Lasius (Chthonolasius) umbratus (Nylander, 1846)
    • Lasius (Chthonolasius) bicornis (Foerster, 1850)
    • Lasius (Chthonolasius) distinguendus (Emery, 1916)
    • Lasius (Chthonolasius) jensi (Seifert, 1982)
    • Lasius (Chthonolasius) meridionalis (Bondroit, 1919)
    • Lasius (Chthonolasius) sabularum (Bondroit, 1918)
    • Lasius (Dendrolasius) fuliginosus (Latreille, 1798)
    • Lasius (s. str.) alienus (Foerster, 1850)
    • Lasius (s. str.) brunneus (Latreille, 1798)
    • Lasius (s. str.) emarginatus (Olivier, 1792)
    • Lasius (s. str.) niger ((Linné, 1758)
    • Lasius (s. str.) platythorax (Seifert, 1991)
    • Plagiolepis pygmaea (Latreille, 1798)
    • Plagiolepis taurica Santschi, 1920
    • Polyergus rufescens (Latreille, 1804)
  • Ënnerfamill Myrmicinae (Latreille, 1804)
    • Anergates atratulus (Schenck, 1852)
    • Aphaenogaster subterranea (Latreille, 1798)
    • Formicoxenus nitidulus (Nylander, 1846)
    • Leptothorax acervorum (Fabricius, 1793)
    • Leptothorax muscorum (Nylander, 1846)
    • Myrmecina graminicola (Latreille, 1802)
    • Myrmica bibikoffi Kutter, 1963
    • Myrmica lobicornis Nylander, 1846
    • Myrmica rubra ((Linné, 1758)
    • Myrmica ruginodis Nylander, 1846
    • Myrmica rugulosa Nylander, 1849
    • Myrmica sabuleti Meinert, 1861
    • Myrmica scabrinodis Nylander, 1846
    • Myrmica schencki Viereck, 1903
    • Myrmica specioides Bondroit, 1918
    • Solenopsis fugax (Latreille, 1798)
    • Stenamma debile (Foerster, 1850)
    • Strongylognathus testaceus (Schenck, 1852)
    • Temnothorax affinis (Mayr, 1855)
    • Temnothorax albipennis (Curtis, 1854)
    • Temnothorax corticalis (Schenck, 1852)
    • Temnothorax interruptus (Schenck, 1852)
    • Temnothorax nigriceps (Mayr, 1855)
    • Temnothorax nylanderi (Foerster, 1850)
    • Temnothorax parvulus (Schenck, 1852)
    • Temnothorax tuberum (Fabricius, 1775)
    • Temnothorax unifasciatus (Latreille 1798)
    • Tetramorium groupe caespitum-impurum
  • Ënnerfamill Ponerinae
    • Hypoponera punctatissima (Roger, 1859)
    • Ponera coarctata (Latreille, 1802)
    • Ponera testacea Emery, 1895

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seechomessen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Seechomes Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Grimmsches Wörterbuch
  2. Edward O. Wilson, Bert Hölldobler: The rise of the ants: A phylogenetic and ecological explanation. In: Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America. 102, 21, 2005, S. 7411–7414. (Volltext) (englesch)
  3. www.antbase.org – Internetdatenbank aller bekannter Ameisenarten
  4. D. Agosti, D. Grimaldi, J. M. Carpenter: Oldest known ant fossiles discovered. In: Nature. Bd. 391, 29. Januar 1998, S. 447 ff, doi:10.1038/35051. (englesch)
  5. C. Rabeling, J. M. Brown, M. Verhaagh: "Newly discovered sister lineage sheds light on early ant evolution." in: Proceedings of the National Academy of Sciences of the United States of America (ed.: National Academy of Sciences), vol. 105, no. 39, 2008, S. 14913-14917.
  6. M. Chinery: Insekten Mitteleuropas. 3. Auflage. Paul Parey, 1984. ISBN 3-490-14018-4, S. 242 ff.
  7. W. Kirchner: Die Ameisen, Biologie und Verhalten. 2. Auflage. C. H. Beck, München 2007, ISBN 3-406-44752-X.
  8. Forstliche Versuchs- und Forschungsanstalt Baden-Württemberg (FVA): Information zur Ökologie der Ameisen im Online Bestimmungsschlüssel. gekuckt den 10. Februar 2009.
  9. C.S. Moreau, C.D. Bell, R. Vila, S.B. Archibald, N.E. Pierce (2006): Phylogeny of the ants: diversification in the age of angiosperms. Science 312:101–104.doi:10.1126/science.1124891
  10. Philip S. Ward: Phylogeny, classification, and species-level taxonomy of ants (Hymenoptera: Formicidae). In: Zootaxa. 1668, 2007, S. 549–563. PDF (englesch)
  11. Wegez/Ignace/Morro 2021 an der Literatur.