Kast

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Begrëff Kast staamt aus der portugisescher/spuenescher Sprooch: "casta", wat "Rass" heescht, mä och aus dem Latäin: "castus", wat "réng" heescht, an ass virrangeg aus Indien bekannt. D'Portugisen, déi fréier Kolonialhären an Indien waren, hu probéiert mat dësem Begrëff e Phenomen vun Ofgrenzung an der hierarchescher Uerdnung vu Gruppen ze bezeechnen, dee si aus der eegener Kultur net kannt hunn. Déi Andeelung betrëfft virun allem de Status, d'Bestietnes an d'Aarbechtsdeelung. Beim Kastesystem gëtt et véier Haaptkasten (Varna) déi an Ënnergruppen (Jati) agedeelt sinn. Obwuel et hautdesdaags illegal ass Leit wéinst hirer Kast ze diskriminéieren, huet de System traditionell déi ënnescht Kasten dovun ofgehalen, hire sozialen an ekonomeschen Status ze verbesseren. Just well een enger méi déiwer, respektiv méi héijer, Kast ugehéiert, muss dat net heeschen, datt ee méi aarm, respektiv méi räich ass wéi ee vun enger anerer Kast. Obwuel d'Kastesystem aus dem Hinduismus kënnt, gouf et hinduistesch Oppositiounen wéinst de Barrièren, déi d'Kaste presentéieren.

Varna[änneren | Quelltext änneren]

Varna bedeit am Sanskrit "Klass, Faarf, Stand". Et gëtt véier Varna:

  1. Brahmanen: d'Priister, déi intellektuell Elite, Interprete vun den Hellege Schrëften
  2. Kshatriya: Zaldoten, Prënzen, héijer Beamten, Adeleg
  3. Vaishya: Händler, Grondbesëtzer, Baueren
  4. Shudra: Handwierker, Piechter, Doléiner

D'Entstoe vun de Kasten ass mythologesch begrënnt. Aus dem Urmënsch Purusha sinn déi véier Varna entsprongen:

  • aus sengem Mond sinn d'Priister komm
  • aus senger Schëller sinn d'Zaldote komm
  • aus sengem hënneschte Been d'Händler
  • a schliisslech aus senger Fousssuel déi Déngschtleeschtend

Sou wéi d'Kierperdeeler iwwerenee leie,, stinn déi véier Varna och hierarchesch iwwereneen. D'Priister stinn un der Spëtzt vun der Hierarchie, iwwer den Zaldoten, déi hirersäits nees iwwer den Händler stinn. Ënner de Shudra stinn just nach déi "Onberéierbar" oder och "Dalit" genannt. Si si fir "knaschteg" Aarbechten, wéi Toilette botzen oder Stroosse kieren zoustänneg. Et gëtt ugeholl datt mam Begrëff Varna d'Hautfaarf gemengt ass: wat d'Kast méi héich ass, wat d'Hautfaarf méi hell ass. Déi Theorie ass ëmstridden, well se um Rasseschema vun Eruewerer an Auswanderer baséiert. De System vun de Varnaen ass eng theoretesch Uerdnung, et ass déi ideologesch Legitiméierung fir gesellschaftlech Hierarchiséierung. Den Urspronk vum Varna-System ass geschichtlech onkloer. Wahrscheinlech awer ass de Kastesystem duerch d'Zesummewuesse vu verschiddene Vëlker entstanen. Réischt am Buch vu Manu (=Mënsch), dat op de Stammpapp vun alle Mënschen zréckgefouert gëtt, ginn d'Reegele vum Kastesystem formuléiert. Eréischt am Mëttelalter setzt sech de strenge Klasserigorismus duerch, dee seet, datt Sexualverkéier, gemeinsamt Iessen a souguer Beréierung vu Membere vun anere Kasten "onreng" mécht. All Kast huet ënnerschiddlech reliéis a kultesch Virschrëften. De Respekt vun dëse Virschrëften ass eng onbedéngt Flicht.

Jati[änneren | Quelltext änneren]

Jati kann ee mat de Begrëffer "Aart", "Gattung" oder "Wuerzel" iwwersetzen. Datt Wuert gëtt an Indien fir d'Klassifikatioun vun de Mënschen a Gruppe gebraucht, mä och fir d'Klassifikatioun vun Déieren a Steng benotzt. D'Haaptbedeitung vu Jati ass: "Gebuertsgrupp". Jati léisst sech am Sënn vu Groussfamilljen oder Clane verstoen. D'Jati sinn also déi sozial a familiär Dimensioune vum Kastesystem. Bis haut gëtt et nach ongeféier 3000 Jati. D'Jati garantéieren eng berufflech, ethnesch, sozioekonomesch a kulturell Differenzéierung.

Eng Jati regroupéiert d'Leit déi e bestëmmte Beruff hunn. Am Idealfall muss eng Persoun sech bannent dem selwechte Jati bestueden. D'Kastekonzept gëtt haut am praktesche Liewe gelieft, awer all Benodeelegungen, déi doduerch entstinn si gesetzlech verbueden. Eng Persoun bleift hiert Liewe lang an derselwechter Jati, de sozialen Opstig an eng nächst Jati ass onméiglech. Et ass awer méiglech, datt de Sozialstatus vun enger ganzer Jati klëmmt. Sou en Opstig vu ganze Jati, bezeechent de Soziolog M.N. Srinivas als "Sanskritiséierung". Bei deem Prozess iwwerhuelen déi Jati mat manner héijem Rang d'Ritualer, de Liewensstil an d'Symboler vu Jati mat méi héijem Rang. Sou kënnt ee laangfristeg zu engem sozialen Opstig.

Beruffszouuerdnung[änneren | Quelltext änneren]

Déi ursprénglech Beruffszouuerdnungen an de Jati hunn haut just nach theoretesche Wäert, praktesch gesinn, kann all Persoun hire Beruff fräi wielen.

Nëmmen en Deel vun den Brahmanen ass Priister. Brahmanen sinn haut och z. B. als Käch an bessere Restaurante populär, well haut nach puer méi Héichkasteg näischt iessen, wat vu méi Ënnerkasteg gekachten gouf. Déi traditionell Aufgaben vun de Brahmanen a souguer hier Priisterwei, ginn ëmmer méi oft vun aneren héijere soziale Klassen haut, resp. vu Memberen aus anere Varna ausgeübt.

Nëmmen e puer Kshatriya sinn nach Zaldoten. De Staatspresident vun 1997 bis 2002, den K.R. Narayanan, huet souguer zu der Kast vun den Parias, den Onberéierbaren, gehéiert. Den Mahatma Gandhi, deen Indien an d'Onofhängegkeet geféiert huet, mä och de reliéise Leader Swami Vivekananda, ware Vaishya. Trotzdeem gëtt et nach Iwwerreschter vun ursprénglechen Berufsidentitéiten op lokaler Basis, wei d'Dhobien oder Wäscher vu Benares, wou nach ëmmer d'Majoritéit vun den fréier "Onberéierbaren" an der Botzindustrie hire Liewensënnerhalt verdéngt.

Déi traditionell Kasteréit hunn eng Moderniséierung als quasi gewerkschaftlech Organisatiounen erfueren.

Bestietnes[änneren | Quelltext änneren]

Am modernen Indien existéiert eng staark Tendenz zum Bestietnes aus Léift, an esouguer arrangéiert Bestietnësser setzen sech deelweis iwwer d'Kastegesetzer ewech. Dacks beschränke sech Subjati bei der Partnersich op bestëmmten aner Subjati. Fir Inzucht z'evitéiere gi Bestietnesser tëscht Subjati mat engem gemeinsamen Virpapp vermidden.

Déi onberéierbar Kasten[änneren | Quelltext änneren]

D'westlech Virstellungen vun "Kastelosen", de Paria, baséieren haaptsächlech op vereelste Beschreiwungen. Dobäi ass an éischter Linn d'Indiebuch vum franséische Missionar an Indolog Abbé Dubois ze nennen, dat bis haut ëmmer erëm ouni Kritik ofgeschriwwen gëtt, obwuel et scho bei senger Entsteeung virun ongeféier 2 Joerhonnerten iwwerholl war. Den franséische Geeschtlechen huet dat indescht Kastewiesen als Däiwelswierk ugesinn an huet sech net eescht beméit deem gerecht ze ginn.

Richteg "Kastelos" gëtt et kaum. Déi sou bezeechent "Onberéierbar" si meeschtens Membere vun den niddregste Kasten, bezéiungsweis Ënnerkasten, wouvu wahrscheinlech der iwwer 3000 existéieren. Zanter der Indescher Onofhängegkeet gëtt et Quote fir d'Verdeelung vu Plazen an der Verwaltung an an der Educatioun fir d'Membere vun onberéierbare Kasten an der Stammesbevëlkerung (Scheduled Castes an Scheduled Tribes). Dat huet dozou geféiert, datt an deem Beräich déi Onberéierbar net mäi benodeelegt, mä éischter bewosst gefuerdert ginn. Och an der Politik huet sech sou munches verännert: Den éischten Staatspresident aus enger onberéierbarer Kast war den K. R. Narayanan, dee vun 1997 bis 2002 amtéiert huet. Et huet sech awer gewisen, datt déi formal Emanzipatioun vun den Memberen aus niddereger Kasten nach net iwwerall an dem Mooss zu enger Emanzipatioun am sozialen Liewen gehollef huet.

Deen an Indien och dacks benotzte Begrëff Harijan fir déi Onberéierbar kënnt vum Mahatma Gandhi. Harijan heescht wuertwiertlech ongeféier "Kand vum Härgott" oder méi genau "Vishnu-gebueren". D'offiziell Bezeechnung fir déi Onberéierbar ass haut Scheduled Castes. Dee vum Reformer B. R. Ambedkar markéierten Begrëff Dalit fir déi Onberéierbar huet eng éischter kämpferesch Konnotatioun a bedeit déi "Ënnerdéckten", mä och déi "Ausgenotzten".

Déi vum B. R. Ambedkar gegrënnten neo-buddhistesch Beweegung vun den Daliten ass kloer géint d'Kastesystem geriicht. Déi meescht Memberen vum Neo-Buddhismus sinn fréier Memberen vun den onberéierbare Kasten. Och d'Chrëschtentum ass bei villen Daliten an der sou genannten Stammesbevëlkerung relativ staark vertrueden.