Mohandas Karamchand Gandhi
| Mohandas Karamchand Gandhi | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | મોહનદાસ ગાંધી |
| Gebuer | 2. Oktober 1869 |
| Gestuerwen |
30. Januar 1948 Nei-Delhi |
| Doudesursaach | Schosswonn |
| Nationalitéit | Indien |
| Educatioun | University College London |
| Aktivitéit | Politiker, Barrister, Politesche Schrëftsteller, Journalist, Philosoph, Autobiograph, Essayist, Biergerrechtler, Humanitarier, Friddensaktivist, Revolutionär, Schrëftsteller, Jurist |
| Partei | Indeschen Nationalkongress |
| Member vun | Vegetarian Society |
| Bestuet mat | Kasturba Gandhi (5.1883–22.2.1944) |
|
| |

De Mohandas Karamchand Gandhi, genannt Mahatma Gandhi, op Gujarati મોહનદાસ કરમચંદ ગાંધી, op Devanagari मोहनदास करमचंद गांधी, Mohandās Karamcand Gāndhī, gebuer den 2. Oktober 1869 zu Porbandar/Gujarat, a gestuerwen den 30. Januar 1948 zu Nei-Delhi, war en indesche Politiker a Mënscherechtskämpfer.
De Gandhi koum als jéngste vu véier Jonge vum Karamchand Gandhi, dem Premierminister vu Porbandar, op d'Welt an huet vun 1888 bis 1891 zu London Droit studéiert.
Duerno huet hien a Südafrika am Kampf fir d'Rechter vun den indeschen Awanderer d'Method vum gewaltlose Widderstand entwéckelt.
Dës Method huet hien och 1914 a senger Hemecht Indien propagéiert wéi d'Kolonialmuecht England den Inder d'Selbstverwaltung verweigert huet.
Den 30. Januar 1948 gouf den 78-järege Gandhi vum Hindu-Nationalist Nathuram Godse erschoss.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Mohandas Karamchand Gandhi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
