Buste vum Mahatma Gandhi am Stadpark zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Buste vum Mahatma Gandhi am Stadpark zu Lëtzebuerg
Buste vum Mahatma Gandhi am Stadpark zu Lëtzebuerg
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Koordinaten 49°36'36,774"N, 6°7'18,577"O
Material Bronz
Kënschtler Amar Nath Sehgal
Bauhär Henry J. Leir
Zu Éiere vun Mohandas Karamchand Gandhi

D'Buste vum Mahatma Gandhi am Stadpark zu Lëtzebuerg ass e Wierk a Bronz vum indesche Kënschtler Amar Nath Sehgal a gouf am Joer 1973 am Louvigny-Park opgeriicht.

D'Buste stellt den indesche Politiker a Mënscherechtskämpfer Mahatma Gandhi[1] duer, an ass e Geschenk vum Konschtmäzen Henry J. Leir fir den Indesch-lëtzebuergesche Frëndeskrees.

Op enger Plack ënner der Buste steet:

MAHATMA
GANDHI
1869-1948

Interessanterweis huet de Gandhi op der Lëtzebuerger Buste kee Brëll un. Normalerweis gëtt hien ëmmer mat sengem typesche ronne Brill ofgebillt[2]. Am Kader vum 150-järege Gebuertsdag vum Mahatma Gandhi den 2. Oktober 2019, goufen den 21. Oktober vu Post Lëtzebuerg zesumme mat der indescher Post zwee Timbere virgestallt, op deenen d'Bild vun der Statu aus dem Park drop ass[2],[3].

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Mahatma = "grouss Séil".
  2. 2,0 2,1 What makes this Gandhi statue in Luxembourg a rare find op theweek.in den 23. Oktober 2019, gekuckt de 4. Januar 2020
  3. Launch of Commemorative Stamps of Mahatma Gandhi op newdelhi.mae.lu, der Websäit vun der Lëtzebuerger Ambassade zu New Delhi, gekuckt de 4. Januar 2020