Mohandas Karamchand Gandhi

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Mahatma Gandhi)
Mohandas Karamchand Gandhi
Gebuertsnumm મોહનદાસ ગાંધી
Gebuer 2. Oktober 1869
Gestuerwen 30. Januar 1948
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Indien
Educatioun University College London
Aktivitéit Politiker, Politesche Schrëftsteller, Journalist, Philosoph, Autobiograph, Essayist, Humanitarier, Friddensaktivist, Revolutionär, Schrëftsteller, Jurist
Partei Indeschen Nationalkongress
Buste vum Mahatma Gandhi am Stadpark zu Lëtzebuerg, vum Amar Nath Sehgal.

De Mohandas Karamchand Gandhi, genannt Mahatma Gandhi, op Gujarati મોહનદાસ કરમચંદ ગાંધી, op Devanagari मोहनदास करमचंद गांधी, Mohandās Karamcand Gāndhī, gebuer den 2. Oktober 1869 zu Porbandar/Gujarat, a gestuerwen den 30. Januar 1948 zu Nei-Delhi, war en indesche Politiker a Mënscherechtskämpfer.

De Gandhi koum als jéngste vu véier Jonge vum Karamchand Gandhi, dem Premierminister vu Porbandar, op d'Welt an huet vun 1888 bis 1891 zu London Droit studéiert.

Duerno huet hien a Südafrika am Kampf fir d'Rechter vun den indeschen Awanderer d'Method vum gewaltlose Widderstand entwéckelt.

Dës Method huet hien och 1914 a senger Hemecht Indien propagéiert wéi d'Kolonialmuecht England den Inder d'Selbstverwaltung verweigert huet.

Den 30. Januar 1948 gouf den 78-järege Gandhi vum Hindu-Nationalist Nathuram Godse erschoss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mohandas Karamchand Gandhi – Biller, Videoen oder Audiodateien