Bronz

Vu Wikipedia

Bronz oder Bronze ass en Alliage deen haaptsächlech aus Koffer an Zënn besteet. De Gehalt un Zënn deen tëscht 6 % a 17 % variéiere kann, hänkt dovun of firwat d'Bronz gebraucht gëtt. Heiansdo kënnen och nach Metaller wéi Zénk a Bläi a ganz niddrege Proportioune bäigemëscht ginn.

Bronz schmëlzt méi séier wéi Koffer, ass och méi haart a méi dicht. Se gëtt haaptsächlech gebraucht fir Moulagen ze maachen. D'Schmëlztemperatur vun der Bronz hänkt of vum Undeel vun de verschiddene Metaller.

D'Resistenz vun der Bronz ass am gréisste bei engem Zënnundeel vu 15 %, an hir gréissten Dicht huet se bei engem Undeel vun 28 %.

Bronz an der Mechanik[änneren | Quelltext änneren]

An der Mechanik gëtt Bronz haaptsächlech gebraucht fir Lagerkëssen oder soss Deeler ze bauen déi enger Reiwung ausgesat sinn, wéi z. B. Achsesupporten.

Den Zënngehalt vun der mechanescher Bronz läit tëscht 6 % an 18 %.

Verschidde Beispiller vun der Mëschung no Gebrauch
  Koffer Zënn Zénk Bläi
Lagerkëssen 83 % 17 % 0 0
Lagerkëssen 82 % 16 % 2 % 0
Pompelzylinderen 88 % 10 % 2 % 0
Pistonssegmenter 84 % 12 % 0 4 %
Verzanungen 80 % 6 % 14 % 0
Verzanungen 94,4 % 8,6 % 0 0

Fir speziell Maschinnendeeler brauch ee gerengegt Bronz, och nach Phosphorbronz genannt. D'Mëschung vu sou Bronzen ass an der Moyenne: Koffer 86,40 %, Zënn 8,96 %, Zénk 4,20 %, Bläi 0,40 % a Phosphor 0,04 %.

Bei verschiddene Maschinnendeeler, wéi Verbindungsdeeler bei Lokomotiven an am Schëffsbau, gëtt Bronze gebraucht, an där tëscht 2 % an 10 % Mangan dran ass. Sou Bronze si ganz haart, verdroen héich Temperaturen an hunn en niddrege Verschläiss.

Fréier goufe bronzen Dréit gebraucht fir Telegraphen- an Telefonsleitungen. Fir déi Dréit ze maache gouf Silizium mat bäigemëscht. Doduerch krut een eng zimmlech puer Bronze, déi eng héich Festegkeet hat a gutt gezunn konnt ginn.

Aluminiumbronze si ganz haart, homogeen, an hunn eng grouss Festegkeet. Den Deel vum Aluminium kann tëscht 5 % a 15 % sinn. Déi Bronze gi fir Maschinnendeeler agesat, déi eng héich Aarbechtleeschtung hunn, a bei der Konstruktioun vu Prezisiounsapparaten.

Anere Gebrauch vun der Bronze[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bronze – Biller, Videoen oder Audiodateien