Dicht

Vu Wikipedia
Physikalesch Gréisst
Numm Massendicht
Formelzeeche vun der Gréisst
Gréissten- an
Eenheetesystem
Eenheet Dimensioun
SI kg·m−3 M·L−3
Kuckt och: Spezifescht Gewiicht,
Relativ Dicht (spezifesch Dicht),
Spezifesche Volumen

D'Dicht (méi genee: Massendicht) vun engem Kierper ass d'Verhältnes vu senger Mass zu sengem Volumen. Si gëtt zum Beispill a Gramm pro Kubikzentimeter oder Kilogramm pro Liter uginn. Bildlech gesot beschreift si, ob de Kierper fir seng Gréisst liicht wéi eng Plomm oder schwéier wéi Bläi ass.

Wann een e Kierper, dee gläichméisseg aus dem selwechte Material zesummegesat ass, zerdeelt, da kritt een Deeler mat anere Massen, anere Formen an anere Gréissten. Awer d'Verhältnes vun der Mass zum Volumen , d'Dicht

huet bei den Deeler de selwechte Wäert wéi bei dem ufängleche Kierper. D'Dicht ass eng fir d'Material vum Kierper charakteristesch Eegenschaft, déi vu senger Form a Gréisst onofhängeg ass.

Mat -dicht zesummegesate Wierder bezeechnen och aner Gréissten, déi op d'Volumen, heiansdo awer och op eng Fläch, eng Längt, e Frequenzintervall oder Aneres bezunn ginn.

Uertsofhängeg Dicht[änneren | Quelltext änneren]

Bei bestänneg verdeelter Matière ass d'Mass an engem fir kleng a méi kleng Beräicher onofhängeg vun . De Grenzwäert definéiert d'Massendicht

Fir een homogeene Kierper, deem seng Massendicht a sengem Kär iwwerall de Wäert huet, ass d'Gesamtmass d'Produkt vun Dicht an Volumen

Bei inhomogeener Dicht ass d'Gesamtmass allgemeng d'Volumenintegral iwwer d'Massendicht

D'Dicht ergëtt sech aus de Masse vun den Atomen, aus deenen d'Material besteet, an aus hiren Ofstänn. An homogeenem Material, zum Beispill an engem Kristall, ass d'Dicht iwwerall gläich. Si ännert sech normalerweis mat der Temperatur an, bei Matièren, déi wéi Gase kompressibel sinn, mat dem Drock. Dofir ass d'Dicht vun der Atmosphär uertsofhängeg an hëlt mat der Héicht of.

D'Reciproque vun der Dicht gëtt spezifesche Volume genannt a spillt virun allem an der Thermodynamik vun de Gasen an Dämp eng Roll. D'Verhältnes vun der Dicht vun engem Stoff zu senger Dicht am Normzoustand gëtt als Relativ Dicht bezeechent.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]