1973
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1969 |
1970 |
1971 |
1972 |
1973
| 1974
| 1975
| 1976
| 1977
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1973.
D'Joer 1973 huet op engem Méindeg ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. JanuarDänemark, Groussbritannien an Irland trieden der EWG bäi.
- 26. Januar: Den Edmond Leburton gëtt Premierminister an der Belsch.
- : Bei engem 8. MäerzReferendum an Nordirland stëmmt eng Majoritéit vu 57,4 Prozent dofir, Deel vum Vereenegte Kinnekräich ze bleiwen. Vill Katholicke boykottéieren de Referendum.
- 4. bis 11. Mäerz: Parlamentswalen a Frankräich gi vun der Droite gewonnen.
- : De 5. AbrëllPierre Messmer gëtt op en Neits Premierminister a Frankräich an der Regierung Messmer 2
- : De 1. Junigriicheschen Diktator Georgios Papadopoulos rifft d'Republik aus.
- 3. bis 7. Juli: Éischt Konferenz iwwer Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa (KSZE).
- : Récktrëtt vum italieenesche Conseilspresident 7. JuliGiulio Andreotti. De Mariano Rumor iwwerhëlt.
- 11. Juli: Eng brasilianesch Boeing 707 fält wéinst Feier bei Orly erof; 122 Mënsche stierwen, just 11 iwwerliewen.
- 15. September: Duerch den Doud vum Kinnek Gustav VI. Adolf gëtt de Carl XVI. Gustaf neie Staatschef a Schweden.
- 18. September: Déi zwee Däitschlanden, d'Bundesrepublik an d'DDR, gi Member vun der UNO.
- : De President vum 3. OktoberDDR-Ministerrot Willi Stoph gëtt zum Staatsrotspresident (Ministerpresident) vu sengem Land gewielt.
- 17. November: A Griicheland gëtt d'Revolt vun de Studenten um Athener Polytechnikum géint d'Militärdiktatur bluddeg niddergeschloen.
- 25. November: De griichesche President, de Generol Georgios Papadopoulos gëtt duerch d'Militär gestierzt; neie President gëtt de Generol Phaidon Gizikis.
- 20. Dezember: De spuenesche Ministerpresident Luis Carrero Blanco gëtt bei engem Bommenattentat vun der ETA ëmbruecht, de Carlos Arias Navarro gëtt säin Nofollger.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- : D'Gebai vum 9. JanuarEuropäesche Geriichtshaff um Kierchbierg gëtt a Betrib geholl.
- Januar: Eng 2.500 Leit demonstréieren an der Stad Lëtzebuerg géint de Vietnamkrich.
- : D' 3. JuniNei Bréck an der Stad Lëtzebuerg gëtt Einban.
- 16. Juli: D'Regierung ënnerschreift e Memeorandum of Understanding mat der RWE Essen, fir de Bau vun enger Atomzentral zu Remerschen ze plangen an dann duerchzeféieren.
- : 9. OktoberGeneralstreik zu Lëtzebuerg.
- 25. November: Éischten autofräie Sonndeg zu Lëtzebuerg wéinst der Pëtrolskris]].
- 2. Dezember: Zweeten autofräie Sonndeg zu Lëtzebuerg wéinst der Pëtrolskris.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- Grouss Hongersnout an der Sudan-Sahel-Zon bis an Ethiopien (1973-1975).
- : An 5. JuliRuanda putscht sech d'Militär un d'Muecht.
- 24. September: Guinea-Bissau erkläert sech vu Portugal onofhängeg (definitiv den 10. September 1974).
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 30. Januar: Watergate-Affär: Dem President Richard Nixon seng Mataarbechter Gordon Liddy an James W. McCord, Jr. gi viru geriicht wéinst Abroch verurteelt.
- : D' 4. AbrëllWorld Trade Center zu New York City geet op.
- Juni: Offiziell Visitt vum Leonid Breschnew an de Vereenegte Staaten.
Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Juni: Staatsstreech an Uruguay, de President Juan María Bordaberry hëlt, mat Hëllef vun der Arméi, all Pouvoiren u sech.
- : 1. JuliChile rifft den Ausnamezoustand aus.
- 10. Juli: D'Bahamas gi vu Groussbritannien onofhängeg.
- 11. September: D'chilenescht Militär putscht ënner dem Generol Augusto Pinochet; de Staatspresident Salvador Allende hëlt sech d'Liewen.
- An Argentinie gëtt de Juan Perón zum Staatspresident gewielt, seng Fra Isabel Perón gëtt Vizepresidentin.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Januar: An de Friddensaccorde vu Paräis gëtt e Waffestëllstand an de Réckzuch vun den US-Truppen aus dem Vietnam decidéiert.
- 29. Mäerz: Déi lescht US-amerikanesch Zaldote verloosse Vietnam.
- 17. Juli: An Afghanistan putscht den Mohammad Daud Khan a rifft d'Republik aus. Hie gëtt deen Dag drop zum President proklaméiert; de Kinnek Mohammed Sahir Schah vun Afghanistan dankt de 24. August of.
- 14. Oktober: An Thailand trëtt no Onrouen d'Militärregierung zeréck; de Sanya Dharmasakti gëtt neie Premierminister.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Oktober: D'Oper vu Sydney gëtt duerch d'Kinnigin Elizabeth II. ageweit.
- : 1. DezemberPapua-Neiguinea gëtt onofhängeg.
- Déi australesch Aborigines kréien d'Walrecht.
Noen Osten an Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- : Ufank vum 6. OktoberJom-Kippur-Krich: Egypten a Syrien attackéieren op de Golanhéichten a beim Suezkanal déi israeelesch Front.
- 16. Oktober: D'OPEC decidéiert, de Präis vum Pëtrol ëm 70 % ze héijen; Ufank vun der éischter Pëtrolskris
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- De Nobelpräis fir Literatur geet un den australesche Romanauteur Patrick White.
- Edmond Dune, Poèmes e prose.
- Edmond Dune, Les puits de Fuentes.
- Edmond Dune, L'anneau de Moebius.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- : D' 7. AbrëllAnne-Marie David gewënnt fir Lëtzebuerg mam Lidd Tu te reconnaîtras den 18. Eurovision Song Contest zu Lëtzebuerg.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- : Start vun der Raumsond 6. AbrëllPioneer 11.
- 14. Mee: Start vun der Raumstatioun Skylab.
- : De 4. JuniGeldautomat gëtt patentéiert.
- 26. Oktober: éischte Fluch vum däitsch-franséische Militärfliger Alpha Jet.
- : 3. DezemberPioneer 10 erreecht de Planéit Jupiter.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- D'Jeunesse Esch gëtt fir d'Zwieleft Landesmeeschter am Foussballchampionnat.
- 28. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Mulhouse 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Pierre Hoffmann geschoss[1].
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Genua, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:5 géint Italien[2].
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der 8. AbrëllStad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:1 géint Schwäiz[3].
- 26. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Luzern, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1974, 0:1 géint Schwäiz[4].
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Kanada 7. Oktober[5].
- 28. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Libramont-Chevigny 0:6 géint Belsch[6].
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de 4. NovemberVinicio Monacelli a Pierrot Langers geschoss[7].
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- : 3. JanuarMikhail Zaritskiy, russesch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 8. JanuarSerge Karier, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 12. Januar: Hande Yener, tierkesch Popsängerin a Songwriterin.
- 13. Januar: Giancarlo Fisichella, F1-Pilot.
- 16. Januar: Gilles Baum, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. Januar: Mathilde d'Udekem d'Acoz, Fra vum belsche Kinnek Philippe.
- 20. Januar: Benjamin Biolay, franséische Sänger, Songwriter a Komponist.
- 23. Januar: Marija Lwowna Kaz, russesch Sängerin.
- 29. Januar: Su-Mei Tse, lëtzebuergesch Musekerin a Kënschtlerin.
- 16. Februar: Luís Montenegro, portugisesche Politiker.
- 22. Februar: Philippe Gaumont, franséische Vëlossportler.
- : 2. MäerzValérie Donzelli, franséisch Schauspillerin a Regisseurin.
- : 3. MäerzXavier Bettel, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. Mäerz: Jim Parsons, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 6. AbrëllClaudia Dall'Agnol, lëtzebuergesch Politikerin.
- 12. Abrëll: Judith Lecuit, lëtzebuergesch Cellistin.
- 12. Abrëll: Romain Labonté, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 18. Abrëll: Haile Gebrselassie, ethiopesche Laangstreckeleefer.
- 11. Mee: Igor Matovič, slowakesche Politiker.
- 16. Mee: Corinne Cahen, lëtzebuergesch Politikerin.
- 17. Mee: Tim Battin, lëtzebuergesche Fotograf.
- 18. Mee: Paul Galles, lëtzebuergesche Politiker
- 24. Mee: Ruslana Lyjytschko, ukrainesch Sängerin.
- 28. Mee: Paolo Amodio, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. Mee: Tom Alesch, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- : 1. JuniAnna Thalbach,däitsch Schauspillerin.
- 16. Juni: Federica Mogherini, italieenesch Politikerin.
- 17. Juni: Louis Leterrier, franséische Filmregisseur.
- 21. Juni: Zuzana Čaputová, slowakesch Politikerin.
- 21. Juni: Christian Schmitt, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 26. Juni: Samuel Benchetrit, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller a Schrëftsteller.
- : 3. JuliIsabelle Schlesser, lëtzebuergesch Juristin a Member vum Staatsrot.
- : 5. JuliPascal Kremer, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller
- : 7. JuliRoland Schaack, lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.
- : 8. JuliLaurent Schley, lëtzebuergeschen Zoolog.
- 31. Juli: Daniel Becker, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 16. August: Nathalie Thill, lëtzebuergesch Liichtathleetin.
- 25. August: Fatih Akin, däitsch-tierkesche Filmregisseur.
- 29. August: Kevin Makely, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. September: Edgars Rinkēvičs, lettesche Politiker.
- : 3. OktoberJean-Luc Engler, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- : 4. OktoberRoland Hoffmann, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- : 7. OktoberMarc Fancelli, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 10. Oktober: Yves Barthels, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
- : 5. NovemberChristian Alverdi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 14. November: Marc Meyers, lëtzebuergeschen Trombonne-Spiller.
- 22. November: Chad Trujillo, US-amerikaneschen Astronom.
- 24. November: Azad, däitsche Rapper.
- : 6. DezemberNikos Christodoulidis, zypriotesche Politiker.
- : 8. DezemberCorey Taylor, US-amerikanesche Museker.
- 15. Dezember: Tom Hengen, lëtzebuergeschen Enseignant an Dichter.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. JanuarJan Anteunis, belsche Sculpteur a Moler.
- 20. Januar: Amílcar Cabral, kapverdianesche Politiker.
- 22. Januar: Lyndon B. Johnson, 36. President vun den USA.
- 26. Januar: Edward G. Robinson, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 6. FebruarIra Sprague Bowen, US-amerikaneschen Astronom an Astrophysiker.
- 10. Februar: Marcel Hulten, lëtzebuergeschen Ornitholog.
- 12. Februar: Alphonse Weicker, lëtzebuergesche Jurist, Ekonomist a Foussballspiller.
- 14. Februar: Émile Reuter, lëtzebuergesche Politiker.
- 15. Februar: Tim Holt, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- : 5. MäerzRobert C. O'Brien, US-amerikanesche Schrëftsteller a Journalist.
- : 6. MäerzPearl S. Buck US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 10. Mäerz: Robert Siodmak, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 25. Mäerz: Edward Steichen, US-amerikanesche Fotograf, gebuer zu Lëtzebuerg.
- 23. Mäerz: Nicolas Kinsch, lëtzebuergesche kathoulesche Bëschof.
- 30. Mäerz: William J. Kroll, lëtzebuergesche Fuerscher an Erfinder.
- : 2. AbrëllJoseph Hess, lëtzebuergesche Professer.
- : 8. AbrëllPablo Picasso, spuenesche Moler, Sculpteur a Graphiker.
- : 9. AbrëllHenri Schnadt, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 13. Abrëll: René Hartmann, lëtzebuergesche Gewerkschaftler, Politiker a Foussballspiller.
- 28. Abrëll: Robert Buron, gaullistesche Politiker a Staatsmann.
- : 1. MeeJules Mersch, lëtzebuergesche Publizist.
- : 2. MeeFrançois Cigrang, lëtzebuergeschen Deputéierten.
- 29. Mee: P. Ramlee, malaysesche Schauspiller a Regisseur.
- 11. Juni: Folke Rogard, schweedesche Schachfonctionnaire a -schiedsriichter.
- 26. Juni: John Cranko, südafrikanesche Choreograph.
- 28. Juni: Abd ar-Rahman al-Bazzaz, irakesche Regierungsbeamten a Politiker.
- : 3. JuliKarel Ancerl, tschecheschen Dirigent.
- : 7. JuliVeronica Lake, US-amerikanesch Filmschauspillerin.
- 13. Juli: Willy Fritsch, däitsche Schauspiller.
- 18. Juli: Jack Hawkins, englesche Schauspiller.
- 20. Juli: Bruce Lee, chineesesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Juli: Hans Albert Einstein, Schwäizer Ingenieur an eelste Jong vum Albert Einstein.
- 28. Juli: Émile Konter, lëtzebuergesche Boxer.
- : 1. AugustJohn Ford, US-amerikanesche Filmregisseur.
- Walter Ulbricht, Ost-däitsche Staatsmann. 1. August:
- : 2. AugustJean-Pierre Melville, franséische Filmregisseur, Filmproduzent a Schauspiller.
- : 4. AugustEddie Condon, Jazz-Gittarist a Grënner vum "Chicago style"-Jazz.
- : 6. AugustFulgencio Batista Y Zaldívar, kubanesche Politiker.
- 20. August: André Haguet, franséische Filmregisseur.
- : 2. SeptemberJohn Ronald Reuel Tolkien, englesche Schrëftsteller a Philolog.
- 11. September: Salvador Allende Gossens, chileenesche Politiker.
- 17. September: Jean Fohrmann, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 22. September: Paul van Zeeland, belschen Diplomat a Politiker.
- 23. September: Pablo Neruda, chileeneschen Dichter an Diplomat.
- 26. September: Anna Magnani, italieenesch Schauspillerin.
- 28. September: Wystan Hugh Auden. Naturaliséierten US-amerikaneschen Dichter.
- 13. Oktober: Ernst Reischenböck, éisträichesche Moler.
- 16. Oktober: Gene Krupa, US-amerikaneschen Jazz-Batteur.
- 17. Oktober: Ingeborg Bachmann, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 22. Oktober: Pablo Casals, katalouneschen Cellist.
- 25. Oktober: Abebe Bikila ethiopesche Laangstreckeleefer.
- : 3. NovemberMarc Allégret, Filmregisseur.
- 17. November: Lou Koster, lëtzebuergesch Komponistin a Pianistin.
- 18. November: Catherine Kill, lëtzebuergesch Politikerin a Fraerechtlerin.
- 25. November: Laurence Harvey, brittesche Filmschauspiller a Regisseur.
- : 1. DezemberDavid Ben-Gurion, israeelesche Staatsmann.
- 17. Dezember: Charles Greeley Abbot, engleschen Astronom.
- 23. Dezember: Gerard Peter Kuiper, US-amerikaneschen Astronom.
- 24. Dezember: Philippe Richard, franséische Schauspiller.
- 25. Dezember: Sylvère Linster, lëtzebuergesche Glaskënschtler.
- 29. Dezember: Willy Birgel, däitsche Schauspiller.
- 31. Dezember: Alexander N. Vyssotsky, russesch-amerikaneschen Astronom.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1973 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 28. Februar 1973 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 31. Mäerz 1973 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 8. Abrëll 1973 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 26. September 1973 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Kanada de 7. Oktober 1973 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 28. Oktober 1973 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen de 4. November 1973 op der Websäit vun European Football