Elizabeth II.

Vu Wikipedia
Elizabeth II.
Titelen
Kinnigin vum Vereenegte Kinnekräich
Zäit 1926 bis 2022
Virgänger George VI.
Nofollger Charles III.
Biographie
Gebuer 21. Abrëll 1926
Mayfair
Gestuerwen 8. September 2022
Bestuet mat Philip Mountbatten
Papp George VI.
Mamm Elizabeth Bowes-Lyon
Geschwëster Margaret
Kanner Charles III., Anne, Andrew vu York, Edward vu Wessex

D'Elizabeth II., gebuer den 21. Abrëll 1926 zu Mayfair (London) a gestuerwen den 8. September 2022[1] um Schlass Balmoral, mam ganzen Numm Elizabeth Alexandra Mary aus dem Haus Windsor, war, a Personalunioun, déi konstitutionell Monarchin vu 15 Staaten, de sougenannte Commonwealth Realms, souwéi deenen hiren Territorien an de Gebidder, déi dovun ofhänken. Et ass dat d'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, Antigua a Barbuda, Australien, d'Bahamas, Belize, Grenada, Jamaika, Kanada, Neiséiland, Papua Neiguinea, d'Salomonen, Saint Kitts an Nevis, Santa Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen an Tuvalu. An alle Länner ausser dem Vereenegte Kinnekräich léisst se sech an hiren (bal nëmme representativen) Rechter a Flichten duerch Generalgouverneure representéieren.

Si war ausserdeem de Chef vum Commonwealth of Nations, an deem 53 Staate Member sinn, an de weltleche Chef vun der anglikanescher Church of England.

D'Elizabeth war d'Duechter vum Prënz Albert, dem spéidere Kinnek George VI. a senger Fra Elizabeth. Am Zweete Weltkrich huet si ugefaangen, ëffentlech Aufgaben z'iwwerhuelen, a si huet an der Fraesektioun vun Hëllefstruppe vun der brittescher Arméi gedéngt. 1947 huet si de Prënz Philip vu Griicheland an Dänemark bestuet, mat deem se véier Kanner huet: den Charles, d'Anne, den Andrew an den Edward.

De 6. Februar 1952, nom stënterlechen Doud vun hirem Papp, gouf si Kinnigin vu siwe Commonwealth Realms, duerno sinn der ëmmer nees derbäikomm oder ewechgefall. Den 2. Juni 1953 gouf si an der Westminster Abbey offiziell gekréint, wat - eng Première - live op der Televisioun iwwerdroe gouf.

An hirem Règne vun iwwer 70 Joer sinn als markant Evenementer z'ernimmen: d'Dekolonisatioun vum Britteschen Empire, de Kale Krich, den Nordirlandkonflikt, souwéi 1971 de Bäitrëtt an d'Europäesch Unioun (dunn nach EWG) an 2020 nees den Austrëtt doraus.

Zanter dem 23. Januar 2015 war si déi eelst Staatscheffin am Amt; zanter dem 9. September 2015 déi brittesch Monarchin, déi am längsten um britteschen Troun souz an zanter dem 13. Oktober 2016 dee Monarch op der Welt, dee bis zu sengem Doud am längsten um Troun war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elizabeth II. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. tagesschau.de, Queen Elizabeth II. ist tot. tagesschau.de. tagesschau.de. Gekuckt de(n) 08.09.2022 19:38.