Philip, Duke of Edinburgh

Vu Wikipedia
Philip, Duke of Edinburgh
Titelen
Prënz vum Vereenegte Kinnekräich
Zäit 1947 bis 2021
Biographie
Gebuer 10. Juni 1921
Korfu
Gestuerwen 9. Abrëll 2021
Windsor Schlass
Bestuet mat Elizabeth II.
Papp Andreas vu Griichenland
Mamm Alice vu Battenberg
Geschwëster Margarita vu Griichenland, Theodora vu Griichenland, Cecilia vu Griichenland, Sophie vu Griichenland
Kanner Charles III., Anne, Andrew vu York, Edward vu Wessex

HRH, de Prince Philip, Duke of Edinburgh, gebuer 28. Meejul./ 10. Juni 1921greg. am Schlass Mon Repos, op Korfu, als Prënz Philipp vu Griicheland an Dänemark[1], a gestuerwen den 9. Abrëll 2021 am Windsor Schlass, war de Prënz-Consort vun der brittescher Kinnigin Elisabeth II.

Hie war dat jéngst vu 5 Kanner vum Prënz Andreas vu Griicheland an Dänemark an der Prinzessin Alice vu Battenberg. Seng Kandheet huet hien, no engem Militärputsch, bei senger Mamm zu Paräis verbruecht. Seng Eltere ware getrennt, a seng Mamm hat psychesch Problemer, sou datt hien an de Joren dono bei verschiddene Familljememberen opgewuess ass. Wärend dem Zweete Weltkrich goung hie bei d'Royal Navy an huet 1947 déi brittesch Nationalitéit ugeholl, an huet och säin Numm vu Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg a Mountbatten ëmännere gelooss an op den Titel Prënz vu Griicheland an Dänemark verzicht.

Den 20. November 1947 huet hien déi deemoleg brittesch Prinzessin an Trounfollgerin Elizabeth bestuet.

Wéinst senger militärescher Karriär an dem Status vu senger Fra hat hien eng ganz Rëtsch militäresch Graden: Lord High Admiral vum Vereenegte Kinnekräich, Admiral of the Fleet (Groussadmirol) vun der Royal Navy, Field Marshal (Feldmarschall) vun der British Army a Marshal of the Royal Air Force (Loftmarschall) vun der Royal Air Force.

Hie war och Member vum Savage Club a bei de Fräimaurer.

An de Medie goufe seng geleeëntlech net ëmmer politesch korrekt Aussoe bei offiziellen Optrëtter gär erëmginn a kommentéiert.

Hien huet mat der Kinnigin Elizabeth 4 Kanner:

Säi kompletten Titel war His Royal Highness The Prince Philip, Duke of Edinburgh, Earl of Merioneth and Baron Greenwich, Royal Knight of the Most Noble Order of the Garter, Extra Knight of the Most Ancient and Most Noble Order of the Thistle, Member of the Order of Merit, Grand Master and First and Principal Knight of the Most Excellent Order of the British Empire, Knight of the Order of Australia, Companion of the Queen's Service Order, Lord of Her Majesty's Most Honourable Privy Council, Member of Her Majesty's Privy Council for Canada.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Prënz-Philip-Beweegung ass e Cargo-Kult vun de Leit vum Duerf Yaohnanen op der Insel Tanna, déi zu Vanuatu gehéiert. Dëse Kult veneréiert de Prënz Philip als eng Gottheet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prënz Philip – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Official website of the British monarchy