Gregorianesche Kalenner

Vu Wikipedia

De Gregorianesche Kalenner, benannt no dem Poopst Gregor XIII., ass hautdesdaags deen am wäitste verbreete Kalenner.

Gregorianesch Kalennerreform[änneren | Quelltext änneren]

Tafel um Poopst Gregor XIII. sengem Grafsteen

Den Éischte Konzil vun Nicäa huet am Joer 325 bestëmmt, datt Ouschteren ëmmer den éischte Sonnden no dem éischte Vollmound no dem Ufank vum Fréijoer (bezunn op Jerusalem) gefeiert soll ginn.

D'Primar-Equinoxe oder (Fréijoer-Equinox op der nërdlecher Äerdhallefkugel) war am Joer vum Konzil 325 den 21. Mäerz, an deemools huet nach kee fonnt datt déi Julianesch Reegelung mat de Schaltdeeg verbesserungsbedürfteg wier. Den deemools gëltege Julianesche Kalenner ass vun engem mëttlere Sonnejoer vun 365,25 Deeg ausgaangen an huet déi Differenz (op 365 Deeg) vun ongeféier 6 Stonnen all véier Joer duerch d'Afügung vun engem Schaltdag ausgeglach. Dogéint war d'Realitéit (365 Deeg, 5 Stonnen, 48 Minutten a 46 Sekonnen, also genee 365,24219879 Deeg), 11 Minutte méi kuerz ! Duerch déi Differenz war d'Primar-Equinoxe am Joer 1582 schonn den 11. Mäerz. Déi Diskrepanz war scho laang bekannt an zanter dem 14. Joerhonnert sinn ëmmer erëm Virschléi gemaach gi fir de Kalenner ze reforméieren, ënner anerem vum Nikolaus Kopernikus. Säi Wierk De Revolutionibus Orbium Coelestium (Vun den Emdréiunge vun den Himmelskierper) an déi Prutenesch Tafelen vum Erasmus Reinhold ware schliisslech och d'Basis fir déi vum Poopst Gregor XIII. dekretéiert Reform.

Fir datt d'Fréijoer-Equinox erëm op den 21. Mäerz fält, a fir datt Ouschteren erëm konnt um richtegen Dag gefeiert ginn, huet de Poopst d'Iddi vum Dokter an Hobby-Astronom Aloisius Lilius ugeholl. An zwar sinn am Joer 1582 einfach zéng Deeg iwwerspronge ginn: no dem 4. Oktober koum direkt de 15. Oktober (d'Wochendeeg sinn normal weidergaangen)

Fir datt et net nees zu sou enger Differenz géif kommen, huet den neie Gregorianesche Kalenner 1 Sonnejoer op 365,2425 (amplaz 365,25) Deeg festgesat. Dofir ass d'Reegel vum Julianesche Kalenner, wat d'Schaltdeeg ugeet, ëmgeännert ginn.

Schaltreegel[änneren | Quelltext änneren]

  • Ass d'Joreszuel duerch 4 deelbar awer net duerch 100, dann ass et e Schaltjoer mat 366 Deeg. Beispill: 1980, 1972, 1720
  • Ass d'Joreszuel duerch 100 deelbar, awer net duerch 400, dann ass dat Joer e gewéinlecht Joer an huet nëmmen 365 Deeg, zum Beispill d'Jore 1700, 1800 an 1900, oder 2100
  • Ass d'Joreszuel duerch 400 deelbar, ass dat e Schaltjoer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]