14. Joerhonnert

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

../.. | 12. Joerhonnert | 13. Joerhonnert | 14. Joerhonnert. | 15. Joerhonnert | 16. Joerhonnert | ../..

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Jang de Blannen
Europa am Joer 1328
  • 1307: De Philippe IV. vu Frankräich, 1285 op den Troun komm, huet all d'Member vum Templeruerde verhafte gelooss, offiziell wéinst Ketzerei a Sodomie, a Wierklechkeet virun allem well e mat de Sue vum Uerde seng eidel Keese fëlle wollt an et net ausstoe konnt datt et eng staark Organisatioun gouf déi am Widersproch zu senger Opfaassung vu kinneklecher Autoritéit stung. Well de Prozess trotz oder grad wéinst den Aveuen ënner Folter net ganz déi gewënschten Tournure krut, huet de Philippe IV. en Appel un de Poopst Clemens V. geriicht, an deen huet den Uerden 1312 aus "apostolescher Muechtvollkommenheet" opgeléist.
  • 1308: Den Heinrich VII., Grof vu Lëtzebuerg, gouf als Keeser vum Hellege Réimesche Räich gewielt an zu Oochen gekréint.
  • 1309: De franséische Kinnek Philippe IV. huet de Poopst Clemens V. ënnerstëtzt wéi dee wéinst Muechtkämpf zu Roum fort wollt a sech zu Avignon néiergelooss huet. Fir déi nächst 67 Joer geroden d'Peepst ënner den Afloss vun der franséischer Kroun. 1378 wollt den deemools nei gewielte Poopst zu Roum bleiwen, säin autokratesche Stil huet awer enger Rei Kardinäl net gepasst, déi sech dunn alt nees u Frankräich gehalen hunn an e Géigepoopst gewielt hunn, dee sech nees zu Avignon installéiert huet - dat Grousst Schisma sollt 39 Joer bis 1417 daueren, an huet vill kierchlesch Institutioune wéi d'Mënchsuerden an zwee Lager gespléckt.
  • 1310: De Jang de Blannen, Jong vum Heinrich VII, gëtt Grof vu Lëtzebuerg.
  • 1311: De Jang bestit d'Elizabeth vu Béimen.
  • 1312: De Jang gëtt als Kinnek vu Béimen gekréint, als éischte vu véier béimesche Kinneken aus dem Haus Lëtzebuerg.
  • 1312-1340: De Jang huet a verschiddene Feldzich an Däitschland, Italien, Litauen an a Loutrengen gekämpft, an ass am zweete Litauesche Feldzuch op engem A blann ginn a gouf zënterhier "Jang de Blannen" genannt.
  • 1346: De Jang de Blanne fält a Frankräich an der Schluecht vu Crécy. Den eelste Jong vum Jang de Blannen, de Karel IV. gouf als Keeser vum Hellege Réimesche Räich gewielt a gouf Kinnek vu Béimen als Karel I. Sengem Hallefbrudder Wenzel I. huet e spéider Lëtzebuerg iwwerlooss.
  • 1349: Ugaangs des Jores kënnt d'Pescht och op Lëtzebuerg, e gudden Deel vun der Bevëlkerung kënnt ëm. Domat net genuch, zanter dem Ufank vum Joerhonnert huet sech d'Klima spierbar ofgekillt, Keelt an eng sëlleche Wiederen hunn zu enger Agrarkris gefouert - wat d'Mënsche geschwächt huet a villäicht eben dowéinst der Pescht et erméiglecht huet sech sou séier auszebreeden.
  • 1354: Lëtzebuerg ass zum Herzogtum erhuewe ginn. De Wenzel I. gëtt éischten Herzog, an huet am selwechte Joer d'Jeanne vu Brabant bestuet.
  • 1361: D'Osmanen erueweren Adrianopel, déi zweetgréisst byzantinesch Stad, duerno fale Makedonien (1371) a Bulgarien (1385 an 1396) an hir Hänn. Konstantinopel selwer konnt sech zu där Zäit zwar nach halen, war awer just nach e Klengstaat.
  • 1383: De Wenzel I. stierft ouni Ierwen ze hannerloossen an d'Herzogtum geet u säin Neveu Wenzel II.
  • 1383-1443 De Wenzel II. verpännt Lëtzebuerg un de Jobst vu Mieren.

Wichteg Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Erfindungen an Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Riederauere kommen op, an der éischter Hallschent vum Joerhonnert éischter nach an Italien, an der zweeter Hallschent méi a méi och am Rescht vun Europa. Et waren an där Zäit ëffentlech Aueren an den Tierm vu Kierchen a Märeien, déi zur voller Stonn eng Klack laude gelooss hunn, entweder automatesch oder duerch en Tiermer. Méi spéit koumen Zifferblieder op, ugaangs just mat engem Stonnenzär.
  • Sandauere koumen ongeféier zur selwechter Zäit op. Hire Virdeel par rapport zu de mechaneschen Auere war datt se méi bëlleg waren, op där anerer Säit huet een net duerften de richtege Moment verpasse fir se ze dréinen. De Séifuerer huet se gedéngt fir d'Schëffsvitesse ze moossen an ze bestëmme wéini eng Nuetswuecht eriwwer war, se huet et erméiglecht d'Brenndauer an engem Uewen ofzemoossen, jo souguer Priedegtzäite konnt een domat limitéieren.
  • Feierwaffe komme ganz lues op. 1324 war e Pot de fer bei Metz am Asaz, eng Zort Feierdëppen a Vaseform aus Eisen oder Bronze, dat schweier Feiler verschéisse konnt a wéinst dem héije Gewiicht beim Transport just fir d'Verdeedegung vun enger fester Positioun oder eng Belagerung genotzt konnt ginn. Méi mobil dogéint war en Handrouer, dat och ugaangs vum Joerhonnert entwéckelt gouf a sech verbreet huet, an dat souguer 20 Mol méi bëlleg ze baue war wéi eng Aarmbroscht, op eng 100m eng Ritterrëschtung duerchschloe konnt, wéinst der niddreger Schossfrequenz an der Ufällegkeet vum Polfer géint Wand an Nätzt awer ebenfalls manner fir oppe Feldschluechten a méi fir Belagerunge gëeegent war, mee op d'mannst och fir en Hannerhalt geholl konnt ginn.
  • Wann och schonn am virëschte Joerhonnert erfonnt, sou hu Pabeier aus Lompen an d'Pabeiermillen réischt am 14. Joerhonnert sech lues a lues verbreede kënnen, ier se dann am nächste Joerhonnert eng richteg Konkurrenz fir d'Pergament aus Déierenhaut goufen an et méi a méi verdrängt hunn.

Joren[änneren | Quelltext änneren]

14. Joerhonnert
1301 1302 1303 1304 1305 1306 1307 1308 1309 1310 1311 1312 1313 1314 1315 1316 1317 1318 1319 1320
1321 1322 1323 1324 1325 1326 1327 1328 1329 1330 1331 1332 1333 1334 1335 1336 1337 1338 1339 1340
1341 1342 1343 1344 1345 1346 1347 1348 1349 1350 1351 1352 1353 1354 1355 1356 1357 1358 1359 1360
1361 1362 1363 1364 1365 1366 1367 1368 1369 1370 1371 1372 1373 1374 1375 1376 1377 1378 1379 1380
1381 1382 1383 1384 1385 1386 1387 1388 1389 1390 1391 1392 1393 1394 1395 1396 1397 1398 1399 1400


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 14. Joerhonnert – Biller, Videoen oder Audiodateien