Jang de Blannen

Vu Wikipedia
Jang de Blannen
Titelen
Kinnek vu Béimen
Zäit 1311 bis 1346
Virgänger Heinrich vu Kärnten
Nofollger Karel I.
Grof vu Lëtzebuerg
Zäit 1313 bis 1346
Virgänger Heinrich VII.
Nofollger Karel I.
Biographie
Gebuer 10. August 1296 jul.
Lëtzebuerg
Gestuerwen 26. August 1346 jul.
Crécy-en-Ponthieu
Bestuet mat Béatrice vu Bourbon,
Elisabeth vu Béimen
Papp Heinrich VII. vu Lëtzebuerg
Mamm Margréit vu Brabant
Geschwëster Beatrice vu Lëtzebuerg, Marie vu Lëtzebuerg
Kanner Karel I. vu Lëtzebuerg, Margréit vu Béimen, Bonne vu Lëtzebuerg, Jean-Henri vu Mieren, Wenzel I. vu Lëtzebuerg, Nikolaus vu Lëtzebuerg, Anna vu Béimen
De Jang de Blannen am Chronicon aulae regiae, dat 1305-1339 am Zisterzienser-Klouschter zu Zbraslav geschriwwe gouf
Wope vum Jang de Blannen
D'Grafkapell vum Jang de Blannen. Zeechnung ëm 1835 vum Karl Friedrich Schinkel, Architekt vun der Kapell.

De Jean/Johann vu Lëtzebuerg oder Jean/Johann vu Béimen, besser bekannt als Jang de Blannen, gebuer den 10. August 1296 um Bock, a gestuerwen de 26. August 1346 an der Schluecht bei Crécy-en-Ponthieu, war Grof vu Lëtzebuerg, vu Chiny, a Kinnek vu Béimen. Den 20. Oktober 1340 huet hien zu Lëtzebuerg d'Schueberfouer agefouert, déi Zäit e grousse Joermaart, deen aacht Deeg gedauert huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Ierfschaft[änneren | Quelltext änneren]

De Jang war de Jong vum däitsche Keeser Heinrich VII. a war virun allem als Turnéierheld bekannt. Am Joer 1308 krut de Jang vu sengem Papp d'Grofschaft Lëtzebuerg. Well eng béimesch Adelspartei beim Heinrich VII. géint den deemolege béimesche Kinnek Heinrich vu Kärnten intervenéiert ass, huet de Jang den 31. August 1310 um Reichstag vu Speyer vu sengem Papp och nach d'Kinnekräich Béimen kritt, an ass den Dag drop am Doum vu Speyer vum Péiter vun Uespelt mat der Prinzessin Elisabeth vu Béimen bestuet ginn. D'Elisabeth war eng Schwëster vum Wenzel III., dem leschte männlechen Nokomme vum ale béimeschen Herrscherhaus vun de Přemysliden. De Jang war do grad véierzéng Joer al an d'Elisabeth hat der knapps uechtzéng.

Béimen[änneren | Quelltext änneren]

Nach am selwechte Joer mécht sech déi jonk Koppel mat Truppen op de Wee, fir den Heinrich vu Kärnten definitiv aus Béimen ze verjoen. Dat war am Ufank awer guer net sou einfach, well weeder d'Eruewerung vun der räicher béimescher Stad Kuttenberg (Kutná Hora), nach déi vu Kolín geléngt, zweemol kann den Heinrich vu Kärnten sech nach widdersetzen. Wéi de Jang zu Prag ukoum, wou hien de 7. Februar 1311 vum Äerzbëschof vu Mainz, dem Péiter vun Uespelt am Hradschin gekréint gouf, hat hien nach glat a guer keng Eruewerung opweises. Dat war natierlech net grad dee beschten Optakt fir den neie Kinnek. A senge Walkapitularien huet de Jang dem béimeschen Adel missen zougestoen, datt Ämter just mat Leit aus Béimen an aus Mieren besat däerfte ginn. Dëst huet d'Muecht vum béimeschen Adel gestäerkt an och en éischt béimescht Nationalgefill ervirbruecht. Mä fir de Jang huet d'béimesch Kroun och bedeit, datt hien Uspréch op den Troun vu Polen an op dee vun Ungarn hat, grad wéi déi lescht zwee Přemysliden.

1313 war fir de Jang de Blannen een Onglécksjoer. Säi Papp Heinrich VII. ass matzen a sengem Feldzuch an Italien, wou hie Restauratiounspolitik bedreiwe wollt, u Malaria gestuerwen. Dräi Joer no der Kannerhochzäit zu Speyer wier et bal eriwwer gewiescht mam Lëtzebuerger Herrscherhaus, well de Jang hat knapps 17 Joer a war Papp vun nëmmen enger Duechter. Hie wollt dunn als Nofollger vu sengem Papp op den däitschen Troun, mä doraus ass och näischt ginn. Déi däitsch Kurfürsten hunn 1314 de Ludwig vu Bayern gewielt.

De béimeschen Héichadel huet schliisslech ëmmer méi Muecht gefuerdert. Wéi de Jang op Drock vu senger Fra hin, haart mat der Oppositioun ëmgaangen ass (hien huet de Spriecher vum Adel, den Heinrich vu Lipá, an de Prisong gesat), ass et zum Biergerkrich komm, deen de Jang bal de béimeschen Troun kascht hätt. 1317 hat den Héichadel nämlech net nëmme mat stännegem Krich gedreet, mä och mat der Wiel vun engem Habsburger. Duerch de Fridde vun Domažlice 1318 ass de Biergerkrich endlech op en Enn gaangen: de Jang huet den Héichadel méi staark un der Muecht bedeelegt, de Péiter vun Uespelt zum Generalkapitän iwwer Béimen ernannt an d'Land verlooss. Dem Jang säi Bestietnes huet déi ganz Konflikter allerdéngs net iwwerstanen, d'Elisabeth lieft schlussendlech getrennt vun him a komplett eleng, bis zu hirem Doud 1330.

Vun 1318 u war de Jang praktesch guer net méi a Béimen ze gesinn, soudatt seng Muecht sech ni méi richteg entfaalt huet. Hien huet vill léiwer op der europäescher Bün gespillt, militäresch grad sou wéi diplomatesch, an, an där Zäit net z'ënnerschätzen, duerch realpolitesch geschéckt arrangéiert Hochzäiten.

Polen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1323 hat de Jang de Blanne probéiert, säin Usproch op d'polnesch Kroun duerchzesetzen. Sou huet hien z. B. an de Konflikt tëscht dem Däitschen Uerden an dem polnesche Kinnek Wladyslaw un der Säit vum Uerden agegraff. An dee Kontext muss och dem Jang säi Kräizzuch a Litauen gestallt ginn. De Jang hat der Kierch effektiv e Kräizzuch versprach. Allerdéngs weeder an d'Hellegt Land nach a Spuenien mä a Litauen sollt dësen hie féieren, zesumme mam Däitschen Uerden. Ee Kräizzuch hat schonn e besonnesche Wäert an där Zäit. Dat war en Zuch géint d'Heeden, bei deem sech all d'Natioune getraff hunn - ausser de Polen, déi, wéi gesot, dem Däitschen Uerde géintiwwer feindlech agestallt waren. Dat koum dem Jang natierlech ganz geleeën. Hien huet dem Ritteruerde seng polnesch Kinneksuspréch verléint a wollt dofir d'Confirmatioun fir seng Uspréch.

Gewëssen Erfolleger hat de Jang och a Schlesien, wou tëscht 1327 an 1335 e puer Herzogen dem Jang d'Trei geschwuer hunn.

1335 huet deen neie polnesche Kinnek Kasimir versicht, de Konflikt mam Jang bäizeleeën. De Kasimir huet déi béimesch Rechter u Schlesien unerkannt an dem Jang eng schéin Zomm Geld versprach, fir datt deen endlech seng Uspréch un d'polnesch Kroun opgëtt, a seng Hëllef fir den Däitschen Uerden aschränkt.

De Jang an d'Fransousen[änneren | Quelltext änneren]

1328 goung a Frankräich d'Dynastie vun de Kapetenger op en Enn, déi stabilst a mächtegst Famill vun där Zäit. De Philipp VI. aus dem Haus Valois koum op den Troun, an dës Entscheedung sollt nach Follegen hunn, si huet nämlech zum Honnertjärege Krich tëscht Frankräich an England gefouert.

De Philippe an de Jang waren zesummen opgewuess, an de Jang huet séier probéiert, de Kontakt erëm opliewen ze loossen. Dofir huet hien och e grousse Kontingent vun Truppe lassgeschéckt, fir de Fransousen ze hëllefen.

De Jang an de Ludwig[änneren | Quelltext änneren]

1330 si sech de Jang de Blannen an de Keeser Ludwig fir d'éischt perséinlech begéint. De Ludwig war mëttlerweil exkommunizéiert an hat dowéinst d'Iddi vun engem Feldzuch a Richtung Roum. De Jang, am Géigesaz zum Ludwig, war an de leschte Joren zu grousse Lännereie komm, an huet sech ëmmer tëscht Keeser a Poopst zeréckgehalen. Hie war quasi den Arbitter a Friddensriichter vun Europa ginn. Hien ass am Ludwig senger Plaz an Däitschland bliwwe bis dësen, ouni Erfolleg, aus Italien zeréckkoum. An der Tëschenzäit hat de Jang sech en neit Zil an de Kapp gesat: Ueweritalien.

Italien[änneren | Quelltext änneren]

Dee Plang war allerdéngs schappeg, am Géigesaz zum Kontrakt deen hien zu deem Zweck mam Ludwig ofgeschloss hat. Hie wollt de béimesche Kinneksjong Johann Heinrich mat der Ierwin vu Kärnten, der Margaretha, bestueden. Déi Hochzäit gouf et awer ni.

De Jang huet sech also op de Wee vun Innsbruck op Trient gemaach, ëmmer ënner den Ae vum mësstrauesche Keeser. Als Grond fir seng Rees hat hien uginn, d'Graf vu sengen Elteren ze besichen. Mä kuerz drop koume Leit vu Brescia bei hien, an hunn hien ëm Hëllef gefrot, fir si virum Mastino Della Scala vu Verona ze beschützen. Et ass wuel d'Ironie vun der Geschicht datt grad déi Stad, déi sech sengem Papp op Doud an der Däiwel widdersat hat, elo dem Jong d'Diere grouss opmécht. Den Della Scala gouf geschloen a bannent dräi Méint hu sech all wichteg Stied vun der Lombardei ënner dem Jang seng Schutzherrschaft gestallt. Dësen neigewonnenen Territoire huet elo natierlech misse géint d'Fransousen, de Robert d'Anjou an de Poopst verdeedegt ginn.

Säin Nofollger, de Karel[änneren | Quelltext änneren]

Op Ouschteren 1331 stoung dem Jang säi Jong an Nofollger Karel u senger Säit. Elo war d'Lëtzebuerger Politik ëm e wichtegt Element méi räich. Deen huet séier geléiert, säi Papp ze verbesseren, a selbststänneg ze handelen. Ouni sech mat sengem Papp ofzeschwätzen huet hien, mat nëmme siwwenzéng Joer, eegemächteg de Krich géint Florenz kommandéiert. Och hie gouf vu sengem Papp no politeschem Interessi bestuet, nämlech mat der Schwëster vum franséische Kinnek. De Jang selwer bestit sech dräi Joer méi spéit och mat enger Franséisin, mat der Béatrice vu Bourbon.

Enn vu sengem Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Sarkophag mam Jang de Blannen an der Krypta vun der Kathedral Notre-Dame an der Stad Lëtzebuerg

De Ludwig, vum Jang bedupst, huet an der Tëschenzäit net nëmmen Dreeungen ausgeschwat, mä se och wouer gemaach. Déi Feldzich hunn allerdéngs nëmmen zu enger Festegung vun der franséisch-lëtzebuergescher Koalitioun gefouert. Am Géigesaz dozou konnt d'Muecht zu Florenz net laang gehale ginn. No de Succèse koumen an Italien d'Néierlagen. De Versuch de Limburg zeréck z'erueweren, deen d'Famill 1288 verluer hat, war e weideren Echec. Duerch dem Ludwig seng Politik huet de Jang och Kärnten verluer.

1337 ass hie bei engem Turnéier op engem A blann ginn. Dat war eng Ierfkrankheet, mat där seng Famill scho laang geplot war. Am September 1340 bestëmmt de Jang a sengem Testament, datt seng Iwwerreschter an der Zisterzienserabtei zu Clairefontaine solle bäigesat ginn. Am selwechte Joer reest hien op Montpellier, well hien do wéinst sengen Ae medezinesch Hëllef wollt kréien, well hien an der Tëschenzäit mat deem zweeten A och net méi gutt gesinn huet. No enger verfeelter medezinescher Behandlung duerch de Guy de Chauliac verléiert de Jang och dat zweet A definitiv, wat him den Numm de Blannen abruecht huet.

Ee Joer méi spéit hëlt sech den däitsche Keeser Tiroul vun de Lëtzebuerger. Seng Muecht a Schlesien konnt de Jang dogéint awer festegen.

Symbol ("badge") vun de Prënze vu Wales

De Jang stierft de 26. August 1346 an der Schluecht vu Crécy. Hie soll komplett blann an d'Schluecht geridde sinn, zwéi Ritter hätte säi Päerd u Kette geféiert. Der So no ass no sengem Doud e "Schwaarze Ritter" un hien erugetratt an huet säi Zimier, deen ënner anerem aus zwéi grousse Flilleke bestanen huet, opgehuewen. Dee Ritter wier keen anere gewiescht wéi de Prince of Wales Edward of Woodstock, deen aus Respekt virun dem virbildleche Ritter Jang gesot hätt: "There lies the Prince of Chivalry, but he does not die" ("Do läit de Fürst vun der Ritterlechkeet, mä hie stierft net") an och dem Jang säi Motto "Ich Dien" an Zimier, a Form vun dräi wäisse Strausseplommen, zum Symbol ("badge") vum Prince of Wales gemaach hätt. Der haiteger historescher Opfaassung no koumen déi zwéi sech awer ni méi no wéi op e puer honnert Meter.

Dem Jang säi Bouf Karel huet sengem Papp e monumentaalt Graf an der Abtei Almënster baue gelooss. Ier d'Abtei 1543 schwéier beschiedegt gouf, hat den Abt Johannes Harder dem Jang dem Blanne seng Iwwerreschter an d'Franziskanerkierch um Knuedler a Sécherheet brénge gelooss. Den Abt Bertels huet se 1592 nees an de Gronn zeréckgeholl. 1618 koume se an d'Abtei Neimënster, wou e Marbersgraf mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Äerzherzog Albert gebaut gouf. Virun engem Brand gerett, si se an eng drëtt Lued komm, déi den Numm "Hellegt Graf" krut (haut steet déi Lued an der Krypta vun der Kathedral). Wéi d'Neimënsterabtei 1796 vun de franséische Revolutionäre säkulariséiert gouf, huet de Bäcker Adam Bastien dem Jang de Blanne seng Schanken an enger Grott hanner sengem Haus - op Nummer 16 vun der Mënstergaass - verstoppt[1]. Viru sengem Doud huet en dëst Geheechnes dem Buergermeeschter uvertraut, dee se du bei säi Schwéierpapp, de Parzeläinsfabrikant Jean-Baptiste Boch brénge gelooss huet. Deem säi Bouf huet se op Mettlach bruecht. De preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm IV. huet 1838 eng Grafkapell zu Kastel-Staadt un der Saar baue gelooss. De Jang de Blanne gouf de 26. August 1946 an der Serriger Klaus exhuméiert a mat enger Militäreskorte bis op Réimech bruecht. Do gouf e vu villen Notabelen an enger Hellewull Leit erwaart, a vun Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi bis op eng Lafette gedroen, mat där en an d'Stad zeréckgefouert gouf, an do an der Krypta vun der Kathedral seng lescht Plaz krut. D'Trierische Volkszeitung hat den 30. August 1946 iwwer deen Transfert en Artikel bruecht mat der Iwwerschrëft: Ein Grabmal bei den Seinen, wohl eines Ritters wert. En Artikel gouf et och am Luxemburger Wort de 26. August 1946[2].

D'Chronisten iwwer de Jang de Blannen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Froissart a senge Chroniques:

    • Li vaillans et gentilz rois de Behagne, qui s'appeloit messires Jehans de Lussembourch, car il fu filz a l'empereour Henri de Lussembourch, entendi par ses gens que li bataille estoit commencie; car quoique il fust la armés et en grant arroy, il ne veoit goutes et estoit aveules...
    • Adonc dist li vaillans rois a ses gens une grant vaillandise: "Signeur, vous estes mi homme et mi ami et mi compagnon. A le journee d'ui, je vous pri et requier tres especialement que vous me menés si avant que je puisse ferir un cop d'espee." Et cil qui dalès lui estoient, et qui se honneur et leur avancement amoient, li accorderent: si ques, pour yous acquitter, et que il ne le perdesissent en le presse, il s'alloierent par les frains de leurs chevaus tous ensamble; et missent le roy leur signeur tout devant, pour mieulz acomplir son desirier. Et ensi s'en alerent il sus leur ennemis...
    • Ne onques nulz ne s'en parti, et furent trouvé a l'endemain, sus le place, autour dou roy leur signeur et leurs chevaus tous alloiiés ensamble.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Hochzäit mat der Elisabeth vu Béimen, 1310 zu Speyer.

De Jang de Blannen ass den eelste Jong vum Heinrich VII. a senger Fra, der Marguerite vu Brabant.

De Jang de Blanne bestit 1310 d'Elisabeth (1292-1330), Duechter vum Wenzel II. vu Béimen a Schwëster vum Wenzel III. vu Béimen. Mat hir hat hien e puer Kanner[3],[4]:

De Jang de Blanne bestit 1334 d'Béatrice vu Bourbon (1318-1383), Duechter vum franséischen Herzog Louis I. vu Bourbon. Mat hir hat hien ee Fils[3]:

  • Wenzel I. (1337-1383), Grof an dunn Herzog vu Lëtzebuerg

D'Undenken un de Jang de Blannen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zousätzlech zu sengem Graf an der Krypta vun der Kathedral, gëtt et zu Lëtzebuerg Mënzen, Medailen, Timberen, Stroosseschëlter, Vitrailen, Fassadendekoren etc., déi un de Jang de Blannen erënneren[6].

Mënzen[änneren | Quelltext änneren]

Op dem Réck vun de Sëlwermënze vun 20, 50 an 100 Frang, déi 1946 zu Lëtzebuerg erauskomm sinn, ass de Jang de Blannen als Ritter, dee sech op sengem Päerd an d'Schluecht stierzt, duergestallt[6]. De Jang de Blannen a seng Fra, d'Elisabeth vu Béimen, sinn um Réck vun der 700-Cents-Sëlwermënz, déi d'Lëtzebuerger Zentralbank den 1. September 2010 an Erënnerung un de 700. Anniversaire vum Bestietnes vun deenen zwéin erausginn huet[7].

Timberen[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Post huet dem Jang de Blannen am Laf vun der Zäit e puermol Timbere gewidmet:[6] zwou Serië Caritas-Timberen (1934, 1946), een Timber an der Serie "Histoire du Luxembourg" (1989), een Timber fir de 700. Gebuertsdag vum Jang de Blannen an de 650. Anniversaire vun der Schluecht vu Crécy (1996), een Timber fir de 700. Anniversaire vun der Ascensioun op de Kinnekstroun vu Béimen, mat engem Portrait vum Jang de Blannen an der Elisabeth vu Béimen[8].

Stroossen[änneren | Quelltext änneren]

Eng "Rue Jean l'Aveugle" gëtt et zu Bieles, Dikrech (zanter 1931), zu Esch-Uelzecht (nom Zweete Weltkrich) an an der Stad Lëtzebuerg (zanter 1889)[6].

Gedenkplacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Stater Park, net wäit vun der Adames-Strooss ewech, steet eng Gedenkplack un de Jang de Blannen, déi him als Merci vun de Forainen opgestallt gouf. Eng aner Plack hänkt um Bock.

Comics[änneren | Quelltext änneren]

Am dräideelege Fantasy-Comic De leschte Ritter (2005, 2007, 2009) thematiséieren de lëtzebuergeschen Texter Lucien Czuga an de Zeechner Andy Genen de Retour vum Jang de Blannen no sengem Doud 1346 zu Crécy am Lëtzebuerg vun haut. De Projet gouf vum Lëtzebuerger Kulturministère ënnerstëtzt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cazelles, Raymond: Jean l'aveugle: comte de Luxembourg, roi de Bohème, Tardy, Bourges, 1947.
  • Haag, Emil, 2011. Jean l'aveugle *1296 1346, l'aventurier européen, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 116-127.
  • Pauly, Michel (Hrsg.): Johann der Blinde, Graf von Luxemburg, König von Böhmen, 1296-1346, Section historique de l'Institut Grand Ducal, Lëtzebuerg, 1997.
  • Pauly, Michel (Editeur), Johann und Elisabeth - Die Erbtochter, der fremde Fürst und das Land. Die Ehe Johanns des Blinden und Elisabeths von Böhmen in vergleichender europäischer Perspektive / Jean et Élisabeth - L'héritière, le prince étranger et le pays. Le mariage de Jean l'Aveugle et d'Élisabeth de Bohême dans une perspective comparatiste européenne; Akte vum internationale Colloque, den 30. September an den 1. Oktober 2010 an der Stad, organiséiert vum Musée d'histoire de la ville de Luxembourg a vun der Universitéit Lëtzebuerg; Lëtzebuerg (Publications du CLUDEM, vol. 38), 2013; 285 S.; ISBN 2-919979-28-0. - Dozou, eng Rezensioun vum Stéphane Péquignot[9]
  • Revue (Zäitschrëft) 1946 2. Joergang Nummer 18 Onse Blanne Jang ass eröm dohem vum Joseph Meyers (Säiten 355 bis 359 an 370 bis 371)
  • Marc Thill, Johann der Blinde findet seine letzte Ruhe in Luxemburg wort.lu, 24. August 2021

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 30. Dezember 1942, S. 3
  2. E Késerpapp an Heldekinnek nés dohém D'Via triumphalis vum Jang dem Blannen, sechshonnert Joer no sengem Do'd
  3. 3,0 3,1 John I, Count of Luxemburg
  4. Tree:Jan de LUXEMBOURG (King) of BOHEMIA
  5. Foundation for Medieval Genealogy: Bohemia. Chapter 4. Kings of Bohemia (Luxembourg): Jan 1310-1346.[1]
  6. BCL: Pièce de 700 eurocents en argent 2010 "Jean de Luxembourg".
  7. P&T Luxembourg: Emission commune avec la République Tchèque: 700ème anniversaire de l'ascension au trône de Bohême de la maison Luxembourg [2]
  8. Publikatiounen op francia-recensio

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jang de Blannen – Biller, Videoen oder Audiodateien

MNHA - Royal d'or de Jean l'Aveugle


Virgänger:
Heinrich VII.
Grof vu Lëtzebuerg
1313 - 1346
Nofollger:
Karel I.