Habsburg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Haus Habsburg. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Habsburg (Homonymie).
Den "Habsburger Pouhunn" mat de Wope vun den Herrschafte vum Haus Habsburg (Augsburg, 1555).

D'Haus Habsburg oder d'Habsburger sinn e grousst europäescht Adelsgeschlecht, den Numm kënnt vun der Buerg Habsburg am Aargau (Schwäiz).

D'Membere vun dëser Dynastie hunn iwwer Joerhonnerte laang iwwer Éisträich, Béimen an Ungarn geherrscht. Vu 1438 bis 1740 koumen all d'Keeser vum Hellege Réimesche Räich aus dem Haus Habsburg. Am 16. a 17. Joerhonnert huet d'Adelsgeschlecht och iwwer d'Kinnekräicher vu Spuenien a Portugal mat hire Besëtzer an Amerika, Afrika an Asien regéiert.

Nom Doud vum leschte männlechen Habsburger, dem Keeser Karl VI., huet seng Duechter Maria Theresia zesumme mat hirem Mann François III. vu Loutrengen d'Nofolleg iwwerholl, dëst war den Ufank vun der Dynastie vun Habsburg-Loutrengen. Weider Keeser koume vu 1745 bis zum Ënnergang vum Hellege Réimesche Räich 1806 nees aus dësem Haus; de leschte réimesch-däitsche Keeser, de Franz II., huet 1804 d'ierflecht Keesertum Éisträich gegrënnt, wat bis 1918 Bestand hat. Niewelinne vun der Dynastie Habsburg-Loutrengen hunn an der Toskana, Modena a Parma souwéi kuerzzäiteg a Mexiko regéiert. Ëmgangssproochlech steet den Numm "Habsburg" och nach haut fir d'Dynastie Habsburg-Loutrengen.

Fréi Habsburger (bis 1273)[änneren | Quelltext änneren]

Déi fréi Generatioune vun den Habsburger loosse sech engersäits nëmmen op Grond vu genealogeschen Opzeechnunge rekonstruéieren, déi 1160 erstallt goufen, an anerersäits op Grond vun engem gefälschten Testament vun engem Werner I. (1030-1096). Gefälscht ass d'Testament doduerch, datt d'Testament op 1027 datéiert ass, warscheinlech awer eréischt ëm 1085 geschriwwe ginn ass. Habsburgesch Stammbamfuerscher hu schonn ëm 1500 komplett Stammbeem vun hirem Geschlecht ausgeschafft. Dës fréi Genealogie féieren ë. a. réimesch Adeleger, de Priamos vun Troja (Jong vum Jupiter) an de Kinnek Artus als direkt Virfahren un. Historesch fundéiert Resultater iwwer d'Stammbamverhältnisser gëtt et keng. Eenzeg an eleng d'Nimm loosse sech beleeën.

Stammbam vun den Habsburger

De Guntram de Räichen († 973) soll nom Stammbam vun der Acta Murensia aus dem Joer 1160 de Stammpapp sinn. Eng aner Quell ernimmt e Guntram, dee Grof um Uewerrhäin gewiescht soll sinn. Wann et déi selwecht Persoun ass, da kéinten d'Habsburger aus dem elsässeschen Herzogsgeschlecht vun den Etichonen mat Besëtzer am Elsass an am Breisgau kommen.

Vum Guntram dem Räichen ass dokumentéiert, datt hien e Jong mam Numm Lanzelin oder Kanzelin hat, dee Grof vun Altenburg (am haitege Kanton Aargau) war. Hie gëtt mat engem Landolt, Grof am Thurgau, a Verbindung gesat. A leschter Zäit gëtt awer ëmmer méi gezweiwelt, op dëst déi selwecht Persoun ass.

Ëm 1027 huet en Enkel vum Guntram, de Radbot (985-1045) d'Benediktinerklouschter Muri gegrënnt, a säi Brudder Rudolf d'Klouschter Ottmarsheim am Uewerelsass. Als Herrschaftsmëttelpunkt gouf ëm 1020 vum Radbot d'Buerg Habsburg baue gelooss, déi haut an der Schwäizer Gemeng Habsburg am Aargau steet. D'Habsburger hunn nach weider Buerge baue gelooss. Den Otto vun Habsburg († 1111) war den éischten aus der Famill, dee sech vun Habsburg genannt huet. Am 11. an 12. Joerhonnert hunn d'Habsburger hiren Territoire weider ausgebaut, Vogteien a Grofschaftsrechter kaaft. Si goufen zu Landgrofen am Uewerelsass, a Vogte vum Stroossbuerger Héichstëft. Si hunn och Usproch op d'Ierfschaft vun de Kyburger erhuewen, soudatt si Lännereien am Zürigau, an der Schwyz, Unterwalden, am Aargau an am Uri eruewere konnten.

Zu enger éischter Deelung vum Haus koum et am fréien 13. Joerhonnert. Den Albrecht IV. war de Grënner vun der eelerer Linn an de Rudolf III. vun der Linn Habsburg-Laufenburg. Duerch d'Konkurrenz ass eng raimlech Trennung entstanen. Obschonn de Rudolf III. net zu enger Nieweroll verdaamt gi war, ass et him net gelongen, en eegent Herrschaftszentrum an der Zentralschwäiz opzebauen. Spéider Versich goufen heefeg vun der eelerer Linn duerchkräizt.

De Jong vum Albrechts IV., de Rudolf IV. dogéint, konnt säi Räich systematesch ausbauen. Hie konnt seng Herrschaft op de Schwarzwald ausdehnen. Duerch d'Kyburger Ierfschaft konnt hien ausserdeem d'Ost- an d'Nordostschwäiz fir sech beusprochen. Hie gouf zu engem mächtegen Här a Südschwaben. Seng Wiel zum réimesch-däitsche Kinnek 1273 als Rudolf I. war d'Kréinung vu sengem Erfolleg.

D'Habsburger un der Spëtzt vum Hellege Réimesche Räich[änneren | Quelltext änneren]

D'Lännereie vun den Habsburger 1547.

No der Wiel vum Rudolf I. zum réimesch-däitsche Kinnek hu sech d'Habsburger mat dem Kaf vun den Herzogtemer Éisträich a Steiermark zu enger wichteger Hausmuecht entwéckelt. Mat weidere Gebidder am Osten an dem Verloscht vum alhabsburgesche Besëtz an der Schwäiz am 14. a 15. Joerhonnert huet sech d'Muechtzentrum entgülteg an d'Ostalpegebitt verlagert. D'Habsburg selwer ass 1415 un d'Eidgenosse gaangen. D'Bezéiunge vun den Habsburger zu hirem fréiere Käerland sinn awer enk bliwwen. Dëst huet sech ënner anerem um Klouschter Muri an un der Abtei Königsfelden gewisen.

Well d'Habsburger an der Gëllener Bulle net am Krees vun de Kurfürste berécksichteg goufen, huet den Herzog Rudolf IV. 1358/59 eng Fälschung an Optrag ginn, de Privilegium Maius, an deem hien den Äerzherzogstitel, dee spéider fir d'Habsburger charakteristesch gouf, fir sech beusprocht huet.

No der Wal vum Albrecht II. 1438 hunn d'Habsburger - mat der Ausnam vum Keeser Karl VII. (17421745) - all Keeser vum Hellege Réimesche Räich bis zum Enn 1806 gestallt.

Glécklech Familljeverbindungen an Doudesfäll hunn den Habsburger um Enn vum 15. Joerhonnert d'Herzogtum Bourgogne an duerno d'Kroune vu Spuenien, Béimen an Ungarn bruecht. Mat den Nofollger vum Keeser Karel V. hu sech d'Habsburger an eng spuenesch an an eng éisträichesch Linn gedeelt. Nodeem d'spuenesch Linn op en Enn gaange war, konnten d'éisträichesch Habsburger nëmmen e klengen Deel vun der spuenescher Ierfschaft gewannen.

1740 sinn och d'éisträichesch Habsburger am Mannesstamm ausgestuerwen. Nodeem d'Ierfduechter Maria Theresia, der hir Herrscherrechter de Karel VI. mat der Pragmatescher Sanktioun geséchert hat, sech mam François III. vu Loutrengen bestuet hat, huet sech d'Dynastie Habsburg-Loutrengen genannt. Si huet vu 1765 bis 1806 d'Keeser vum Hellege Réimesche Räich gestallt.

1806 huet de Franz II. am Kader vun de Napoleonesche Kricher ofgedankt, an d'Hellegt Réimescht Räich ass op en Enn gaangen.

D'Haus Habsburg an der Zäitgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Keesertum Éisträich[änneren | Quelltext änneren]

Den Otto von Habsburg († 2011), eelste Jong vum leschte Keeser Karl.

Am Joer 1804 hat de Keeser Franz II. dat ierflecht Keesertum Éisträich proklaméiert, fir eng Ranggläichheet mam Napoléon oprecht z'erhalen, deen am selwechte Joer zum Keeser vun de Fransouse proklaméiert gi war. D'Keesertum Éisträich huet all habsburgesch Ierflänner ëmfaasst. 1867 gouf d'Räich zu der Éisträichesch-Ungarescher Monarchie ëmgewandelt; dës ass um Enn vum Éischte Weltkrich 1918 zerfall.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Keesertum Éisträich.

D'Habsburger no 1918[änneren | Quelltext änneren]

Den 11. November 1918 huet de leschte Keeser Karl I. op all Undeel un de Staatsgeschäfter an Éisträich verzicht, den 13. November och an Ungarn.

Opgrond vum Habsburgergesetz vum 3. Abrëll 1919 goufen all Habsburger, déi net op hir Zougehéieregkeet zum Haus Habsburg-Loutrengen (also zu der Dynastie mat hiren Herrschaftsuspréch) verzichte wollten, a sech als "getreue Staatsbürger der Republik" bekenne wollten, aus dem Land ausgewisen. Ausserdeem goufen d'habsburgesch Familljefonge geplëmmt (net awer perséinlecht Privatverméigen). D'Membere vum Haus hu sech zum Deel fir dat republikanescht Éisträich entscheet, sinn zum Deel awer och an den Exil gaangen.

No zwéi Restauratiounsversich vum Kinnek Karl an Ungarn huet d'ungarescht Parlament de 6. November 1921 d'Dethronisatioun vum Haus Habsburg-Loutrengen gestëmmt. Ungarn ass bis 1944 e Kinnekräich ouni Kinnek bliwwen.

Familljechef ass zanter 2007 de Karl Habsburg-Lothringen, Jong vum Otto von Habsburg.

Herrscherlëschten[änneren | Quelltext änneren]

Réimesch-däitsch Kinneken a Keeser (Habsburg)[änneren | Quelltext änneren]

Réimesch-däitsch Kinneken a Keeser (Habsburg-Loutrengen)[änneren | Quelltext änneren]

Éisträichesch Keeser (Habsburg-Loutrengen)[änneren | Quelltext änneren]

Keeser vu Mexiko (Habsburg-Loutrengen respektiv Habsburg-Iturbide)[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vu Spuenien a Portugal (Casa de Austria)[änneren | Quelltext änneren]

Kinneke vun Ungarn (Habsburg an Habsburg-Loutrengen)[änneren | Quelltext änneren]

Herzoge vun Éisträich (Habsburg an Habsburg-Loutrengen)[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Markgrofen an Herzogen an Éisträich am Mëttelalter.

Groussherzoge vun der Toskana (Habsburg-Loutrengen)[änneren | Quelltext änneren]

Herzoge vu Modena (Habsbourg-Loutrengen an Habsburg-Este)[änneren | Quelltext änneren]

Herzogin vu Parma (Habsburg-Loutrengen)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Henry Bogdan, Histoire des Habsbourg: des origines à nos jours. Perrin, Paräis, 2005. (ISBN 2-262-02376-X)
  • Jean des Cars, La saga des Habsbourg. Du Saint Empire à l'Union européenne. Perrin, 2010. (ISBN 978-2-262-02692-9)
  • Dorothy Gies McGuigan, Familie Habsburg 1273 bis 1918: Glanz und Elend eines Herrscherhauses, Berlin, 2003. (ISBN 3-548-33173-4)
  • Brigitte Hamann (Ersg.), Die Habsburger. Ein biographisches Lexikon, Wien/München, 1996.
  • Heinz-Dieter Heimann, Die Habsburger - Dynastie und Kaiserreiche, München, 2004.
  • Thomas Lau (Ersg.), Österreichische Familien. Machthaber, Mimen und Magnaten, Böhlau, Wien, 2006. (ISBN 978-3-205-77543-0)
  • Richard Reifenscheid, Die Habsburger in Lebensbildern. Von Rudolf I. bis Karl I., Wien, 1990.
  • Karl Vocelka a Lyenne Heller, Die Lebenswelt der Habsburger, Kultur- und Mentalitätsgeschichte einer Familie, Graz/Wien/Köln, 1997.
  • Karl Vocelka a Lyenne Heller, Die private Welt der Habsburger. Leben und Alltag einer Familie, Graz/Wien/Köln, 1998.
  • Brigitte Vacha (Ersg.), Die Habsburger. Eine Europäische Familiengeschichte, Graz/Wien/Köln, 1992. (ISBN 3-222-12107-9)
  • Adam Wandruszka, Das Haus Habsburg. Die Geschichte einer europäischen Dynastie, Wien, 1989.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: House of Habsburg – Biller, Videoen oder Audiodateien