Felipe I. vu Kastilien

Vu Wikipedia
Felipe I. vu Kastilien
Titelen
Kinnek vu Kastilien
Zäit 12. Juli 1506 bis
25. September 1506
Zesumme mat Juana I.
Virgänger Juana I.(aleng)
Nofollger Juana I.(aleng)
Herzog vun der Bourgogne
Biographie
Gebuer 22. Juni 1478 jul.
Bruges
Gestuerwen 25. September 1506
Burgos
Papp Maximilian I.
Mamm Marie vun der Bourgogne
Geschwëster Margréit vun Éisträich
Kanner Karel V., Ferdinand I.

De Philippe I. vun Habsburg, genannt de Schéinen (Spuenesch: Felipe I de Austria, el Hermoso), gebuer den 22. Juni 1478[1] zu Bruges a gestuerwen de 25. September 1506 zu Burgos, war Herzog vun der Bourgogne. Hie war den éischten Habsburger, deen a Spuenien Kinnek gouf an Herrscher iwwer Kastilien a León war.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Äerzherzog Philipp mat sengen Elteren an de Jonge Karel a Ferdinand.
De Philipp mat senger Fra Juana I., der Geckeger.

De Felipe war deen eelste Jong (an deen eenzegen, deen iwwerlieft hat) vum spéidere Kinnek a Keeser Maximilian I. an deem senger Fra, der Maria vun der Bourgogne, der Ierwin vun de Länner vum Haus Bourgogne.

Hien ass an de Burgundeschen Nidderlanden opgewuess, a gouf mat 16. Joer fir volljäreg erkläert, woumat en d'Ierfschaft vu senger Mamm, déi bei engem Reitaccident, wéi hien dräi Joer hat, ëm d'Liewe komm war, untriede konnt. Den 20. Oktober 1496 gouf de Felipe offiziell zu Lier mat der Infantin Juana bestuet, iwwerdeems en halleft Joer drop seng Schwëster Margarete der Juana hire Brudder, de spueneschen Trounfollger Juan bestuet huet. Déi zwee waren d'Kanner vun der Isabela I. vu Kastilien an dem Ferdinand II. vun Aragón. Haaptzil vun dëser Duebelhochzäit war fir d'Habsburger, d'Relatioune mat Spuenien ze stäerken an den Äerzfeind Frankräich weider z'isoléieren.

De 26. November 1504 ass d'Isabela gestuerwen. Si hat hir Duechter Juana, dem Felipe seng Fra, an hire Mann Ferdinand als Ierwen agesat. Sou krut de Felipe I. och Muecht iwwer Kastilien, León a Granada. Dem Ferdinand huet dat natierlech net gepasst, ma de Felipe konnt sech duerchsetzen, well d'Grande vu Kastilie léiwer hien als Kinnek gesouchen.

De Felipe ass stënterlech de 25. September 1506 an der Casa del Cordón zu Burgos un enger Infektioun gestuerwen. D'Juana huet hien ëm 48 Joer iwwerlieft, huet sech awer net méi bestuet.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

De Philippe huet sechs mannerjäreg Kanner hannerlooss, dorënner zwéi Jongen, de Karel an de Ferdinand. De Ferdinand ass bei sengem Grousspapp Ferdinand vun Aragón a Spuenien opgewuess, iwwerdeems de Karel vu senger Tatta Margarete zu Gent a Mechelen gezillt gouf. Wéi de Ferdinand II. 1516 gestuerwen ass, gouf de Karel zesumme mat senger Mamm Juana spuenesche Kinnek, a 1519 gouf en zum réimesch-däitsche Kinnek gewielt. Dem Karel seng Jongen hunn d'Haus Habsburg an zwou Linne gedeelt: de Philippe/Felipe II. huet déi spuenesch Linn gegrënnt an dem Karel säi Brudder Ferdinand déi éisträichesch.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Marie Cauchies, Philippe le Beau: le dernier duc de Bourgogne; Turnhout (Brepols; collection 'Burgundica', n° 6), 2003; XIX-292 Säiten; ISBN 2-503-51226-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Felipe I. vu Kastilien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Felipe I | Real Academia de la Historia. dbe.rah.es. Gekuckt de(n) 2023-11-12.