Burgundesch Nidderlanden

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geschicht vun de Benelux-Länner
Austrasien Frisescht Kinnekräich
Karolengerräich
ca 800–843
  Blason Nord-Pas-De-Calais.svg
Grofsch't
Flandern

9.Jh.–1384
Lotharingien,
dunn
Nidderloutrengen 855–954–977
Wappen Bistum Lüttich.png
Prënzbistum Léck
+

Räichs-
abtei
Stavelot- Malmedy

+
Gules a fess argent.svg
Herzogtum Bouillon

10. Jh.
– 1795
Aner feudal Staaten Arms of the Grand Duchy of Luxembourg.svg
Grofschaft Lëtzebuerg
963–1353
10.–14. Jh.
Blason fr Bourgogne.svg
Burgundesch Nidderld.
Herzogtum Lëtzebuerg
1353–1443
1384–1482
 

Flag of the Low Countries.svg
Habsburger Nidderlanden
1482–1795
(Siwwenzéng Provënzen, Burgundesche Krees)

(Südlech) Spuenesch Nidderlanden
1549–1713
  Prinsenvlag.svg
Republik vun de
Siwe Vereenegte
Provënzen

1581–1795
Flag of Austrian Low Countries.svg
Éisträichesch Nidderlanden
1713–1795
Lécker Revolut.
1789–92
Flag of the Brabantine Revolution.svg
Vereenegt
nidderlännesch
Staaten

1790
   

Flag of France.svg
Éischt Franséisch Republik
1795–1804
Flag of the Batavian Republic.svg
Batavesch Republik
1795–1806
Premier Empire
1804–15
Flag of the Netherlands.svg
Kinnekräich Holland
1806–10
 
Flag of the Netherlands.svg
Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830
Flag of Luxembourg.svg
Groussherzogtum Lëtzebuerg
zanter 1815

(1815 - 1866 am Däitsche Bond)
(1815 - 1890 Personalunioun)
Flag of the Netherlands.svg
Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830
   
Flag of Belgium.svg
Kinnekräich Belsch
zanter 1830
Flag of the Netherlands.svg
Kinnekräich vun den
Nidderlanden
("Holland")
zanter 1830
De Muechtberäich vun der Bourgogne ënner dem Philipp dem Gudden.

Ënner Burgundeschen Nidderlanden (fr.: Pays-Bas bourguignons) gëtt grosso Modo d'Gebitt vun den haitege Benelux-Staate genannt zu der Zäit vun der Herrschaft vum Haus Burgund, als Niewebranche vun der Dynastie vun de Valois-Kinneken, a vum Ufank vun där vun den Habsburger.

Haus Burgund[änneren | Quelltext änneren]

Am 14. Joerhonnert huet d'Haus Burgund, d'Niewebranche vum Herrscherhaus Valois ugefaangen d'Provënzen an den Nidderlanden duerch Bestietnesser a Kontrakter ënner senger Féierung ze vereenen: fir d'éischt 1384 duerch d'Bestietnes vum Philipp dem Kéngen, jéngste Fils vum Kinnek vu Frankräich Jang II. (genannt le Bon), mat der Ierwin souwuel vun der Franche-Comté wéi och vun de Grofschafte Flandern an Artois; Mechelen koum als Dott dobäi; no an no koumen aner Gebidder dobäi, well et goung de successiven Herzogen drëm, Flandern-Artois mam Block Burgund-Franche-Comté ze verbannen: 1427 d'Grofschaft Namouer, 1428 Holland, Friesland, Zeeland an Hennegau, 1430 d'Herzogtum Brabant vun deem scho laang d'Herzogtum Limburg ofgehaangen huet, a 1441/43 d'Herzogtum Lëtzebuerg.

De Philippe III. vun der Bourgogne, genannt de Gudden (1419-1467) huet probéiert, dësen 11 Provënzen eng eenheetlech Verfassung ze ginn. 1437 huet en déi éischt Generalstänn (de. Generalstände; fr. états généraux) ageruff; dat war eng Versammlung vun Delegéierte vun de Provënzversammlungen (Stänn), déi ëmmer méi dacks, um Schluss all Joer, meeschtens zu Bréissel oder zu Mechelen zesummekoumen.

Den Haff war zu Bréissel, um Coudenberg. D'Herzogen hunn de Brabant selwer regéiert; an den anere Gebidder, "Provënze" genannt, hate se Gouverneuren. Mä d'Beherrscher vun den Nidderlanden haten ni een eenzegen Titel fir dat Ganzt, an déi 11 Territoirë waren och ni een Eeenheetsstaat - all Provënz huet déi aner als Ausland ugesinn a keng Beamte vun do bei sech zougelooss. Dat Ganzt war deemno (a bis zum Schluss vum Ancien Régime, 1794/95) ëmmer nëmmen eng Zort labber Confederatioun. Nom Doud vum Karel dem Kéngen (1467-77), deen zwar de Besëtz ëm d'Herzogtum Geldern an d'Grofschaft Zutphen vergréissere konnt, mä bei Nanzeg gefall ass (1477), wéi hien d'Herzogtum Loutrengen wollt ënnerwerfen, sinn d'Nidderlanden an d'Franche-Comté (nieft e puer aner kleng Gebidder, wéi de Charolais) duerch d'Bestietnes vu senger Ierwin Maria mam Maximilian vun Éisträich un d'Haus Habsburg gefall, och wa verschidde Gebidder méi oder wéineger laang vum Louis XI. vu Frankräich besat goufen.

Haus Habsburg[änneren | Quelltext änneren]

D'Provënzen hu vun deem Wiessel vum Herrscherhaus profitéiert fir méi Rechter ze kréien. Sou huet d'Maria z. B. missen den hollännesche Stänn de "Grousse Privileg" zougestoen, an no hirem Doud (1482) sinn Onrouen an Holland ausgebrach, well de Maximilian als Momper vu sengem Jong Philippe I. vu Kastilien, genannt "de Schéinen", weiderregéiert huet. Och d'Bierger vu Bruges wollten där Momperschaft zu Gonschte vun de Stänn vu Flandern lassginn an hu souguer 1488 de Maximilian gefaange geholl fir em déi Konzessioun ofzepressen. Mat Hëllef vum Herzog Albrecht vu Sachsen, dee 1491 zum Ierf-Statthalter vu Friesland ernannt gouf, gouf de Maximilian d'Onrouen do Meeschter, an och den Artois konnt e géint de franséische Kinnek Louis XI. verdeedegen, dee probéiert hat, deen anzezéien. 1493 huet de Philippe selwer d'Regierung vun den Nidderlanden iwwerholl. 1499 huet sech Gelderland nees lassgerappt.

De Philippe ass fréi gestuerwen (1506), a sou huet seng Sëschter, d'Margarete duerch d'Momperschaft fir hire Jong Karel (de spéidere Karel V.), dee just 6 Joer hat, d'Regierung iwwerholl. Wéi dee 1515 groussjäreg an domat Herrscher gouf, blouf d'Margarete Statthalterin an den Nidderlanden. No hirem Doud, 1531, huet dem Karel seng Sëschter, d'Kinnigin Maria vun Ungarn, d'Statthalterschaft iwwerholl.

Karel V.[änneren | Quelltext änneren]

Ënner der Herrschaft vum Karel V. ass et den Nidderlande gutt ergaangen. De Karel huet Overijssel an d'Utrechter Stëftslänner kaaft (1517) an huet och dem Albrecht sengem Jong Georg vu Sachsen seng Rechter op Friesland ofkaf. 1538 huet en och Groningen a Gelderland nees zréckkafe kënnen. Domat hat en déi Siwwenzéng Provënzen: Brabant, Limburg, Lëtzebuerg, Gelderland, Flandern, Artois, Hainaut, Holland, Zeeland, Namouer, Zütphen, Ost- a Westfriesland, Mechelen, Utrecht, Overyssel a Groningen ënner sengem Zepter vereenegt. D'Nidderlänner hunn de Karel, deen zu Gent gebuer war, als Ee vun hinnen ugesinn. Si konnten iwwerall am Karel sengem Welträich ongehënnert handelen, a sou ass deemools e groussen Deel vum Welthandelsverkéier iwwer d'Nidderlanden, besonnesch iwwer den Hafe vun Antwerpen, ofgewéckelt ginn. Nieft dem Handel an Handwierk ass et och der Landwirtschaft a Fëscherei, de Kënscht an de Wëssenschafte gutt ergaangen.

Och d'politesch Verschmëlzung vun de 17 Provënzen huet Fortschrëtter gemaach: Zu Mechelen gouf en Iewescht Geriicht, de sougenannte Grousse Conseil vu Mechelen an eng Chambre des comptes fir d'Nidderlanden ageriicht, an de Karel V. huet mam Traité vun Augsburg (1548) déi Siwwenzéng Provënzen an de Burgundesche Krees integréiert a se sou zu enger politesch-administrativer Eenheet erhuewen, déi labber mam Hellege Réimesche Räich verbonne sollt sinn an no der Pragmatescher Sanktioun vu 1549, ëmmer vereent a vun engem Fürst beherrscht sollte sinn.

Bei der Deelung vum Habsburgeschen Herrschaftsgebitt sinn d'Nidderlanden un déi spuenesch Linn gaangen a vun do u gëtt vun de Spuenesche Nidderlanden geschwat.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Spuenesch Nidderlanden


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Burgundesch Nidderlanden – Biller, Videoen oder Audiodateien