Brabant

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat der historescher Géigend Brabant. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Brabant (Homonymie).

De Brabant ass eng historesch Géigend, an der haiteger Belsch an an Holland.

Ëm 870 war de Brabant a véier Deeler opgedeelt. D'Grofschaft Eenham an de Wallounesche Brabant, goufen 883 vum flämesche Grof Baudouin de Plakapp zur Grofschaft Flandern vereent, an d'Grofschaft Bréissel déi sech am 11. Joerhonnert mat der Grofschaft Léiwen, zesummegedoen huet, fir d'Herzogtum Brabant ze ginn, mat un der Spëtz, den deemolege Grof vu Léiwen.

1430 koum de Brabant an d'Hänn vum Philippe de Gudden an duerno 1477 zesumme mat all de burgundesche Proprietéiten an d'Hänn vun den Habsburger. 1609 hunn déi spuenesch Habsburger de Vereenegte Provënzen den nërdlechen Deel vum Brabant missen oftrieden. Beim Traité vun Utrecht 1713, kruten déi éisträichesch Habsburger de südlechen Deel vum Brabant.

An der Zäit vun der franséischer Revolutioun a vum Premier Empire huet en zu Frankräich gehéiert, a koum 1815 an d'Hänn vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden, fir 1830 nees eng Kéier gespléckt ze ginn, woubäi de südlechen Deel als Provënz Brabant bei d'Belsch geprafft gouf, an den Norden als Provënz Nordbrabant bei Holland blouf.

Déi belsch Provënz gouf 1995 nach eng Kéier opgedeelt an d'Provënze Flämeschen a Wallounesche Brabant, woubäi och nach en Deel an d'Haaptstadregioun Bréissel koum.