Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden

Verenigd Koninkrijk der Nederlanden
Royaume des Pays-Bas


Fändel vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden
Fändel vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden
Vereinigteskoenigreich.png
Holland (1 an 2), Belsch (3 a 4) a Lëtzebuerg (5) 1839.
Offiziell Sproochen Hollännesch a Franséisch
Haaptstad Amsterdam

D' Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden (nl.: Verenigd Koninkrijk der Nederlanden, fr: Royaume-Uni des Pays-Bas) bestoung vun 1815 bis 1830 (1839).

Et war dëst en neien europäesche Staat, deen um Wiener Kongress 1815 gegrënnt gi war. Dëse Staat, deen dacks och vereinfacht "Kinnekräich vun den Nidderlanden" genannt gouf, huet sech aus de fréieren Éisträicheschen Nidderlanden (zesumme mam Prënzbistum Léck) am Süden an der fréierer Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen am Norden zesummegesat.

D'geopolitescht Zil war et, e staarken, liewensfäege Staat nërdlech vu Frankräich ze hunn, dee verhënnere sollt, datt Frankräich nees probéiere géif, sech no do auszebreeden.

Dëse Staat huet bestanen, bis déi südlech Provënzen sech an der belscher Revolutioun 1830 ofgetrennt hunn, fir de Staat Belsch ze grënnen. D'belsch Onofhängegkeet gouf awer eréischt 1838 vum Wëllem I. unerkannt, an du gouf d'Deelung vun der Provënz Limburg a vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, déi schonn 1831, am Traité des XXIV Articles decidéiert gi war, 1839 duerchgezunn. Duerno huet sech den Norden nëmme méi Kinnekräich vun den Nidderlanden genannt.

Lëtzebuerg huet net zum Vereente Kinnekräich gehéiert, et war e Groussherzogtum am Däitsche Bond. Den hollännesche Kinnek war allerdéngs a Personalunioun och Groussherzog vu Lëtzebuerg, an huet de facto Lëtzebuerg wéi eng hollännesch Provënz behandelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]