Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

déi schonn 1831, am Traité des XXIV Articles décidéiert gi war? Wierklech??? De Jemp

Jo Jemp, wierklech!
D'Opdeelung war zwar schonns am Traité des XVIII articles vum 26. Juni 1831 festgehale ginn, mä d'Hollänner hunn deen net sou richteg akzeptéiert, an de Wëllem huet am August eng Kricherei ugefaangen, déi als Folleg den Traité des XXIV Articles vum 15. Oktober 1831 hat, bei deem d'Belsch definitiv eng Parti vum Limburg an d'Groussherzogtum Lëtzebuerg verluer hunn.
Les Meloures 13:32, 8. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Kéis! Am Traité des XVIII articles steet kloer, datt de (grousse) Grand-Duché NET zur Belsch gehéiert, mee datt de Wëllem I., d'Belsch an den Däitsche Bond mussen zesumme verhandelen. Do ass nach näischt vun enger eventuell zukënfteger Deelung z'erkennen.

An am Traité des XXIV articles, deen effektiv Enn 1831 als Projet um Dësch loug, ass +/- d'Hallschent vun der Provënz Limburg der Belsch zougesprach ginn + eng "grouss Hallschent" vum Grand-Duché vun 1815. D'Belsch huet deemno net d'Groussherzogtum verluer, wéi de Les Meloures schreift, mee huet nëmmen déi romanesch Gebidder + d'Areler Land a Beho/Bocholz kritt.

Et wier och gutt, wann ee richteg formuléiere géif: d'Belsch ëntsteht réischt 1830, 15 Joer no der Schafung vum Grand-Duché duerch de Wiener Kongress (1815). Wéi kann een, deen et net mol gouf, eppes vun engem verléieren, dee scho méi laang als staatlech Entitéit besteet? Sécher, déi belsch Geschichtsbicher ware ganz laang an enger nationalistescher Logik geschriwwen, déi haut kee méi eescht kann huelen; mee och de Les Meloures, deen ëmmer séier do ass, fir iwwer d'Leit hierzefalen, dierft säi kritesche Geescht aschalten! :-) Chris


War de Fändel vum Vereenegte Kinnekräich tëschent 1815 an 1830/39... wierklech rout-wäiss-(donkel)blo? Ech mengen, datt den haitege Fändel laang nëmmen de Fändel vun der hollännescher Marine war, an datt de Staatsfändel just aus engen orange Rechteck bestanen huet. Oranien boven! Vgl.: Albert CALMES, Au fil de l'histoire (I), Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1968; Ss. 48-49! - C.

Mengen a Botter sch... ass zweeërlee.


Alles wat bis lo hei gebraddelt gouf huet um Artikel näischt geännert. Et wier net schlecht wann deen Zodi géif ophéieren. --217.136.98.25 12:22, 5. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]


Abe jo! Firwat hu mer dann eng lb.wikipedia? Just fir e puer autoproclaméiert pseudo-Webmasteren zefridden ze stellen, oder? Ass d'Diskussioun onerwënscht? Huet iergendee vun de lëtzebuergesche Wikipedianer d'"science infuse" oder eng certifiéiert Onfeelbarkeet? Hei ass net "gebraddelt" ginn! Hei si Froen opgeworf ginn, déi keng valabel Äntwert kruten. Den Artikel - sou wéi en lo do steet - muss iwwerschafft ginn: et sti wéinstens 3 Feeler dran... - C.


Ma dann iwwerschaff en amplaz hei diskutéieren ze kommen. --~~

Ass dat esou schwéier ze verstoen?

[Quelltext änneren]

Ech hunn et schonns zeg-Mol op anere Plaze geschriwwen, dann alt nach eng Kéier hei: Op Wikipedia gëtt et keen "ech" an "dir", jiddereen ka säint u Wësse bäidroen. An domatt ass d'Schreiwen, d'Ausbauen an d'Verbessere vun Artikele gemengt. Ween eppes méi weess, ween e Fehler entdeckt, eppes aktualiséiere wëll, oder wee Loscht huet, eppes zu engem Thema ze schreiwen, mecht dat an engem Artikel, a beleet et mat enger Quell. Jiddereen anere kann dat ergänzen, verbesseren, ausbauen, asw. bis d'Perfektioun erreecht ass (idealerweis...). Schwéierfälleg Beschreiwungen op Diskussiounssäiten, wat sollt/kinnt/misst anescht sinn, Beléierungen a Vernennungen bréngen dat ganzt keng Grëtz virun a sollen dofir ënnerlooss ginn. --Zinneke (Diskussioun) 07:47, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Oder, fir eng Schabloun ze beméien:

Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


JO, DAT ASS SCHWÉIER ZE VERSTOEN! AN DER KËSCHT UEWE RECHTS STINN DOMMHEETEN; AN DÉI SINN NET EINFACH ZE ÄNNEREN. SI KEE COMPUTTERFRIIK... FIR DE KLENGE JEAN-JACQUES: BOUILLON WAR VIRUN 1815 NI LËTZEBUERGESCH! - C.


FIR DE KLENGE JEAN-JACQUES: BOUILLON WAR VIRUN 1815 NI LËTZEBUERGESCH
Lo geet et duer mat deem Gebraddels. Dat huet de klenge Jean-Jacques ni behaapt. Bass de sou domm oder méchs de dech sou domm fir d'Leit ze nerven.
AN DER KËSCHT UEWE RECHTS STINN DOMMHEETEN
Water Dommheete sinn dat??? oder muss een dat dreeme was du fir domm häls?? Et geet net duer fir hei eppes dohin ze klaken an net ze soen ëm wat et sech dréint. --109.132.75.99 12:01, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]
Du schéngs dech gutt z'ameséieren fir aner Leit hei un d'Schaffen ze kréien. --109.132.75.99 12:12, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]
An dann nach eppes:Hei gëtt net mat de Leit gebläert.

Wann Der Iech allen zwéin e bësse berouegt hutt, eng kleng Bemierkung vu mir: Ech mengen, ze verstoen, et géing hei entweder ëm d'Këscht/Schabloun Infobox Beneluxstaaten Geschicht oder Navigatioun Geschicht vu Lëtzebuerg. Déi leschtgenannt ass effektiv kritesch z'iwwerliesen, well se virun net allzelaanger Zäit zimmlech haselech (fir meng Begrëffer) vun Net-Historiker zesummegebastelt gouf, an déi eng oder aner Ongenauegkeet kinnt drastoen. Déi iwwer d'Geschicht vun den haitege Beneluxstaaten schéngt mer dogéint souwäit richteg, se gouf vun fr:Modèle:États du Benelux iwwersat. Falls do Onstëmmegkeete wieren, verbessert se direkt an der Schabloun (hei drop klicken an dann op "Quellentext änneren") a schreift an de Kommentar de Grond an d'Quell vun der Ännerung; oder, well dat teschnech net ëmmer evident ass, op d'Diskussiounssäit vun der Schabloun, ma da genee, wat muss g'ännert ginn, mat Explikatioun a Quell. A wannechglift ouni Gebläers.:-) Merci. --Zinneke (Diskussioun) 14:28, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]



Dach, dat huet e gesot (kuckt "Versioune weisen"!), a meng Richtegstellung ass natierlech prompt zréck an dat Falscht gesat ginn.

Wat lo dee Rechteck mat der Kaart ubelaangt, do ass 1) de Fändel falsch (ech hu schonns drop higewisen) an 2) d'Haaptstad (dat hunn ech och ënzwousch gesot). Mee anerer, sécher Hobbyhistoriker, wëssen net nëmmen alles besser, mee huelen näischt un, wat hinne friem ass. An da soll ee w.e.g. net reagéieren?

Ech géif mer am Léifsten all dës Diskussioune spueren! A mengt net, datt ech mech hei amuséieren! Ech hu méi wéi honnert valabel recherchéiert Artikelen am Beräich Geschicht, Relioun, Literatur... produzéiert, heiansdo trotz vill Resistenz oder VersteesdemechNET vu Leit à la Les Meloures oder Klenge Jean-Jacques. Ech brauch mech net fir mäi Wëssen a fir meng Méi ze schummen, zumol wou ech perséinlech keng lb.wikipedia brauch. Mee d'Iddi gefällt mer, a wa schonn, da soll "eis" Wikipedia op Lëtzebuergesch och een zouverléissegt Instrument sinn. Dofir bleiwen ech dobäi. - C. = kee Vandal, net mol onbewosst.


Hal op mat léien oder kaf der e Brëll!!!!

[Quelltext änneren]

Den Historik vun der Saach:

Hei krut de klenge Jean-Jacques gebläert: FIR DE KLENGE JEAN-JACQUES: BOUILLON WAR VIRUN 1815 NI LËTZEBUERGESCH

D'Äntwert war: Dat huet de klenge Jean-Jacques ni behaapt

Dann elo: Dach, dat huet e gesot.

Am Historik ass dat hei ze liesen: (Bouillon net, dat huet zu Lëtzebuerg gehéiert mengt de klenge Jean-Jacques). Wou steet do datt Bouillon virun 1815 sollt lëtzebuergesch gewiescht sinn. Oder muss ech bei den Aendokter goen? --81.246.178.134 18:38, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Hei wësse mer natierlech keng Äntwert. D'Haaptsaach ass et gëtt un den Diere gerabbelt. --81.246.178.134 13:40, 7. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Richtegstellung ass natierlech prompt zréck an dat Falscht gesat ginn.

[Quelltext änneren]

Wat ass dann do falsch gemaach ginn? Kanns d'eis dat erklären. Oder so eis wéinsten wat s du fir richteg häls. --81.246.178.134 18:48, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

De "klenge Jean-Jacques" hëlt d'Herzogtum Bouillon ëmmer nees eraus aus der Opzielung vun den 3 Fürstentümer eraus, déi nieft den Éisträicheschen Nidderlanden d'éischt franséisch Departementer (Départements réunis)gebilt hunn (1794-1814), an duerno, no enger kuerzer Iwwergangszäit ("Régime des Alliés") de Süde vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden. Dobäi ass et am Artikel iwwer Bouillon scho längst kloergestallt; an och am Artikel Geschicht vu Lëtzebuerg.
An et gi weider drop an derwidder Saache behaapt déi net stëmmen:
1) Am Artikel vum Herzogtum Bouillon steet dat hei: Mä um Wiener Kongress 1815 gouf schlussendlech decidéiert, den Territoire gréisstendeels u Lëtzebuerg unzeschléissen. Do steet net datt e bei d'vereenegt Nidderlande koum.
2) Am Artikel Bouillon steet dat hei: Am 19. Joerhonnert, nom Wiener Kongress, gouf Bouillon Deel vum nei geschaafte Groussherzogtum Lëtzebuerg. Do steet och net datt Bouillon bei d' vereenegt Nidderlande koum
3) en Artikel Geschicht vu Lëtzebuerg gëtt et iwwerhaapt net an am Atikel Lëtzebuerg steet och näischt datt Bouillon sollt zu de Vereenegten Nidderlande sollt gehéiert hunn.
4) De Wëllem hat Bouillon provisoresch souzesoen als Privatentschiedegung kritt, bis de Fall Bouillon spéider vun de Groussmuechte sollt definitiv tranchéiert ginn, a Bouillon war an deem Sënn bei Lëtzebuerg geprafft ginn. Am Traité steet dat ganz kloer: S. M. le Roi des Pays-Bas, Grand-Duc de Luxembourg, possédera à perpétuité, pour lui et ses successeurs, la souveraineté pleine et entière de la partie du Duché de Bouillon non cédée à la France par le Traité de Paris ; et, sous ce rapport, elle sera réunie au Grand-Duché de Luxembourg.
Et dierft deemno zimmlech kloer sinn datt Herzogtum Bouillon näischt an der Zesummesetzung vun de vereenegten Nidderlanden ze sichen huet.

do ass 1) de Fändel falsch

[Quelltext änneren]

Et ass ganz einfach: Maach een Artikel iwwer den hollännesche Fändel datt mir deene mol kënnen erkläre wat falsch un hirem Fändel ass. --81.246.178.134 18:53, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

De Fändel, deen do duergestallt gëtt, war deemols nëmmen de Fändel vun der hollännescher Marine. De Fändel vum Staat (a vun der Land-Arméi) huet deemols just aus engem orange-farwege Rechteck bestanen ( <= Haus Oranien). Mee léiwer ee Feeler produzéieren a stoë loossen, wéi nokucken/engem trauen a verbesseren. Ech hunn eng Referenz ginn, mee ech kréien d'Saach net an där "Këscht" verbessert. Ech hat just diskutéiert, mee dat schéngt net erwënscht ze sinn.
An dësen Artikelen Vlag van Nederland a Statenvlag ginn d'Faarwe vum Fändel mat iwwer 25 Referenze beluecht, an an all de Formen duergestallt. Dat wier eng gutt Basis fir en Artikel. Mä wéi et schéngt gëtt léiwer diskuteéiert wéi eppes nogekuckt.

2) d'Haaptstad (dat hunn ech och ënzwousch gesot).

[Quelltext änneren]

Solle mir lo erëmsiche goen wous du dat gesot hues? A wat war dann d'Haaptstad.? Et ass schliislech einfach fir dat an d'Këscht setzen ze goen. Den Text an der Këscht gëtt genee so geännert wéi de Rescht am Text. Fir dat erauszefannen brauch ee kee COMPUTTERFRIIK ze sinn. --81.246.178.134 18:57, 6. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

D'Haaptstad vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden war alternativ Den Haag fir ee Joer, an da Bréissel am nächste Joer. Dat ass liicht nozekucke, mee och do gëlt virun Allem d'Meenung vun engem deen et manifestement net weess. Léiwer eng onnëtz a penibel Diskussioun...
Dat ass liicht nozekucke,.... Ok, kanns de eis och verrode wou, dann aas et effektiv liicht, an et kéinet een en Referenz derbäisetzen.

Lo verabschieden ech mech fir eng Zäit vun den onfeelbaren Oberguruën, Zensoren a Groussinquisitoren. Ech si jo net méi befugt hei nach eppes ze verbesseren. Dajee alt! Wéi gesot, 't soll jo net fir mech sinn: ech weess dat schonn! - C.



Dann nach als Finall: Et geet elo och duer mat deene Manéieren d'Mataarbechter hei ze tituléieren an ze vernennen. Du hues dat lo dacks genuch gemach. Wann dat nach eng Kéier virkënnt da wäert ech mech drëms bekëmmeren datt deng IP oder IPë gespaart ginn. Déi aner Mataarbechter sinn net deng Hännessen. --81.246.178.134 13:36, 7. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]