Bruges

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Belgium stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer d' Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bruges
Brugge
BruggeVlag.png
Land: Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun: Flag of Flanders.svg Flandern
Communautéit: Flämeschproocheg Communautéit
Provënz: Flag of West Flanders.svg Westflandern
Arrondissement: Bruges
Fläch: 138,40 km²
Awunner: 118 187 1. Januar 2006
Bevëlkerungsdicht: 847/km²
Koordinaten: 51° 12’ 00’’ N
03° 13’ 00’’ O

Bruges (nl:Brugge) ass eng belsch Stad an der Provënz Westflandern. Si huet eppes iwwer 118.000 Awunner. Hire Stadkär gouf am Joer 2000 vun der UNESCO op d'Lëscht vun der Weltierfschaft gesat.

Geographie a Lag[änneren | Quelltext änneren]

Quartiere vun der Gemeng Bruges

Bruges läit eng ronn 11 Kilometer vun der Nordséi ewech, an huet en direkten Zougank op d'Mier iwwer de Boudewijnkanaal.

Quartiere vun der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Maartplaz
Map of bruges in belgium.PNG
(Rozenhoedkaai)
Maartplaz mat senge Restauranten
Belfort
(Concertgebouw)
Gracht

Bruges gouf am 9. Joerhonnert vum Baudouin I., engem Vassal vum Charles de Plakapp, als befestegt Siidlung ageriicht, fir sech géint d'Invasioun vun de Wikinger kënnen ze wieren.

Am Ufank vum 10. Joerhonnert hu sech am Norden an am Süde Geschäfter etabléiert, a vun 960 un gouf och regelméisseg e Maart ofgehalen.

Vun 1127 un hat d'Stad eng Charta an e Schäffegeriicht. Déi éischt Rankmauere waren och gebaut. Well d'Stad sech séier vergréissert huet, hu missen am 13. Joerhonnert nees nei Mauere ronderëm gebaut ginn.

Bruges war iwwer e Mieresaarm, dee bei enger Sprangflut entstane war, bei där d'Mëndung vum der Reie vergréissert gouf, mat der Nordséi verbonnen.

Am Ufank vum 13. Joerhonnert war de groussen Duerchbroch, den Handel an d'Industrie, haaptsächlech d'Duchindustrie, stoungen an der grousser Bléi, an um Héichpunkt vu sengem Opschwonk hat Bruges déizäit ëm 40.000 Awunner. D'Muecht blouf awer an den Hänn vun de Geschäftsleit, déi op der anerer Säit d'Handwierker géint sech haten, déi net sou räich waren, awer vum Grof ënnerstëtzt goufen.

Obwuel d'Grofschaft Flandern rechtlech gesinn e franséische Fief war, war de Grof, ë. a. aus wirtschaftlechen Intressen, ëmmer nees a Streidereie mat Frankräich verwéckelt. Doduerch sinn zwou grouss Parteien entstanen: d'Patrizier, d. h. de räichen Händlermilieu, déi zum Kinnek vu Frankräich gehalen hunn, an d'Handwierker, déi sech ëm de Grof vu Flandern versammelt hunn.

An deem Moment wou d'Stad wirtschaftlech, besonnesch wéinst dem Handel mat England, um Sommet war, huet de Kinnek vu Frankräich Philippe IV le Bel Flandern besat an de Grof, dee seng Flicht als Vasall net respektéiert hat, gefaange geholl.

Mä d'Vollek huet sech revoltéiert, an 1302 goufen d'Patrizier massakréiert. Dee Massaker ass ënner dem Numm Matines brugeoises an d'Geschicht agaangen. D'Fransouse goufen dunn nach zu Courtrai an der Bataille des Éperons d'Or geklappt. Domat war d'Oligarchie vun den Händler zu Bruges gebrach, an d'Gilden an d'Korporatioune konnten am Kader vum Stadrot an der Stad matbestëmmen.

D'14. Joerhonnert war fir Bruges e gëllent Joerhonnert. Do gouf Woll aus England no allen Noute stockéiert, all Hansestad hat e Sëtz zu Bruges, an net manner wéi 17 Natiounen haten do eng Handelsvertriedung.

An deem Joerhonnert hunn d'Herzoge vu Burgund, déi duerch e Bestietnes d'Grofschafte vu Flandern a vum Artois kritt haten, keng Méi gescheit, fir Bruges op Topniveau ze bréngen. Si hu grouss Fester an Turnéieren organiséiert, bei deenen alles wat Rang an Numm an Europa hat, vertruede war.

Um Enn vum 14. Joerhonnert ass et mat Bruges lues a lues biergof gaangen. De Zwin, dee Bruges bis dohi mat der Nordséi verbonnen hat, ass lues a lues versant, d'Schëffer konnten net méi bis op Bruges kommen, an Antwerpen huet sech als haarde Konkurrent bemierkbar gemaach.

Wéi du schliisslech no de Burgunder, d'Habsburger den Ensembel vun den Nidderlanden (nl. Lage Landen) iwwerholl hunn, huet de Maximilian vun Éisträich, sou gutt wéi d'Doudesuerteel iwwer Bruges gesprach, andeems en den Händler ordonnéiert huet, sech zu Antwerpen nidderzeloossen.

Wéi den Zwin definitif 1604 zougemaach gouf, ass vu Bruges net méi vill Rieds gaangen, bis 1892 mam Roman Bruges la Morte vum Georges Rodenbach, Bruges praktesch erëm nei entdeckt gouf, a sech zu enger Touristestad entwéckelt huet (Venedeg vum Norden), déi haut op deem Gebitt eng vun de bekanntste vun der Welt ass.

Hafen[änneren | Quelltext änneren]

Zeebruges (Hafe Bruges-Zeebruges)

Schoulen a Bildung[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Stadhaus[änneren | Quelltext änneren]

Op der Buergplaz, steet ënner anerem d'Stadhaus dat tëscht 1376 a 1420 am gothesche Stil gebaut gouf. Am gothesche Sall gëtt et historesch Molereien ze kucken an en dekoréierten hëlze Plafong. Am Geschichtssall ass eng Kollektioun vun Objeten, Dokumenter an Tableauen ze gesinn déi vun der Vergaangenheet vu Bruges erzielen.

D'Stadschreiwerei[änneren | Quelltext änneren]

Lénks vum Stadhaus ass déi al Stadschreiwerei déi am Renaissancestil tëscht 1534 a 1537 gebaut gouf. Do ass de Musée provincial du Franc de Bruges dran. Eng Schminni mat enger Alabasterfris erzielt aus dem Liewe vum Charel de V.

D'Basilika zum hellege Blutt[änneren | Quelltext änneren]

D'Vogtei[änneren | Quelltext änneren]

De Musée Gruuthuse[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch Notre-Dame[änneren | Quelltext änneren]

D'Klouschter Béguinage de la Vigne[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Bruges – Biller, Videoen oder Audiodateien