Op den Inhalt sprangen

Flämesch Regioun

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der moderner Regioun Flandern. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Flandern", kuckt wgl. Flandern (Homonymie).
Flämesch Regioun
Land Belsch
Communautéit Flämesch Communautéit
Chef-lieu Bréissel
Awunner 6.864.766 (1. Januar 2025)
Fläch 13.522,0 km²
Websäit https://www.vlaanderen.be/
Flämesche Fändel

D'Flämesch Regioun (hollännesch: Vlaams Gewest, franséisch Région flamande), dacks just nëmme Flandern (nl.: Vlaanderen, fr.:la Flandre oder les Flandres) genannt, ass eng vun den dräi Regiounen an der Belsch déi an der belscher Constitutioun festgehale goufen.

D'Offiziell Sprooch ass d'Hollännesch, geschwat gi verschidde Flämesch Dialekter. Flandern huet eng Fläch vun 13.522,0 Quadratkilometer 13.522 km², op där 6.864.766 Awunner liewen. Déi Flämesch Regioun huet keng eegen Institutiounen, hir Kompetenze gi vun der Flämescher Communautéit ausgeféiert. D'Institutiounen an d'Communautéit hunn hire Sëtz zu Bréissel, dat awer net zu der Regioun Flandern gehéiert an eng eege Regioun ass.

Flandern besteet aus de Provënzen (Haaptstad): Antwerpen (Antwerpen), Ostflandern (Gent), Flämesch Brabant (Léiwen), Limburg (Hasselt) a Westflandern (Brugge). Aner wichteg Stied a Flandern si Mechelen, Kortrijk an Ostende.

Déi haiteg Regioun Flandern besteet aus Deeler vun den historeschen Territoirë vun der Grofschaft Flandern, dem Herzogtum Brabant, dem Prënzbistum Léck an dem Herzogtum Limburg.

Baussent der belscher Regioun Flandern gëtt et Séilännesch-Flandern an Holland an e Streech am Norde vu Frankräich déi och Flandern genannt ginn, well s'an der Zäit zur historescher Grofschaft Flandern gehéiert hunn.

Politesch Struktur

[änneren | Quelltext änneren]
1 = Antwerpen; 2 = Limburg; 3 = Ostflandern; 4 = Flämesche Brabant; 5 = Westflandern
1 = Antwerpen; 2 = Limburg; 3 = Ostflandern; 4 = Flämesche Brabant; 5 = Westflandern
Provënzen a Flandern
Nr Lag Fändel Wopen Provënz
(franséischen, flämeschen Numm)
Chef-lieu Populatioun[1] Datum
Populatioun
Fläch
(km²)[1]
Densitéit
(Aw./km²)
Zuel vu
Conseilleren
1 Antwerpen

(Anvers, Antwerpen)

Antwerpen 1.921.189 1. Januar 2025 2.876,12 667,98 36
2 Limburg

(Limbourg, Limburg)

Hasselt 904.919 1. Januar 2025 2.427,43 372,79 31
3 Ostflandern

(Flandre Orientale, Oost-Vlaanderen)

Gent 1.602.532 1. Januar 2025 3.007,05 532,92 36
4 Flämesche Brabant

(Brabant flamand, Vlaams-Brabant)

Léiwen 1.204.541 1. Januar 2025 2.118,35 568,62 36
5 Westflandern

(Flandre-Occidentale, West-Vlaanderen)

Bruges 1.231.585 1. Januar 2025 3.196,59 385,28 36


Am Joerzéngt tëscht 2010 an 2020 ass d'Ekonomie vun der flämescher Regioun am Schnëtt all Joer ëm 1% gewuess. Dat war méi wéi a Wallounien (+0,6 %) an an der Haaptstadregioun Bréissel (+0,2%).[2]

2020 louch de PIB vu Flandere bei 266 Milliarden Euro. D'Joer virdrun, virun dem negativen Impakt, deen d'Coronaviruspandemie op d'Weltwirtschaft hat, louch en nach bei 279 Milliarden Euro.[3] Pro Awunner louch de PIB a Flanderen am Joer 2020 bei 40.027 Euro, géigeniwwer 29.043 Euro a Wallounien an 68.364 Euro an der Regioun Bréissel.[2]

 Commons: Flandern – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Dës Informatioune ginn automatesch vu Wikidata agebonnen
  2. 1 2 iweps.be: Produit intérieur brut par habitant - Le PIB par habitant en Wallonie en standard de pouvoir d’achat (SPA) en 2020, était de 26 000 € (1. Juni 2022)
  3. Eurostat: Bruttoinlandsprodukt (BIP) zu laufenden Marktpreisen nach NUTS-2-Regionen (lescht Aktualiséierung: 18. Abrëll 2022)