Zeeuws-Vlaanderen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zeeuws Vlaanderen)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Zeeuws-Vlaanderen, Deel vun der Provënz Zeeland. Fir aner Bedeitunge vum Wuert "Flandern", kuckt wgl. Flandern (Homonymie).
Zeeuws-Vlaanderen (gréng).

Zeeuws-Vlaanderen (fr: Flandre zélandaise; de:Seeländisch Flandern) ass deen Deel vun der hollännescher Provënz Zeeland, deen um südlechen Uwänner vun der Westerschelde läit. Et ass administrativ an dräi Gemengen agedeelt: Sluis am Westen, Terneuzen an der Mëtt an Hulst am Osten.

Kulturell steet Zeeuws-Vlaanderen dem belsche Flandern méi no. Den Dialekt vun do gläicht staark deem vu Gent.

Bis am Juni 2003 war Zeeuws-Vlaanderen mam Rescht vun Holland just mat enger Floss-Fär verbonnen. Zanterhier gëtt et e 6.600 Meter laange Stroossentunnel ënner der Westerschelde, deen Terneuze mat Ellewoutsdijk op Zuid-Beveland verbënnt.

D'Fär tëscht Breskens a Vlissingen ass zanterhier just nach fir Foussgänger, mat oder ouni Vëlo.

Déi wichtegst Stad an Zeeuws-Vlaanderen ass d'Hafestad Terneuzen, mat engem wichtegen Industriegebitt laanscht de Kanal vu Gent op Terneuzen. Cadzand, um Nordmier, ass eng touristesch vill besicht Stad.

Op de westlechen an ëstlechen Extremitéite vum Territoire sinn Naturschutzgebidder: Het Zwin am Westen (dat op der belscher Säit virugeet) an d'Verdronken Land van Saeftinghe am Osten.

Zeeuws-Vlaanderen huet, verglach mam Rescht vun Holland, eng relativ niddreg Bevëlkerungsdicht (147 Awunner/km²).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

En Deel vum haitegen Zeeuws-Vlaanderen huet fréier aus Insele bestanen, déi eréischt no Versandungen a mat Hëllef vun Däicher un d'Festland integréiert goufen. Am Achtzegjärege Krich ass d'Front duerch d'Géigend gelaf. No der Onofhängegkeet vun der Belsch, 1830, gouf d'Géigend e Paradäis fir Schmuggler.

Duerch den Traité vu London vun 1839 gouf Zeeuws-Vlaandern, dat belsch war, Holland zougesprach.

Uertschaften an Zeeuws-Vlaanderen[änneren | Quelltext änneren]

Aardenburg - Absdale - Axel - Axelsche Sassing - Biervliet - Biezen - Boerenhol - Breskens - Cadzand - Clinge - Draaibrug - Drie Hoefijzers - Driewegen - Eede - Emmadorp - Graauw - Griete - Groede - Heikant - Heille - Hengstdijk - Hoek - Hoofdplaat - Hulst - IJzendijke - 't Jagertje - Kapellebrug - Koewacht - Kloosterzande - Kijkuit - Kruisdijk - Kruispolderhaven - Kuitaart - Lamswaarde - Nieuw-Namen - Nieuwvliet - Nummer een - Magrette - Mauritsfort - Oostburg - Ossenisse - Othene - Paal - Prosperdorp - Pyramide - Perkpolder - Philippine - Retranchement - Reuzenhoek - Sas van Gent - Sasput - Schapenbout - Schoondijke- Schuddebeurs - Sint Anna ter Muiden - Sint Jansteen - Sint Kruis - Slijkplaat - Sluis - Sluiskil - Spui - Terhole - Turkeye - Terneuzen - Val - Vogelwaarde - Walsoorden - Waterlandkerkje - Westdorpe - Zaamslag - Zaamslagveer - Zandberg - Zandstraat - Zuiddorpe - Zuidzande

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zeeuws-Vlaanderen – Biller, Videoen oder Audiodateien