Naturschutzgebitt Het Zwin

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Het Zwin)
Naturschutzgebitt Het Zwin
Land Belsch,
Holland
Koordinaten 51°22'1,06"N, 3°22'8,80"O
Vue op d'Naturreservat


Den Zwin ass en Naturschutzgebitt op der Belscher Küst op der Grenz mat Holland. Tëscht dem Zoute a Cadzand op hollännescher Säit erstreckt sech en eenzegaartegt Gebitt aus Salzwisen, Watt an Dünen, dat aus enger fréierer Mieresbucht dem Zwin ervirgaangen ass a wouvu ronn 150 ha zanter 1952 ënner Naturschutz stinn. Het Zwin gëllt als dat éischt Naturschutzgebitt an der Belsch.

Et leien 125 ha op Belschem Territoire an de Rescht op hollänneschem.

Entstoe vum Gebitt[änneren | Quelltext änneren]

D'Reserv ass de Rescht vun engem Mieresaarm, deen den Dräieck Bruges-Knokke-Sluis gemaach huet. No der leschter Äiszäit virun ongeféier 12.000 Joer ass den Niveau vum Mier duerch d'Schmëlze vun Äisbierger geklommen. Doduerch sinn d'Séisswaasserflächen iwwerschwemmt ginn an et hu sech Watt a Salzwisen, ënnerbrach vun déiwe Waassergrief, forméiert, déi sech am 12. Joerhonnert zu Polderen entwéckelt hunn. Déi déif Waassergrief waren am Mëttelalter e wichtegen Handelswee tëscht Bruges, Sluis an der Nordséi, ier d'Versandung am 15. Joerhonnert lues a lues d'Schëfffahrt limitéiert huet. Duerch Däicher a Versalzung gouf e groussen Deel vum Mieresaarm schliisslech ganz dréche geluecht. E klengen Deel vun de Salzwisen ass erhale bliwwen a steet haut nach ëmmer mam Mier a Kontakt. Duerch eng Ëffnung an den Düne vu ronn 250 m Breet tëscht der Belsch an Holland variéiert de Waasserniveau an dëser fréierer Bucht mat deem vun Ebbe a Flut vun der Nordséi. Dëst bréngt mat sech datt Sedimenter wéi Toun a Sand sech ofsetzen a verschidden Niveaue mat enger grousser Varietéit u Vegetatioun forméieren.

Datt hei sech een aarteräichen a bedeitende Liewensraum entwéckelt huet, war dem Grof Léon Lippens bewosst. Dem passionéiertem Ornitholog, Besëtzer vun der Gesellschaft Het Zout a laangjärege Buergermeeschter vu Knokke, ass et ze verdanken, datt dëst 2,3 km laangt Iwwerschwemmungsgebitt 1952 mat 158 ha (dovun 33 ha op hollännescher Säit) als Naturschutzgebitt erkläert ginn ass. Ronderëm d'Schutzzon läit op Belscher Säit eng 1.600 ha grouss Pufferzon, an där streng Bau- a Verkéiersoploe gëllen. Zanter dem 27. September 1984 gehéiert den Zwin mat 550 ha zum weltwäite Ramsar-Netz vu schützenswäerte Fiichtgebidder.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Den Zwin ass virun allem bekannt fir seng grouss Aartendiversitéit vun heemesche Mieresvullen. Eng 100 verschidden Zorte sinn d'ganzt Joer iwwer am Reservat, eng weider 150 nëmme wärend engem Deel vum Joer. Nieft den Dausende Vullen, déi hei eng eenzegaarteg Bréiplaz fannen, empfänkt den Zwin an de Wanterméint grouss Träpp aus dem héijen Norden, déi op der Sich no enger Iwwerwanterungsplaz sinn oder just op der Duerchrees no Süde sinn. Besonnesch an dëse kale Méint zielt den Zwin gär eng 12.000 Vullen.

Limonium vulgare am August-September

Wärend dem Schantjen 1953, wéi den Däich méi héich geluecht gouf, huet de Léon Lippens grouss Weiere mat Bréiinselen an d'Salzwise gruewe gelooss, aus deenen d'Vullewelt grousse Profit zitt. Déi gi bei Flut mat Waasser gefëllt, dat bei Ebbe zeréckbehale gëtt. Op déi Manéier sinn ëmmer kéipweis Mieresfësch, Dausende vu Wierm, Muschelen, Schleeken a Kriibsen an der Reserv, déi de Vulle Fudder bidden. Ronderëm d'Schlickflächen, déi zweemol den Dag iwwerschwemmt ginn, wiisst eng typesch Flora. Déi Planze wuessen op salzhaltegem Fong an hunn nëmmen eng Iwwerliewenschance, well si just bei Sprang- a Stuermflut (ronn zéng mol am Joer), iwwerschwemmt ginn. Déi typeschst Düneplanz vum Zwin ass Limonium vulgare (Mierlavendel), déi an de Méint August a September d'Dünen an e mofe Blummenteppech verzaubert. Et ass déi eenzeg Plaz an der Belsch wou d'Salzmelden (halimione pedunculata) virkënnt. D'Dünelandschaft mat um Bord de Kiferbëscher bitt enger Rei vu Mamendéieren, wéi dem Hues (Lepus capensis), der Kanéngchen (Oryctolagus cuniculus) oder dem Grousse Wisel (Mustela erminea) en Doheem.

Vullepark[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1953 huet d'Gesellschaft Het Zout ënner dem Léon Lippens, de Gaart vun der Villa Royale, déi de Kinnek Léopold III. 1934 baue gelooss huet an iwwer kuerz Zäit reegelméisseg benotzt huet, an en éducative Vullepark transforméiert. Seng Statu steet haut an der Entrée vum Park. Zu där Zäit war dat eng revolutionär Iddi, fir en Naturschutzgebitt mat engem Vullepark ze verbannen. Op 7 ha presentéiert de Park an en ettleche Volièren an a fräier Natur ëm déi 110 heemesch Vullenaarten. Nieft de Méiwen, den Inten, de Raub- a Sangvullen, wäert virun allem de Wäisse Stuerk (Ciconia ciconia) d'Visiteuren ze begeeschtere wëssen.

Nëmme knapps 40% vum ganzen Areal si fir d'Visiteuren zougänglech. Am zouenen Deel si virun allem d'Bruttgebidder vun deene Vullen, déi guer net däerfe gestéiert ginn. D'Säit zum Mier gëtt nëmmen an Ausnamefäll besicht, am Géigesaz zum Banneland, wou e puermol an der Woch Visitten organiséiert ginn. All Joer kréien aus wëssenschaftlechen Zwecker Dausende vu Vullen e Rank, a Recherchen iwwer d'Reserv a Bezuch op hir eenzegaarteg Fauna a Flora gi gemaach. Niewelaanscht ass de Park och eng Opfänkstruktur fir Vullen, déi Affer vun Accidenter oder Uelegpeschtkatastrophe goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zwin – Biller, Videoen oder Audiodateien