Naturschutz

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Begrëff Naturschutz ëmfaasst all Ënnersich a Moossname fir d'Erhalen an d'Renaturéierung vun der Leeschtungsfäegkeet vum Naturhaushalt. En nohaltegt Benotzen duerch de Mënsch gëtt ugestrieft. Den Naturhaushalt soll als Liewensgrondlag vum Mënsch, a wéinst dem eegene Wäert vun der Natur, geschützt ginn.

Wichteg Elementer am Naturschutz sinn:

De Naturschutz beschäftegt sech och mat de Standuertfaktoren: Buedemschutz, Mikroklima, Preventioune vu Loftverschmotzungen, Schutz géint de Kaméidi souwéi anere potentiell schiedlechen Aflëss wéi zum Beispill d'Bewegungen, d'Zerschneiden an d'Isolatioun vu Liewensraim. An de leschte Joerzéngten huet den Naturschutz och am Beräich vu Siidlungen an op landwirtschaftleche Flächen u Bedeitung gewonnen.

D'Praxis vum Naturschutz fënnt ee virun allem op regionalem a lokalem Niveau. Déi rechtlech Instrumenter vum Naturschutz sinn allerdéngs a ville Länner um nationalen Niveau verankert. An der Europäescher Unioun gewannen och europawäit Programmer a Reegelungen u Bedeitung, sou z. B. Natura 2000, Fauna-Flora-Habitatdirektiv oder och déi Europäesch Waasserkaderdirektiv, déi indirekt grouss Auswierkungen op den Naturschutz wäerten hunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Europäische Kommission (2002): EU-Brennpunkt Naturschutz, Amt für amtliche Veröffentlichungen der Europäische Gemeinschaften, Lëtzebuerg, ISBN 92-894-1404-9
  • Harald Plachter (1991): Naturschutz. Gustav Fischer, Stuttgart und Jena, ISBN 3-437-20456-4.