Biotop

Vu Wikipedia
Schematesch Duerstellung vun engem Biotop
Eng Hallefdréchewis op Muschelkallek mat Däiwelsbaart an der Rhön

E Biotop ass, an der Ekologie, wuertwiertlech eng Plaz mat Liewen, déi mat relativ uniforme physeschen a cheemesche Charakteristiken definéiert gëtt. A sou engem Liewensraum lieft en Ensembel vu Liewensformen, dee Biozenos genannt gëtt: Flora, Fauna, Pilzen, Mikroorganismen, asw. Am restriktive Sënn ka e Biotop awer och de Liewensraum vun nëmme just enger Aart bezeechnen.

E Biotop, bilt zesumme mat der Biozenos, e charakteristeschen Ekosystem.

Biotope kënnen no verschiddene Charakteristiken ënnerscheet ginn: Buedembeschafenheet, Gestengs, Héicht, Klima, souwéi hydrologesch an hydrographesch Elementer, asw.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]