Déierewelt
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Fauna)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fauna als Synonym fir d'Déierewelt. Fir d'Associatioun mam selwechten Numm, kuckt wgl. Fauna (Associatioun). |
D'Déierewelt oder Fauna ass en allgemengt Wuert fir all Déierenaarten an engem Gebitt zu enger bestëmmter Zäit. Den Numm kënnt vun der réimescher Gëttin Fauna. Dës Fauna gëtt heefeg an Tabellen- oder Lëschteform erfaasst (Faunistik, Léier/Wëssenschaft vun der Fauna).
De Begrëff Fauna gouf fir d'éischt Kéier vum Carl von Linné a sengem Wierk Fauna Suecica (1746) benotzt, an deem hien d'Déiere klassifizéiert huet.
D'Déierewelt gëtt a verschidden Ënnergruppen agedeelt:
- Avifauna: Erfaasse vun de Vullenzorten;
- Entomofauna: Erfaasse vun den Insektenzorten;
- Ichthyofauna: Erfaasse vun de Fëschzorten;
- Herpetofauna: Erfaasse vun de Reptiller, am wäite Sënn och vun den Amphibien;
- Malacofauna: Erfaasse vun de Weechdéieren.
Bei verschiddenen Déierenzorten, sinn och Gréisstenandeelunge vun der Déierewelt méiglech. Sou schwätzt ee vu:
- Megafauna: den Deel vun Déieren, deen an engem Habitat déi gréisst kierperlech Organisme stellt;
- Makrofauna: den Deel vun den Organismen, déi um Buedem liewen, an tëscht 2 mm an 20 mm grouss sinn;
- Meiofauna: den Deel vun den Organismen, déi um Buedem liewen, an tëscht 0,30 mm an 1 mm grouss sinn;
- Mikrofauna: den Deel vun den Organismen, déi um Buedem liewen, a méi kleng wéi 0,2 mm sinn.
De Pendant zu der Déierewelt ass d'Planzewelt, d'Flora.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Fauna – Biller, Videoen oder Audiodateien |