Diskussioun:Déierewelt

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Zoologie an Déierewelt[Quelltext änneren]

Déierewelt ass fir mech d'Iwwersetzung vun Fauna gewiercht, net vun Zoologie, waat eng Wëssenschaft ass. Ech sinn der Meenung daat sinn zwee separat Artikelen. (cf fr:Faune an fr:Zoologie).

--Briséis 10:42, 12 Jan 2005 (UTC)

Jo, stëmmt du hues Recht. Déierewelt ass d'Fauna. D'Fauna ass eigentlech eng Ënnerrubrik vun der Zoologie. Ënnert Fauna faalen jo dann all déi Artikelen vun der Systematik Mamendéieren, Reptiller, Schlaangen ... asw Et wier dann bei der Flora an der Botanik daat selwescht.

Wéi giffs du dann d'Andeelung am beschten gesinn: Biologie als Haaptartikel? Wéi geseit et dann mat de Liewewiesen am Allgemengen aus. Ech mengen et dass alles méi komplex, dofir wier et wichteg dass mir eis fir eng Richtung décidéieren.

--Alexandra 10:58, 12 Jan 2005 (UTC)

Also ech perséinlech, den totale net-Biolog, gesinn et esou: 1. Uewerrubrik Bio: An där Uewerrubrik mol secher 2 grouss Ennerdeelungen, Flora a Fauna (Déierewelt). Ënnert Fauna alles drann, waat mat Déieren ze dinn huet, ergo Systematiken, Zoologie etc etc. Daat selwecht bei der Flora. Eventuell eng Extra-Spart fir sou komesch Saache wéi Mikroben, Bakterien... (sinn daat Déieren am wäite Sënn ? ech si jo an der do Richtung extrem onbewandert) Fir een totale Laien ewéi ech een an där Spart sinn, ginn et fir mech nëmmen 2 Saachen: wann et keen Déier ass, ass et eng Planz ;-)

--Briséis 11:13, 12 Jan 2005 (UTC)

En Häerz fir empfindlech Leit[Quelltext änneren]

De "quick diagram for Fauna article" ass dat schauderhafste Bild, dat ech jeemools an enger Wikipedia gesinn hunn. Ech kann "och" net zeechnen, mee dofir dinn ech déi aner Leit net fäerte mat esou "Biller". Wat ass iwwregens lénks ënnen an der Rumm? Mikreep?? --Cornischong 22:22, 16 Abrëll 2007 (UTC)