Hydrographie

Vu Wikipedia

Als Hydrographie (geographesch Kennschaft vum Waasser) bezeechent een d'Léier vun Erschéngunsformen, Eegenschaften, Virkommen, Verbreedung an Haushalt vum Waasser, iwwer, op, an ënner der Äerduewerfläch.

D'Hydrographie ass een Deel vun der Geographie an der Geophysik.

Hir Deelgebidder sinn d'Limnologie mat dem Deelgebitt Potamologie, d'Hydrogeologie, d'Ozeanographie an d'Glaziologie.

D'Hydrographie iwwerschneit sech a verschiddene Beräicher dacks mat der Hydrologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hydrography – Biller, Videoen oder Audiodateien