D'Glaziologie ass d'Wëssenschaft vu Formen, dem Optrieden an den Eegenschafte vun Äis a Schnéi mat hire Varianten als Gletscher, Permafrascht a Schelfäis an den temporalen Nofolge vun Äis- a Waarmzäiten (Interglazial).
D'Glaziologie ass eng interdisziplinär Wëssenschaft, déi mat der Geographie, Meteorologie, Hydrologie, Geologie, Biologie an der Ekologie zesummenhänkt.