Op den Inhalt sprangen

Ornithologie

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ornithologie (vum Algr. ὄρνῑθ- órnῑth-, "Vugel", ua λόγος lógos "Begrëff") ass déi Branche vun der Zoologie, déi sech mat de Vigel (Aves) befaasst – der mat ronn 10.000 Aarten mat déi gréisste Klass vu Wierbeldéieren.

Dozou gehéieren ë. a. d'Erfuersche vun der Physiologie, der Taxonomie, der Ekologie an dem Komportement (inklusiv dem Ruff an dem Zuchverhale) vun de Vigel. D'Gesicht vun der wëssenschaftlecher Ornithologie steet zanter dem 20. Joerhonnert an enker Relatioun mam Vulleschutz, respektiv dem Naturschutz allgemeng.

An der Ornithologie gëtt et nieft forméierte Wëssenschaftler dacks och Amateurornithologen, déi wichteg Informatiounen zum Versteesdemech vun der Biologie an dem Behuele vun eenzelen Aarten, Aartgruppen oder Regionalfaune liwweren.

Commons: Ornithologie – Biller, Videoen oder Audiodateien