Op den Inhalt sprangen

Traité vu London (1839)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Londoner Vertrag vun 1839. Fir aner Traitéën, déi zu London ënnerschriwwe goufen, kuckt wgl. Traité vu London.
D'Deelung vu Lëtzebuerg

Den Traité vu London oder Traité vun de XXIV Artikele vum 19. Abrëll 1839 war en internationalen Traité, deen zu London tëscht der Belsch an Holland ënnerschriwwe gouf, fir déi territorial Situatioun tëscht deenen zwee Länner, no der Belscher Revolutioun an dem belsch-hollännesche Krich 1831-1833 fir zerguttst ze klären.

Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg
D'Belsch virum Londoner Vertrag

Den Traité vu London vun 1839 ass en zweete Versuch, no deem vun 1831 (och Traité vun den XVIII Artikele genannt), deen den hollännesche Kinnek Wëllem I. refuséiert hat, z'ënnerschreiwen. Dora goung et drëms, datt Lëtzebuerg kéint opkaf ginn, an en Deel vun der Provënz Limburg (déi haiteg hollännesch Provënz Limburg) getosch kéint ginn. En hat och de fräie Verkéier op der Schelde virgesinn. Well d'Belsch ze schwaach war, fir sech eleng géint Holland duerchzesetzen, hunn déi aner Groussmuechten 1831 zu London den Traité vun de XXIV Artikelen opgesat, dee manner avantagéis fir d'Belsch war, mat deem awer gehofft gouf, datt déi zwou Säite sech dermat offanne kéinten.

Den Traité vun de XXIV Artikelen huet en Tosch vu Limburg (mat Maastricht) oder e Verkaf vu Lëtzebuerg ausgeschloss. Domat konnt Holland d'Kontroll iwwer déi zwou wichteg Festungsstied halen. Als Kompromëss gouf virgeschloen, datt Lëtzebuerg a Limburg gedeelt solle ginn: an déi haiteg Provënz Lëtzebuerg an d'Groussherzogtum Lëtzebuerg a senger haiteger Gréisst op där enger Säit, an an eng belsch souwéi eng hollännesch Provënz Limburg op där anerer.

Ausserdeem krut Holland d'Kontroll iwwer d'Mëndung vun der Schelde (d'Dierfer am Süde vun der Mëndung an Zeeuws-Vlaanderen goufen hollännesch) an iwwer den Accès vu Léck, iwwer d'Meuse. D'Belsch huet missen d'Halschecht vun der hollännescher Staatsschold iwwerhuelen. D'Belsch selwer gouf als op ëmmer neutral an onofhängeg deklaréiert (Artikel 9).

Den Traité gouf vum belsche Parlament ratifizéiert, ma den hollännesche Kinnek, dee gehofft hat, déi Territoiren - d'Belsch mat Lëtzebuerg -, déi sech vun him lassgemaach haten, nees erëmzekréien, huet laang refuséiert, en z'ënnerschreiwen. Eréischt 1838 huet en op der Londoner Konferenz wësse gedoen, datt hien den Traité géif unerkennen. D'Belsch hunn nach erreecht, hiren Deel vun der Staatsschold, dee s'iwwerhuele missten, vun 8.400 op 5.400 Millioune Gulden erofzehandelen.

Streng geholl goufen den 19. Abrëll 1839 zwéin Traitéen ënnerschriwwen: Deen éischten tëscht Frankräich, Éisträich-Ungarn, dem Vereenegte Kinnekräich, dem Kinnekräich Preisen, dem Russesche Räich an Holland, dora gëtt Oftrennung vun der Belsch vun Holland festgehalen. Deen zweeten ass den Traité vun de XXIV Artikele selwer, deen tëscht Holland an der Belsch ënnerschriwwe gouf. Schliisslech huet och nach den Däitsche Bond e Bäitrëttsakt zu deenen zwee Traitéen ënnerschriwwen.

Den definitive Verlaf vun de Grenzen tëscht der Belsch an Holland gouf 1843 am Traité vu Maastricht festgehalen.

Den Traité vu London krut 1914, beim Ausbroch vum Éischte Weltkrich, stënterlech eng wichteg (propagandistesch) Bedeitung:

Brittesch Propaganda-Affiche vun 1914: "Eng 'Fatz Pabeier'".

Wéi d'däitscht Keeserräich am August 1914 déi neutral Belsch iwwerfall huet, an domat den Traité vu London violéiert huet, huet Groussbritannien him de Krich erkläert. Wéi den däitsche Kanzler Theobald von Bethmann Hollweg dat héieren huet, sot en, hie kéint net gleewen, datt Groussbritannien "wéinst enger Fatz Pabeier" mat Däitschland an de Krich géing. Dëst gouf a Groussbritannien ausgenotzt, fir d'Leit ze motivéieren, sech an d'Arméi anzeschreiwen (kuckt d'Plakat).

Zu Lëtzebuerg gouf den Datum vum Traité vu London als Uleies geholl, fir 1939 grouss "Joerhonnertfeiere vun der Onofhängegkeet" z'organiséieren. De Choix, sou Zelebratiounen ze maachen, erkläert sech duerch d'Menace datt Hitler-Däitschland Lëtzebuerg iwwerfale kéint (wat jo och 1940 geschitt ass).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: De Mythos vun der Onofhängegkeet 1839.

1989 gouf et och eng grouss Ausstellung an den Ausstellungshalen um Lampertsbierg, Publikatiounen, akadeemesch Sëtzungen a soss Feiere fir "150 Joer Onofhängegkeet".

Den Traité am Original