Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich

Vu Wikipedia
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg
Première voiture allemande, 2 août 1914, 8hrs du matin. Zeechnung vum Pierre Blanc.
August 1914: Preisesch Truppen um Duerchmarsch zu Iechternach. Foto J. M. Bellwald.
De Krounprënz Wilhelm vu Preisen hëlt zu Esch-Uelzecht virun der Groussgaassschoul dem Colonel Darche seng Kapitulatioun vun der Festung Lonkech entgéint (26. Aug. 1914).
Zeltlager um Plateau Bourbon beim Openthalt vum Keeser Wilhelm II. zu Lëtzebuerg.
Juli 1917: Verzweiwelt Gewulls um Maart fir un e puer Grompreren ze kommen. Zeechnung vum Pierre Blanc.
November 1918: Lëtzebuerger feieren d'Befreiung vum Land an heeschen déi Alliéiert wëllkomm.

Den Éischte Weltkrich existéiert an der kollektiver Memoire vun de Lëtzebuerger bal net, an och d'Lëtzebuerger Historiographie huet sech bis viru Kuerzem wéineg mam Theema beschäftegt. Vun August 1914 bis zum Enn vum Krich den 11. November 1918 war Lëtzebuerg vum Däitsche Räich besat. Et war déi éischt vun zwou däitsche militäreschen Occupatiounen am 20. Joerhonnert. Déi däitsch Regierung huet déi Besatzung domat begrënnt, datt si hir Arméien a Frankräich misst ënnerstëtzen. Vill Lëtzebuerger, deemools wéi haut, gesinn dat awer anescht.

Wärend där Zäit war et Lëtzebuerg erlaabt, seng eege Regierung a säin eegene politesche System ze behalen, mä all Prozedure ware vun der Presenz vun der däitscher Arméi beaflosst. Trotz dëser Oflenkung huet d'Lëtzebuerger Bevëlkerung versicht, hiert Liewe sou normal wéi méiglech weider ze féieren an d'politesch Parteien hu sech ëm aner Theeme gekëmmert, wéi zum Beispill d'Wirtschaft, d'Educatioun an d'Verfassungsreform.

Déi intern politesch Situatioun huet sech nom Doud vum Paul Eyschen (1915), dee 27 Joer laang Premierminister war, weider komplizéiert. No sengem Doud koumen eng Rei kuerzlieweg Regierungen, déi an enger Aart Rebellioun kulminéiert hunn, an nom Réckzuch vun den däitschen Truppe goufen et Turbulenzen ëm d'Lëtzebuerger Constitutioun.

Situatioun virum Krichsufank

[änneren | Quelltext änneren]

Mam Uschloss vu Lëtzebuerg un den Zollveräin (1842) war et zu enger enker Verflechtung vum wirtschaftleche Liewen tëscht dem Groussherzogtum an den däitschen Nopeschterritoirë komm. 1872 war en Deel vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg an däitsch Hänn komm. Den Opschwong vun der Eisenindustrie gouf souwuel mat däitschem Kapital (z. B. d'Gelsenkirchener Bergwerk AG) wéi mat däitschen Aarbechter (iwwer d'Hallschent vun den Auslänner déi 1910 zu Lëtzebuerg gelieft hunn, haten déi däitsch Nationalitéit) erméiglecht.

Ufank vum Krich

[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg, dat zanter 1867 neutral war, gouf den 2. August 1914 vun den däitschen Truppe besat. Dat war en Deel vum Schlieffen-Plang, fir Frankräich via d'Belsch a Lëtzebuerg unzegräifen. Ausserdeem sollt Lëtzebuerg als ee wichtege Verkéiersknuet geséchert ginn[1]. Um 9h50 krut d'Regierung en Telegramm vum Majouer Felix von Bärensprung, deen d'Besatzung bekannt gemaach huet. D'Regierung huet nach de selwechten Dag géint d'Verletzung vun der Neutralitéit protestéiert: De Premierminister Paul Eyschen huet Telegrammer an Depeschen un de Kommandant vun den Invasiounstruppen, den däitschen Ambassadeur von Buch, de Räichskanzler Bethmann-Hollweg an un d'Ausseministere vun Däitschland, der Belsch, Holland, dem Vereenegte Kinnekräich, Frankräich a Russland geschéckt, iwwerdeems d'Groussherzogin Marie-Adélaïde dem Keeser Wilhelm II. geschriwwen huet, fir eng Explikatioun ze froen. Gréissere Widderstand gouf et awer keen, d'Regierung krut méi spéit dës passiv Haltung vun den Alliéierten zum Virworf gemaach. De 4. August huet de Räichskanzler Bethmann-Hollweg deklaréiert, datt Däitschland gezwonge gewiescht wier, sech "über den berechtigten Protest Luxemburgs und der belgischen Regierung hinwegzusetzen"[2], fir engem franséischen Ugrëff entgéintzekommen.

Wärend dem Krich

[änneren | Quelltext änneren]

Ënner der Leedung vum Staatsminister Paul Eyschen, deen d'Geschécker vum Land zanter 1888 geleet huet, hunn déi politesch a wirtschaftlech Elitte probéiert d'Land weider ze regéieren: Lëtzebuerg wier weider neutral a souverän, sou hir Argumentatioun. Mä déi national Unitéit, déi wéi an anere Länner beschwuer gouf, war relativ brécheg. Spannungen aus der Virkrichszäit tëscht der Blockmajoritéit (Liberal a Sozialisten) an den Deputéierte vun der spéiderer Rietspartei goufen erëm staark spierbar. Dobäi gouf d'Groussherzogin, op d'mannst ënnerschwelleg, séier de Kristallisatiounspunkt vum Konflikt. D'Marie-Adélaïde war scho virum Krich vill kritiséiert ginn, well se sech géint dat liberaalt Schoulgesetz vun 1912 ausgeschwat hat a sech an dat parteipolitescht Spill agemëscht hat. Déi Haltung huet sech wärend dem Krich net geännert, wat 1915 zu Neiwale gefouert huet. Verschidde Leit[Wien?] hunn hir och eng däitschfrëndlech Haltung virgeworf. An hirem enken Ëmkrees wiere ganz vill Däitscher a si géif och enk Verbindungen zum Besatzer fleege sou z. B. beim Empfank vum däitsche Keeser am August 1914. Déi am August 1918 ugekënnegt Hochzäit vun der Prinzessin Antonia mam bayresche Krounprënz Rupprecht gouf vun der politescher Elite als eng net schlau Decisioun betruecht.

Tëscht 1914 an 1918 gouf et sechs Regierungen:

D'Lëtzebuerger Regierung war mat zwou grousse Schwieregkeete beschäftegt. Engersäits huet se sech séier ëm de Ravitaillement vun der Bevëlkerung misse këmmeren. Anerersäits huet se probéiert, d'Onofhängegkeet vum Land oprecht z'erhalen. Wirtschaftlech Schwieregkeeten, déi wéinst dem Krichsausbroch entstane waren, hu fir d'éischt déi auslännesch Aarbechter getraff, déi entlooss goufen. Et gouf versicht de Ravitaillement vu Lëtzebuerg iwwer d'Commission for Relief in Belgium ze organiséieren, mä d'Britten hunn hire Veto ageluecht: d'Verantwortung dofir léich bei den Däitschen. D'Keeserräich huet awer der Lëtzebuerger Regierung keng eege Ravitaillementspolitik zougestanen. Den 3. November 1916 waren déi Lëtzebuerger Autoritéiten da bereet, Akeef am neutralen Ausland zukünfteg "den deutschen Einkaufsorganisationen zu überlassen"[Source?].

Um wirtschaftlechen Niveau gouf Lëtzebuerg an déi däitsch Krichswirtschaft integréiert. D'Eisen- an d'Montanindustrie hunn (in)direkt den däitsche Krichseffort ënnerstëtzt, souwuel déi däitsch Schmelzen, ma och lëtzebuergescher, wéi d'Arbed an d'André Duchscher A.G.[3]. E Streik am Mee/Juni 1917 ass zesummegebrach, wéi et sech erausgestallt huet, datt d'Besatzungstruppen d'Ënnerbrieche vun der Produktioun net weider dulde géifen. 1918 goufe Lëtzebuerger Aarbechter vun däitsche Firme rekrutéiert, fir den Aarbechtermanktem am Keeserräich ze behiewen, ouni datt déi Lëtzebuerger Regierung effektiv dogéint virgoe konnt. D'Post an d'Press stoungen ënner däitscher Kontroll. Lëtzebuerger, déi der Spionage verdächtegt waren, goufe vun däitsche Krichsgeriichter verurteelt.

De Schluss vum Krich

[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerdeems Lëtzebuerg selwer wärend dem Krich nëmme schwéier eng eegen Aussepolitik verfollege konnt, gouf an anere Länner iwwer d'Zukunft vu Lëtzebuerg diskutéiert. Dem Bethmann Hollweg sengem Septemberprogramm no sollt Lëtzebuerg en däitsche Bundesstaat ginn. Véier Joer méi spéit, op der Konferenz vu Spa, haten déi Pläng sech nach net grondleeënd verännert. Mä och an den alliéierte Länner, déi d'Haltung vum Haff a vun der Regierung deelweis hefteg kritiséiert hunn, gouf et Pläng fir der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg en Enn ze maachen. Nodeem Däitschland de Krich verluer hat, goung déi gréisst Gefor fir d'Lëtzebuerger Souveränitéit vun der Belsch aus. D'Nopeschland huet Lëtzebuerg als en 1839 verluerenen Territoire betruecht. Trotz villen diplomatesche Beméiunge wärend dem Krich ass et der belscher Regierung net gelongen, dat Zil nom Krich duerchzesetzen. Dat louch engersäits un de Fransousen an anerersäits um amerikanesche President Wilson, deen och fir kleng Länner d'Recht op politesch Selwerbestëmmung gefuerdert huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Belschen Annexionismus.

22. November 1919: Franséisch Truppen zu Lëtzebuerg.

Nokrichszäit

[änneren | Quelltext änneren]
11.11.1918: D'Regierung rifft zur Rou op a kënnegt un, d'Bevëlkerung iwwer d'Organisatioun vum Staat ofstëmmen ze loossen.

D'Nokrichszäit war awer net nëmmen aussepolitesch eng ongewëss Zäit. Och innepolitesch war d'Situatioun duerch Spannunge gekennzeechent. Am November 1918 gouf Lëtzebuerg fir d'éischt en Duerchmarschgebitt vun däitschen Zaldoten. E sozialistesche Rat, deen den 10. November proklaméiert gouf hat kee groussen Afloss. Den 21. November 1918 sinn dunn amerikanesch Truppen ënner der Leedung vum John Pershing amarschéiert. Duerno koum et zu enger duebeler Verwaltung vun der amerikanescher a franséischer Arméi, ouni datt domat dat politescht Liewe roueg stoung.

E Versuch am Januar 1919, eng Republik auszeruffen, ass wéinst der Presenz vun de franséischen Truppe gescheitert. D'Groussherzogin Marie-Adelheid konnt sech net halen; hir Schwëster Charlotte gouf hir Nofollgerin. Am Referendum vum 28. September 1919 iwwer de Statut vum Land hu sech ronn 80% vun de Wieler fir eng Monarchie ënner där neier Groussherzogin ausgeschwat. Lëtzebuerg huet den Zollveräin verlooss an huet 1922 eng Zollunioun mat der Belsch ënnerschriwwen.

Eng wichteg Roll am Selbstverständnes vun de Lëtzebuerger an der Nokrichszäit hunn déi Emigrante gespillt, déi an den alliéierten Arméie gekämpft hunn. Dee gréissten Deel vun dëse Fräiwëllegen hat sech der franséischer Friemelegioun ugeschloss[4], anerer hunn an der belscher an amerikanescher Arméi gekämpft. Souwuel a Frankräich wéi a Groussbritannie goufe Lëtzebuerger festgeholl, well se als germanophil ugesi goufen. Déi genee Zuel vun dëse Fräiwëllegen ass bis haut onbekannt; si läit awer sécher ënner der dacks zitéierter Zuel vun 3000, nämlech éischter ëm déi 1000[5]. D'Engagement vun dëse Lëtzebuerger, déi am Ausland gelieft hunn, huet dem Land et erlaabt, sech no 1918 op d'Säit vun den Alliéierten ze stellen. 1923 gouf ee Monument, d'Gëlle Fra, opgeriicht, fir un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi wärend dem Krich gestuerwe sinn, z'erënneren. 1924 gouf hinnen e Mausoleum um Stater Nikloskierfecht opgeriicht.

  • Lieb Daniela, Marson Pierre, Weber Josiane: Luxemburg und der Erste Weltkrieg - Literaturgeschichte(n). Miersch: Centre national de littérature, 2014. ISBN 978-2-919903-41-2
  • Majerus Benoît, Roemer Charles, Thommes Gianna (dir.): 1914-1918: Guerre(s) au Luxembourg - Kriege in Luxemburg. Lëtzebuerg: Capybara Books, 2014. ISBN 978-99959-751-9-7 http://hdl.handle.net/10993/18816.
  • Hoffmann Serge, « Les difficultés de ravitaillement du Grand-Duché pendant la première guerre mondiale », Galérie. Revue culturelle et pédagogique, 1985, nᵒ 3, p. 25‑38.
  • Trausch Gilbert, « La stratégie du faible : le Luxembourg pendant la Première Guerre mondiale (1914-1919) », Le rôle de la place des petits pays en Europe au XXe siècle, Baden-Baden, Nomos, 2005, p. 47‑176.
  • Trausch Gilbert, « Contributions à l'histoire sociale de la question du Luxembourg. 1914-1922 », Hémecht, 1974, nᵒ 1, p. 5‑118.
  • Sauer, Arnaud: "Écrire la guerre au Luxembourg : Le premier conflit mondial dans l'historiographie luxembourgeoise." Hémecht - Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 69 (2017), 3–4, S. 285–300.

Lëschte vun der Nationalbibliothéik

[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vun den honnert Joer Armistice (11. November 1918) huet d'Nationalbibliothéik eng Auswiel vu rezente Wierker iwwer verschidden Aspekter vun der Geschicht vum Éischte Weltkrich zesummegestallt. D'Theeme variéiere vun de Ursaachen, de laangfristege geopolitesche Folge fir Europa an d'Welt bis zu spezifeschen Theeme wéi d'Propaganda oder d'Bäitrag vun de chineeseschen Aarbechter op déi franséisch Krichsefforten. Déi ausgewielt Wierker goufen op Franséisch, Däitsch an Englesch publizéiert a spigelen déi ënnerschiddlech Standpunkten erëm, déi den Ament op dem Gebitt vun der historescher Fuerschung bestinn[6].

Commons: Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Schonn den Dag virdrun huet e klengt Kontigent vum 69 Infanterieregiment d'Ëlwenter Gare besat an d'Eisebunnslinn fir an d'Belsch ënnerbrach. Eng Stonn drop goufe se zeréckgepaff, mat der Erklärung, dat Ganzt wier just e Mëssel. ww1.lu: Occupation 1/5.
  2. Mettgenberg W., Luxemburg Juristisch-politische Kriegserinnerungen, Breslau, J.U. Kern, 1919.
  3. "Difficult Neutrality". Occupation 2/5. op ww1.lu.
  4. Bellion J., Luxemburger in der französischen Armee wärend des Ersten Weltkrieges, mémoire de master, Université du Luxembourg, 2012.
  5. Yves Staus: "Spurensuche. Luxemburger Soldaten im Ersten Weltkrieg." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.51/52, 19. Dezember 2014, S.23.
  6. Commémoration du centenaire de l'Armistice - Bibliographie sélective op bnl.lu den 9. November 2018, fir d'lescht gekuckt den 11. November 2018