Referendum vum 28. September 1919 iwwer de Statut vum Land

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Referendum vum 28. September 1919 iwwer de Statut vum Land war e Referendum zu Lëtzebuerg, dat zesumme mat deem iwwer eng Wirtschaftsunioun op deem Dag ofgehale goufen.

Nom Éischte Weltkrich hat d'Lëtzebuerger Land, dat an enger déiwer politesch-moralescher Kris war, et och nach mat glëschtegen Noperen ze dinn, déi sech de Lëtzebuerger Territoire - direkt oder indirekt - wollten uneegnen.

Innenpolitesch ass et am Fong drëm gaangen, ob d'Lëtzebuerger d'Monarchie wéilte bäibehalen oder léiwer eng Republik wéilten.

Bei der Dynastie stoung zur Auswiel, op d"i nei Groussherzogin Charlotte soll bäibehale ginn, eng aner aus hirer Dynastie an hir Plaz soll kommen, oder eng nei Dynastie un d'pëtzt vum land soll kommen.

Den 12. Mäerz 1919 huet d'Chamber mat 30 géint 20 Stëmme (d'Sozialisten an déi Liberal) beschloss, e Referendum iwwer déi zukënfteg Staatsform ofzehalen.

Resultat[änneren | Quelltext änneren]

Choix Stëmmen %
Fir d'Groussherzogin Charlotte 66,811 77.8
Fir d'Republik 16,885 19.7
Fir eng Monarchie ënner engemr anerer Groussherzogin 1,286 1.5
Fir eng Monarchie ënner enger anerer Dynastie 889 1.0
Ongëlteg/wäiss Zieldelen 5,113
Total 90,984 100
Zuel vun den agedroene Wieler/gëlteg Stëmmen 126,193 72.1
Quell: Nohlen & Stöver

80 Prozent vun de Lëtzebuerger stëmme fir d'Bäibehale vun der Dynastie ënner der Groussherzogin Charlotte, déi de 15. Januar 1919 op den Troun koum, nodeem hir Sëschter Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg ofgedankt hat.